05/10/2026
Oldies but goldies!
Hei hu mir en MAN SL200 vun der Firma Henri Sales-Lentz vu Käerjeng (Bascharage).
D'Szeene spillt zu Bartreng op der deemoleger RGTR/AVL coordonné Linn 11.
Deemools an den 80er hat de Sales vill dëser MAN SL200 (bzw SÜ240).
Op den RGTR Linne sinn se nëmme mat Pancarten (Schëlder mam Ziel) an der Frontfenster gefuer an se hate keen Zielfilm.
Just op de coordonné Linnen hunn d'Bussen déi fir den AVL gefuer sinn all Zielfilmer vum AVL zur Verfügung gestallt kritt, an se goufen och mam AVL Funk equipéiert. Dat gesäit een hei un der "Streckeisen-Antenn" (eng Excaliber VHF Antenn vun der Firma Sinclair) um Daach an um sëlwerege Mikro vun der Firma Peiker. Déi robust Antennen gin haut awer nach op de Bussen verbaut an sin just vir d'Ampelsteierung um
Boulevard Royal geduercht.
Dëse Bus gouf den 13.09.1983 ugemellt, hat d'VIN WMA1924339B000929 an hat den typesche Sales Design (Beige, gréng a rout).