Jugendhaus / Outreach

Jugendhaus / Outreach Moien, Bonjour, Ciao, Zdravo, Ola

Jugendhaus Diddeleng / Outreach

(NEW!!)

Eisen Jugendgaart bléit nei op🤩 Haut hunn mir vill nei Sorten Gemeis an Kréider ugeplantz, di mir am Summer kenne versch...
02/04/2024

Eisen Jugendgaart bléit nei op🤩 Haut hunn mir vill nei Sorten Gemeis an Kréider ugeplantz, di mir am Summer kenne verschaffen🥰🍅🍓🥒🥬🫑

De Méinden 11.12 geet  eise leschte Projet vum Joer un, de Jugendwanter. Dest Joer hu mir eis dozou entscheet, statt dem...
07/12/2023

De Méinden 11.12 geet eise leschte Projet vum Joer un, de Jugendwanter. Dest Joer hu mir eis dozou entscheet, statt dem Wantermaart, eng Talentshow ze organiséieren. zesumme mat de Kanner aus den Maison relais vun Diddeleng wäerten eis Jonk hier Talenter presentéieren. Domat di Show och schéin ausgesäit, hu mir di lescht Deeg, schonn Dekoratioun fir d’Bün preparéiert an opgebaut. Wann dir dat final Resultat wëllt gesinn, da kommt all nächsten donneschdes ab 16.30 op de chreschtmaart zu Diddeleng, mir géifen eis freeën. An och eisen Wäertebaam ass haut ferdeg gerescht ginn😁

Haut war vill lass am Jugendhaus. Mir hunn d'Haus dekoréiert, an eise wäertebeemchen opgeriicht🥰🫶Dëse gëtt am laf vun de...
04/12/2023

Haut war vill lass am Jugendhaus. Mir hunn d'Haus dekoréiert, an eise wäertebeemchen opgeriicht🥰🫶Dëse gëtt am laf vun der Woch mat de Wäerter di de jonke wichteg sinn, an di mir am Jugendhaus liewe,gerëscht. Ausserdeem waren d'Schüler vun der 4ième Commerce aus dem Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange bei eis, fir fir hier mini-Entreprise Käerzen ze produzéieren😁Wann dir méi wëllt doriwwer gewuer ginn, gitt op kucken (op instagram)💪👌

Haut sinn d'Maueren am Quartier Brill, di mir am cadre vun der KonschtWoch am Jugendsummer matgestalten duerften, offizi...
21/10/2023

Haut sinn d'Maueren am Quartier Brill, di mir am cadre vun der KonschtWoch am Jugendsummer matgestalten duerften, offiziell ageweit ginn. Mir wëllen un dëser stell nach emol villmools Merci un d'gemeng an hir servicer an de Fonds de Logement soen, fir d'Opportunitéit esou e Projet iwwerhaapt konnten ze realiséieren. Dann och e grousse Merci un de Buergermeeschter fir seng léif Wierder un eis jonk Artisten, dem Schäfferot a Gemengerot, dass dir laanscht komm sidd an eis esou e positive feed-back hannerlooss hutt. Dem Jo Malano a Mirco Castellano Merci fir di super Zesummenaarbecht, an dass dir eis op en neit op eng kreativ rees matgeholl hutt🎨An zu gudder lescht..Merci un Ensemble Quartiers Dudelangean un eis jonk, fir ären Engagement an d'Zesummenaarbecht, ouni iech wär et net machbar gewiergt, gären ëmmer erëm💪👍🩵

Un all jonk,di am Jugendsummer dobäi waren,un all di jonk di an d'jugendhaus kommen, an u jiddereen den interesséiert as...
20/10/2023

Un all jonk,di am Jugendsummer dobäi waren,un all di jonk di an d'jugendhaus kommen, an u jiddereen den interesséiert ass un eise Projet'en.Muer gëtt e besonnesche Projet vun eis offiziell vun der Gemeng ageweit (14.00 am Brill) ,a mir géifen eis immens freeë wann dir zu ganz vill ggéift laanscht kucke kommen. D'Maueren a Quartier Brill ,sinn dëse Summer vun engem Grupp Meedercher an Zesummenaarbecht mat de Kënschtler Jo Malano a Mirco Castellano ëmgestalt ginn. Mir soen jidderengem nachemol Merci, an geifen eis freeën iech muer, mat ären elteren, kollegen, asw…zu ganz vill kennen ze begeinen🥳🥳

Leschte Freiden hate mir eng grouss Iwwerraschung am Jugendhaus🥳Eis Jonk hunn en neie Billard an e Kicker krut.🤩E grouss...
02/10/2023

Leschte Freiden hate mir eng grouss Iwwerraschung am Jugendhaus🥳Eis Jonk hunn en neie Billard an e Kicker krut.🤩E grousse Merci un d' Membere vun der fréierer Diddelenger Jugendtreff asbl, di eist dëst erméiglecht hunn. Ee grousse Merci och un di fréier Membere vun der asbl, dass dir de Wee zu enger staarker oppener Jugendaarbecht, an Diddeleng esou mat gepräägt hutt!

Zousätzlech zu dësem Ulass, hunn eis jonk dann och nach selwer Burger mam Lenny gekacht🤩🍔

Hei ass eisen Plang fir den Mount Oktober😁🥳kommt an mëllt iech un😊
26/09/2023

Hei ass eisen Plang fir den Mount Oktober😁🥳kommt an mëllt iech un😊

Mir stellen eis vir!D'Equipe aus dem Jugendhaus Diddeleng besteet aktuell aus 4 encadrent'en. Mir sinn (den Ament) nach ...
20/09/2023

Mir stellen eis vir!

D'Equipe aus dem Jugendhaus Diddeleng besteet aktuell aus 4 encadrent'en. Mir sinn (den Ament) nach zu 3 Erzéier*innen, a sichen aktuell eng 4 Persoun (educateur/trice diplômé(e) di eis Equipe verstäerke kennt (falls dir Interesse hätt, bei eis ze schaffe fannt dir hei de link zur Kandidature:
https://app.skeeled.com/offer/6502d1b3a5eeb778edcb9838?utm_id=6200f605583cb3560a2b06e7&utm_medium=OFFERS_PORTAL&show_description=true. Zousätzlech ënnerstëtzt eis de Lenny, di nächst 3 Méint, an absolvéiert en service volontaire bei eis an der Equipe. Mir freeën eis op Zesummenaarbecht!

Adresse

2 Rue Du Parc
Dudelange
3542

Heures d'ouverture

Lundi 11:00 - 19:00
Mardi 14:00 - 19:00
Mercredi 11:00 - 19:00
Jeudi 11:00 - 19:00
Vendredi 11:00 - 19:00

Téléphone

+3525161216616

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jugendhaus / Outreach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Jugendhaus / Outreach:

Partager