SIDEN Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de SIDEN, Organisation pour la préservation de l’environnement, Bleesbruck, Bettendorf.

Den Ofwaasserverband SIDEN (Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord) ass responsabel fir d’Ofleedung an d’Rengegung vum Ofwaasser aus senge 34 Membergemengen.💧

💧 Eist Waasser vu Muer – zesumme fir eng besser Zukunft! 🌱E grousse Merci un all d’Visiteuren, déi eis um Ëmweltdag zu I...
08/10/2026

💧 Eist Waasser vu Muer – zesumme fir eng besser Zukunft! 🌱

E grousse Merci un all d’Visiteuren, déi eis um Ëmweltdag zu Ierpeldeng-Sauer bei eisem gemeinsamen Info-Stand besicht hunn! 💙

Zesumme mat Watleeft.lu a mat der Gemeng Ierpeldeng-Sauer hate mir d’Geleeënheet, ënnert dem Motto „Eist Waasser vu Muer“ mat interesséierte Bierger – a dorënner ville Kanner – iwwer d’Theema Waasser, Ofwaasser an Ëmweltschutz ze schwätzen.

Et ass eis wichteg, schonn déi Jonk fir dës Themen ze sensibiliséieren an hinnen ze weisen, wat mat eisem Ofwaasser geschitt a firwat et esou wichteg ass, eis Gewässer ze schützen. 🌍💦

Mir freeën eis, e klengen Deel dozou bäizedroen, datt déi nächst Generatioun méi iwwer eise Waasserkreeslaf léiert an e Bewosstsinn fir den Ëmgang mat eiser wäertvoller Ressource entwéckelt.

Merci fir Ären Interessi, déi flott Gespréicher an déi vill spannend Froen! 💙

💧🌿 Muer si mir zesumme mam Watleeft.lu mat engem gemeinsame Stand zu Gemeng Ierpeldeng-Sauer op der Ëmweltfoire dobäi! 🙌...
06/10/2026

💧🌿 Muer si mir zesumme mam Watleeft.lu mat engem gemeinsame Stand zu Gemeng Ierpeldeng-Sauer op der Ëmweltfoire dobäi! 🙌

Kommt muer laanscht, léiert eis kennen a gitt méi gewuer iwwert d’Ofwaasser, seng Behandlung an de Schutz vun eise Gewässer. 💙

Mir freeën eis op Iech! 😊

💧 Visite um Site vum SIDEN zu BettenduerfE leschte Samschdeg hate mir d’Freed, d’Ëmweltkommissioun vun der Administratio...
29/09/2026

💧 Visite um Site vum SIDEN zu Bettenduerf

E leschte Samschdeg hate mir d’Freed, d’Ëmweltkommissioun vun der Administration communale de Bettendorf mat ronn 25 Leit op eisem Site zu Bettenduerf ze empfänken. 🙌

Am Kader vun der Visite hu mir fir d’éischt allgemeng Informatiounen iwwert de SIDEN a seng Aufgaben ginn. Duerno kruten d’Participanten eng Féierung duerch d’Anlag a konnten dobäi méi iwwert déi verschidde Schrëtt vun der Ofwaasserbehandlung an eis alldeeglech Aarbecht gewuer ginn. 💧🌿

E grousse Merci fir de Besuch an den interessanten Austausch! 🤝

👉 Dir wëllt de SIDEN och emol besichen?
Mir bidden Visite guidéeë fir Gruppe vun 15 Persounen un.

Méi Informatiounen:
www.siden.lu/visites-6602

De SIDEN ass op der Ettelbrécker Ëmweltfoire mat dobaï!Entdeckt, wéi Dir am Alldag eis Ëmwelt besser schütze, Ressourcë ...
23/09/2026

De SIDEN ass op der Ettelbrécker Ëmweltfoire mat dobaï!
Entdeckt, wéi Dir am Alldag eis Ëmwelt besser schütze, Ressourcë spueren an eis Natur erhalen kënnt.
Kommt laanscht a gitt méi gewuer iwwert de SIDEN, d’Ofwaasserbehandlung an de Schutz vun de Gewässer.

📅 Samsdes, den 12. September 2026
🕠 10:00 - 16:00 Auer
📍 Däichhal zu Ettelbréck

🇱🇺  📼 Bei der leschter Zäitrees vum Clea an d’80er Joren hu mir well gesinn, datt et d’Kläranlag Bleesbréck well 1963 go...
23/09/2026

🇱🇺 📼 Bei der leschter Zäitrees vum Clea an d’80er Joren hu mir well gesinn, datt et d’Kläranlag Bleesbréck well 1963 gouf. Haut huele mir d’Entwécklung vun dëser Kläranlag e bëssi méi genau ënnert d’Lupp. 🔍

Ursprénglech war d’Anlag fir d’biologesch Behandlung vum Ofwaasser vun Dikrech an Ettelbréck ausgeluecht, mat enger Kapazitéit vun 62.100 Awunnergläichwäerter. Haut gëtt si vum 1994 gegrënnte SIDEN bedriwwen a kann d’Ofwaasser vu bis zu 130.000 Awunnergläichwäerter behandelen.

Iwwer d’Joren huet sech natierlech villes gedoen: D’Technik huet sech weiderentwéckelt, d’Anlag gouf moderniséiert an och d’Gebaier hu sech verännert. 🔧🏗️

An och d’Ofwaasserbehandlung bleift net stoen: Nei Ufuerderungen an nei Technologië suergen dofir, datt Kläranlagen ëmmer weiderentwéckelt ginn. 💧

📸 Swipt duerch eis Fotoen a kommt mat op eng kleng Rees duerch d’Geschicht vun der Kläranlag Bleesbréck

_____________________________________

🇫🇷 📼 Lors du dernier voyage de Clea dans les années 80, nous avons déjà vu que la station d’épuration de Bleesbruck existait depuis 1963. Aujourd’hui, nous nous intéressons d’un peu plus près à son évolution. 🔍

À l’origine, la station avait été conçue pour le traitement biologique des eaux usées de Diekirch et d’Ettelbruck, avec une capacité de 62 100 équivalents-habitants. Aujourd’hui, elle est exploitée par le SIDEN, fondé en 1994, et peut traiter les eaux usées de jusqu’à 130 000 équivalents-habitants.

Au fil des années, beaucoup de choses ont bien sûr changé : les technologies ont évolué, la station a été modernisée et les bâtiments se sont eux aussi transformés. 🔧🏗️

Et le traitement des eaux usées continue d’évoluer : de nouvelles exigences et de nouvelles technologies font que les stations d’épuration sont constamment adaptées et modernisées. 💧

📸 Faites défiler nos photos et accompagnez-nous pour un petit voyage à travers l’histoire de la station d’épuration de Bleesbruck.

̈tzebuerg

💧 Amortissement beim SIDEN – gemeinsam an der Zukunft schaffenAm Mäerz a Juli 2026 hu sech ronn 10 Vertrieder aus eisem ...
21/09/2026

💧 Amortissement beim SIDEN – gemeinsam an der Zukunft schaffen

Am Mäerz a Juli 2026 hu sech ronn 10 Vertrieder aus eisem Comité an zwee Aarbechtsgruppen zesummegesat, fir sech mam Thema Amortissement beim SIDEN auserneenzesetzen.

D’Resultater vun dësen Aarbechtssëtzungen goufen elo all eise Membersgemengen an enger Presentatioun zu Nidderfeelen virgestallt. Dobäi goufen ënner anerem folgend Theme beliicht:

🔹 Definitioun a Fonctionnement vum Amortissement
🔹 Historique beim SIDEN
🔹 Entwécklung vum Patrimoine
🔹 Besoin un Amortissement fir zukünfteg Moderniséierungen
🔹 Impakt op d’Budgete vum SIDEN a vun de Membersgemengen
🔹 Proposen fir déi zukünfteg Ausriichtung

D’Zil: d’finanziell Basis fir déi néideg Moderniséierungen an Investitiounen an den nächste Joren ze sécheren.

Laut den aktuellen Héichrechnunge soll den Amortissement beim SIDEN vun aktuell knapp 5 Milliounen € op iwwer 17 Milliounen € pro Joer klammen. Gläichzäiteg kéint de Gesamtpatrimoine vum SIDEN bis op ronn 1,35 Milliarden € wuessen.

Déi geplangten Ännerunge sollen no der Entscheedung am Comité ab Januar 2027 an enger Iwwergangsphas ëmgesat ginn.

💧 Eng wichteg Etapp, fir de SIDEN och finanziell op déi zukünfteg Erausfuerderungen virzebereeden.

💧🌿 Muer si mir zesumme mam Watleeft.lu mat engem gemeinsame Stand op der Ettelbrécker Ëmweltfoire dobäi! 🙌Kommt muer laa...
11/09/2026

💧🌿 Muer si mir zesumme mam Watleeft.lu mat engem gemeinsame Stand op der Ettelbrécker Ëmweltfoire dobäi! 🙌

Kommt muer laanscht, léiert eis kennen a gitt méi gewuer iwwert d’Ofwaasser, seng Behandlung an de Schutz vun eise Gewässer. 💙

Mir freeën eis op Iech! 😊

Adresse

Bleesbruck
Bettendorf
L-9359

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SIDEN publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager