06/10/2026
++ Rauchmelder rette Liewen ++
Haut virun 12 Joer hate mir als CIBETT eis Kampagne „Waard net bis et ze spéit ass - Rauchmelder rette liewen“ lancéiert.
Och 12 Joer méi spéit hëllefen dës kleng Geräter, iech fréizäiteg virun engem Brand ze warnen an iech esou d‘Chance ze ginn, iech an är léifsten nach a Sécherheet ze bréngen.
Am Kader vun de nationale Resilienz-Deeg wëlle mir dofir nach eng Kéier dës Kampagne deelen a fir d‘Benotze vu Rauchmelder sensibiliséieren. Dës sinn hautesdags iwwregens obligatoresch.
Weider Infoen kritt dir op www.rauchmelder.lu
Bettembourg