LGS Duelem

LGS Duelem Biber 6(1t Schouljoer)-8 Joer
Wëllefcher 8-11 Joer
AvEx 11-14 Joer
CaraPio 14-17 Joer
RaRo 17-23 Joer Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen.

Wéi mir organiséiert sin:

Duelemer Guiden a Scouten gehéiren dem Verband vun den LGS

Bei den LGS ginn et Mederchersgruppen, Jongegruppen a gemëscht Gruppen. Et ginn am Land 65 LGS-Gruppen mat 5500 Mêmberen. Si gehéieren zu de Weltorganisatioune vun de Guiden a vun de Scouten. De Scoutissem/Guidissem as weltwäit dee gréisste Jugendmouvement. E gouf vum Lord Robert Baden-Powell gegrënnt. All Guide

n- a Scoutsgrupp huet Cheftainen a Chefen, déi op fräiwëlleger Basis mat dene Jonke schaffen. Vu 18 Joer un kann ee Chef resp. Cheftaine ginn, nodeems een eng – vum Staat unerkannte Formatioun – matgemaach huet. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn, nieft hiren traditionnellen Guide-/Scoutaktiviéiten, staark an der Entwecklungshëllef engagéiert. Projetën an deem Beraich geschéien an Zesummenaarbecht matt der agrééierter ONGD „Guiden a Scouten mat der 3. Welt“.

Mir hunn den Terrain prett. Equipen dei motiveiert sinn fir ennert speziellen Konditiounen 🌧️⛈️🌈☀️😎 e bessen ze Scoutsvo...
14/05/2026

Mir hunn den Terrain prett. Equipen dei motiveiert sinn fir ennert speziellen Konditiounen 🌧️⛈️🌈☀️😎 e bessen ze Scoutsvolleyball ze spillen dirfen gäeren kommen. Keng Participatioun!, prix de la combativité… e richtegen Tournoi, just for fun…

Et si genuch dreche Setzplatzen am Zelt!

🏐E Quiz ass net sou däint, mee sportlech bass du méi (oder manner) op der Héischt?😉 dann ass eisen traditionelle Volleyb...
28/04/2026

🏐E Quiz ass net sou däint, mee sportlech bass du méi (oder manner) op der Héischt?😉 dann ass eisen traditionelle Volleyballturnéier Donneschdes, den 14. Mee op Christi Himmelfahrt genee dat richtegt fir dech!

❓Nom risegen Erfolleg vum lëschte Joer ass natierlech och dëst Joer nees Mettwoches owes eisen Open-Air Quizowend "Quiz ...
24/04/2026

❓Nom risegen Erfolleg vum lëschte Joer ass natierlech och dëst Joer nees Mettwoches owes eisen Open-Air Quizowend "Quiz mam Klot"! Mellt Iech séier op [email protected] un, déi éischt si fir!😉

‼️Save the date!😃 Weider Infoen demnächst!
15/04/2026

‼️Save the date!😃 Weider Infoen demnächst!

24 Stonne a Beweegung fir de gudden Zweck - Merci de Participantë, dem Benevolat, de Partner an de Sponsoren
08/02/2026

24 Stonne a Beweegung fir de gudden Zweck - Merci de Participantë, dem Benevolat, de Partner an de Sponsoren

Solidaritéit, Frëndschaft a Bridderlechkeet. Wäerter, déi weltwäit am Kader vum sougenannten "Thinking Day" gefeiert ginn. En Dag am Februar, deen d’Grënner vum Scoutismus éiert.

Duelemer Guiden an Scouten wenschen iech fir daat neit Joër 2026 daat allerbescht. Bleift gesond an monter.🥳🥂🍾
01/01/2026

Duelemer Guiden an Scouten wenschen iech fir daat neit Joër 2026 daat allerbescht. Bleift gesond an monter.
🥳🥂🍾

Duelemer Guiden an Scouten wenschen iech an aeren Familljen en schéint an besënnlecht Chrëschtfest an en gudden Start an...
24/12/2025

Duelemer Guiden an Scouten wenschen iech an aeren Familljen en schéint an besënnlecht Chrëschtfest an en gudden Start an Joër 2026. 🎄🕯✨️🕯🎄

Chrëschtdag kënnt ëmmer mei no. Och dëst Joër hun mir eis et mat den Scouten net huelen geloos an d'Krëppchen an der Kie...
15/12/2025

Chrëschtdag kënnt ëmmer mei no. Och dëst Joër hun mir eis et mat den Scouten net huelen geloos an d'Krëppchen an der Kierch obgeriicht... 🎄✨️🕯

LGS goes Cinema - ëmmer bereet!Ab dem 17. Dezember an de Kinoen: Kierchbierg, Belval & Dikrech.Bei Sonn oder Reen, dat g...
12/12/2025

LGS goes Cinema - ëmmer bereet!
Ab dem 17. Dezember an de Kinoen: Kierchbierg, Belval & Dikrech.
Bei Sonn oder Reen, dat ganzt Joer ënnerwee – an de Rucksak voll mat onvergiessleche Momenter. Dat weise mir dem Grand Public ab dem 17. am Kino! 🍿✨

De 5. Dezember ass weltwäit den Dag vum Benevolat. 🫶 An all Situatioun a bei all Wieder sinn ons benevole, forméiert an ...
05/12/2025

De 5. Dezember ass weltwäit den Dag vum Benevolat. 🫶 An all Situatioun a bei all Wieder sinn ons benevole, forméiert an engagéiert Chef:tainen a Memberen am Asaz fir Jonker a Kanner onvergiesslech Momenter an a mat der Natur ze erméiglechen. Merci iech all!

Adresse

11 Peiteschbierg
Dalheim
5686

Heures d'ouverture

Mardi 19:00 - 21:00
Vendredi 20:00 - 23:45
Samedi 10:00 - 12:00
15:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LGS Duelem publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à LGS Duelem:

Partager