12/10/2026
Et voilà nodems den Flieger 1,5 St Re**rd hat konnt ech nët ewei geplant bei den Stathis fueren,mee all Moment ass Zeit dei ech brauch an dofir sin ech mol gudd beim Iris um 19 Auer ukomm,wou ech Härzlech vum Leo,Stella, Ellie, Carlos, Robbie, Suger an anneren Frënn begreist gouf an mir dach schon en flott vertauten Gespreich hatten.
Dun koum Panagiota an mir sin mam Natacha, Dimitra an Stathis Iessen gaangen!!
An den lëschten Deeg hat ech alt nees puer Klicks krut wou ech eng Idee krut an dei natirlech wärten emgesat gin.
Dem Panagiota vun den Patengelder erzielt an menger Idee,vum nächsten Noutfallmupp, deen mat op Kanech kënnt , Kastratiounsprojets an wei mir dest nach kennen ausbesseren, dass Muppen no der Operatioun puer Deeg betreit gin.
Beim Stathis leeft jo den Projet 2.
Vill flott Ideen ausgetaucht an dun huet Panagiota gemengt dest missten mat der Gemeng ze schwätzen, ech dun ma dann froen mir si resp mir bestellen se an den Asyl an dun laacht hat an seet : „ ech kann dech nët uleien,den Responsabel vun den Muppen ass en Dënsden am Asyl“
Ma wonnerbar alt nees Zeit gespuert wann si bei mech kommen!!
Virun Joëren war Gespreich, dass den Asyl sollt zougemaach gin.
Elo hëscht et awer , dass desen bleift an Unzuel vun den Muppen sollt 80-85 sin, oh dann mussen mir jo nach bessi Gas gin an difir steet Kastreieren vun den Muppen weit Uewen op der TO Do Lëscht.
Voilà, dest war dann mol den Start an ab haut hescht Muppen besichen an Fotoen, Fotoen maachen, dass all dir dobaussen och gesidd, dass et all dei Muppen getan alles Transparent ass!!
Fro ass dann elo wat get gebraucht !!
Benevolats dei Hondserfahren sin fir dem Stathis seng verwëldert Muppen ze fänken, well dei mussen kastreiert gin!
An dann fir den neien Projet wou ech Iech nach wärd erzielen Geld.
Mol kucken op er am Moment en Noutfallmupp get, dest wees ech haut den Mëtten!
Welpenfuder brauchen mir elo direkt nët, dat ass eng gudd Saach.
Mee well Griechen wessen, dass den Asyl keng Muppen ophellt gin dei an Felder ausgesat an nët fonnt, dofir ass kastreieren immens wichteg, dass des arm kleng Wiirmercher guer nët meih op Welt kommen !!