Gemeng Bauschelt

Gemeng Bauschelt Administration communale de Boulaide

02/06/2026
28/05/2026
🇱🇺 Besuch vun der éisträichescher BotschafterinDe 15. Mee 2026 war déi éisträichesch Botschafterin zu Lëtzebuerg, d’Mada...
22/05/2026

🇱🇺 Besuch vun der éisträichescher Botschafterin
De 15. Mee 2026 war déi éisträichesch Botschafterin zu Lëtzebuerg, d’Madamm Dr. Karin Proidl, zesumme mat der Buergermeeschtesch vu Steinbach am Attersee, d’Madamm Nicole Eder, dem Buergermeeschter vun Nußdorf am Attersee, den Här Josef Mayrhauser, an dem Geschäftsführer vun der Regatta Attersee-Attergau, den Här Walter Schnauder, bei eis op der Gemeng zu Besuch.

No enger klenger Präsentatioun vun eiser Gemeng an der Visitt vun der immersiver Ausstellung « Our Common Heritage – Land of Memory » hu mir zesummen den Aussichtspunkt Tempelskamp zu Baschelt besicht. Hei huet eise Fierschter, den Här Jeannot Huijben op d’Wichtegkeet vun eise Bëscher an dem Drénkwaasserschutz an eiser Regioun higewisen an erkläert wat Defie vun haut a muer sinn.

Dono goung et zu Fouss rof bei de Stauséi wou mir op enger Tour mam Solarboot vum Naturpark Öewersauer weider interessant Informatioune gewuer gi sinn. D’Solarboot huet eis zum Schluss beim Waldentdeckungszentrum Burfelt raus gelooss, wou d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Esch-Sauer, d’Madamm Mireille Welter, eis häerzlech an Empfang geholl huet.

Zesumme krute mir mat verschiddene Beispiller erkläert, wéi wichteg de Bësch am Zesummenhang mam Reen, a virun allem mam Staarkreen, ass.

Zum Schluss duerften d’Buergermeeschter:innen deenen anere Gäscht eng Pizza maachen an den Dag goung bei flotte Gespréicher a geselleger Ronn op een Enn.

🇩🇪 Besuch der österreichischen Botschafterin
Am 15. Mai 2026 war die österreichische Botschafterin in Luxemburg, Frau Dr. Karin Proidl, gemeinsam mit der Bürgermeisterin von Steinbach am Attersee, Frau Nicole Eder, dem Bürgermeister von Nußdorf am Attersee, Herrn Josef Mayrhauser, und dem Geschäftsführer der Regatta Attersee-Attergau, Herrn Walter Schnauder, bei uns in der Gemeinde zu Besuch.

Nach einer kleinen Präsentation unserer Gemeinde und dem Besuch der immersiven Ausstellung „Our Common Heritage – Land of Memory“ haben wir gemeinsam den Aussichtspunkt Tempelskamp in Baschleiden besucht. Hier hat unser Förster, Herr Jeannot Huijben, auf die Bedeutung unserer Wälder und den Trinkwasserschutz in unserer Region hingewiesen und die Herausforderungen von heute und morgen erläutert.

Danach ging es zu FuĂź hinunter zum Stausee, wo wir auf einer Tour mit dem Solarboot des Naturparks Obersauer weitere interessante Informationen erfahren haben. Das Solarboot hat uns schlieĂźlich beim Waldentdeckungszentrum Burfelt abgesetzt, wo die BĂĽrgermeisterin der Gemeinde Esch-Sauer, Frau Mireille Welter, uns herzlich in Empfang genommen hat.

Gemeinsam bekamen wir anhand verschiedener Beispiele erklärt, wie wichtig der Wald im Zusammenhang mit Niederschlägen, und vor allem bei Starkregen, ist.

Zum Abschluss durften die Bürgermeister:innen den anderen Gästen eine Pizza backen, und der Tag ging bei netten Gesprächen in geselliger Runde zu Ende.

Österreichische Botschaft Luxemburg Nicole Eder Nußdorf am Attersee Walter Schnauder Administration de la nature et des forêts Centre nature et forêt Burfelt Gemeng Esch-Sauer Leader Éislek

🇱🇺 Oppassen! D'Collecte vun der groer Poubelle gëtt duerch de Feierdag e Méindeg, de 25. Mee 2026, op Samschdeg den 23. ...
20/05/2026

🇱🇺 Oppassen! D'Collecte vun der groer Poubelle gëtt duerch de Feierdag e Méindeg, de 25. Mee 2026, op Samschdeg den 23. Mee 2026 verluecht!

🇫🇷 Attention! La collecte de la poubelle grise est prévue pour samedi, le 23 mai 2026, suite au jour férié le lundi 25 mai 2026!

Adresse

3 Rue De La Mairie
Boulaide
9640

Heures d'ouverture

Lundi 14:00 - 17:00
Mardi 08:30 - 12:00
Mercredi 08:30 - 12:00
Jeudi 14:00 - 19:00
Vendredi 08:30 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Bauschelt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message Ă  Gemeng Bauschelt:

Partager