Landjugend Cliärref

Mir sinn fläisseg am Kachen fir eisen Kooperationsdag 🔥Dobäi leeë mir grousse Wäert drop, esou vill wéi méiglech lokal L...
03/10/2026

Mir sinn fläisseg am Kachen fir eisen Kooperationsdag 🔥

Dobäi leeë mir grousse Wäert drop, esou vill wéi méiglech lokal Liewensmëttel ze benotzen.

An deem Sënn wëlle mir eis ganz häerzlech bei all eise Baueren a lokale Produzenten bedanken, déi eis mat hire Produiten ënnerstëtzt a gesponsert hunn. 🙏

🥔 🥕Gromperen a Muerten krute mir vum Betrib Fischbach vun Äischer
🎃 Kürbissen vum Kiki vu Rued
🧅Ennen vum Betrib Siebenaller vun Huldang
🍄‍🟫Champignonen vum Betrib Rossler vu Knaphouschent
🥚 Eeër vum Betrib Krettels vu Boxer

E grousse Merci fir är Ënnerstëtzung an äre wäertvolle Bäitrag zu eisem Kooperationsdag! 💚

A mir freeën eis elo schonn drop, Iech muer eng lecker Kürbiszopp, Rëndfleesch mat Spätzlen a Geméis ze servéieren. 😋🍽️

A fir all déi ganz Spontan: Dir kënnt Iech nach bis den Owend # 20 Auer umellen fir z‘Iessen! 😊

Sonndes, den 4. Oktober han mer zu Wëntger eisen Kooperationsdag  🔥Et geet een leckeren Menü mat Wäin vam Fru 🍷Mellt eec...
09/09/2026

Sonndes, den 4. Oktober han mer zu Wëntger eisen Kooperationsdag 🔥

Et geet een leckeren Menü mat Wäin vam Fru 🍷

Mellt eech gäeren un iwwert den 621 422 976 ☺️

Merci an eis Sponsoren fir eis dat ze ermeiglechen 🥰

Een Sonndig woren mer den ganzen Dag um Gromperenfest hannert dem Grill aktiv 🍻🔥Et wor een gelongenen Dag 🥰
08/09/2026

Een Sonndig woren mer den ganzen Dag um Gromperenfest hannert dem Grill aktiv 🍻🔥

Et wor een gelongenen Dag 🥰

Ee Samsdig Owend woren mer eis Kulturrees op d‘Fouer man 🍻 Mer han eis gudd amuseiert ❤️
31/08/2026

Ee Samsdig Owend woren mer eis Kulturrees op d‘Fouer man 🍻

Mer han eis gudd amuseiert ❤️

Een Sonndig hatten mir eist Merci-Iesse vun eiser 2. Naatskavalkad gefeiert. 🥳Zesumme mat all deenen, déi um Dag selwer,...
14/07/2026

Een Sonndig hatten mir eist Merci-Iesse vun eiser 2. Naatskavalkad gefeiert. 🥳

Zesumme mat all deenen, déi um Dag selwer, an de Woche virdrun an och an den Deeg dono gehollef hunn, hu mir gegrillt an eis et gutt goe gelooss.

E grousse Merci un jiddereen, deen op déi eng oder aner Manéier dozou bäigedroen huet! ❤️

Mir freeën eis elo schonn op déi 3. Naatskavalkad nächst Joer zu Cliärref! 🎉

De Weekend woren mer zesumme mat den anere Landjugenden op der Foire. 🌭🔥 Vun moies bis owes gouf gegrillt – merci un jid...
06/07/2026

De Weekend woren mer zesumme mat den anere Landjugenden op der Foire. 🌭🔥 Vun moies bis owes gouf gegrillt – merci un jiddereen, deen dobäi war! ❤️

Gester woren mer um 50. Landjugenddag bei der Landjugend Diekrich 🤩 Trotz Reen, hatten mer vill Spass!!
15/05/2026

Gester woren mer um 50. Landjugenddag bei der Landjugend Diekrich 🤩 Trotz Reen, hatten mer vill Spass!!

Eisen Ofschloss van der Faasischt haten mir dëse Weekend zu Waasserbëlleg an zu Réimech. Eng schéin Zäit geet op en Enn ...
16/03/2026

Eisen Ofschloss van der Faasischt haten mir dëse Weekend zu Waasserbëlleg an zu Réimech. Eng schéin Zäit geet op en Enn ❤️

Merci un den Tim Theis, datt hen déi ganz Zäit eisen Chauffeur war, an un de Louis Diederich fir d’Musek.

Merci och un all déi Leit, bei deenen mir eise Won konnten ënnerstellen an drun schaffen konnten.

An e grousse Merci un de Verband fir d’Leinen vum Trakter.

Nächste Weekend start schonn dat nächst Event – verpasst net de Bauerenhaff an der Stad um Glacis, organiséiert vun der nationaler Landjugend.

Wat fir eng gelongen 2. Editioun vun der Cliärrwer Naatskavalkad! 🎉Ee grousse MERCI geet un all d’Visiteuren an un déi, ...
10/03/2026

Wat fir eng gelongen 2. Editioun vun der Cliärrwer Naatskavalkad! 🎉

Ee grousse MERCI geet un all d’Visiteuren an un déi, déi eis am leschte Joer op iergendeng Aart a Weis gehollef hunn. 🥰

Ee ganz besonnesche MERCI geet un déi, déi an der leschter Woch nach eemol Vollgas ginn hunn – an natierlech och un all eis Sponsoren, déi dëst Event matméiglech gemaach hunn! 🙌

Mir gratuléieren och nach eng Kéier eisen Gewënneren, déi duerch eng extern Jury bewäert goufen, déi näischt mam Veräin ze dinn hat.

Mir hoffen, et huet Iech gefall! ☺️

D’Fotoe vum Beitrag si ënner anerem vum Eldoradio. All Fotoe fannt dir op hirem Site. 📸

Et huet eis immens gefreet!

Är Landjugend Cliärref ❤️

03/03/2026

Freet der eech o sou op ern Samsdig?

Mer sen op alle Fall motivéiert🤩🤩

Adresse

Clervaux

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Landjugend Cliärref publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Landjugend Cliärref:

Raccourcis

Partager