22/09/2026
🇱🇺 Europäeschen Dag vun der Psychomotorik – A wa Beweegung ee vun de Schlëssele fir d’Léiere wier? 🤸
Scho ganz fréi entdecken d’Kanner d’Welt, andeems si spillen, sech beweegen, op Entdeckungsrees ginn a mat aneren interagéieren. Dës Erfarunge si wichteg, fir hir Motorik, Opmierksamkeet, Konzentratioun, Selbstregulatioun a sozio-emotional Kompetenzen ze entwéckelen.
An der Schoul dréit d’Psychomotorik dozou bäi, e Léierëmfeld ze schafen, an deem all Schüler säi Potenzial entfale kann an am eegene Rhythmus Fortschrëtter mécht, fir erfollegräich ze léieren.
Beweegung, Spill, Interaktiounen an Entdeckung ze fërderen heescht, all Kand déi bescht Viraussetzunge mat op de Wee ze ginn, fir ze léieren, sech ze entfalen an ze wuessen.
🇫🇷 Journée européenne de la psychomotricité – et si le mouvement était l’une des clés de l’apprentissage ? 🤸
Dès le plus jeune âge, les enfants découvrent le monde en jouant, en bougeant, en explorant et en interagissant avec les autres. Ces expériences sont essentielles au développement de leur motricité, de leur attention, de leur concentration, de leur autorégulation et de leurs compétences socio-émotionnelles.
À l’école, la psychomotricité contribue à créer un environnement d’apprentissage dans lequel chaque élève peut développer son potentiel et progresser à son rythme, dans des conditions favorables à sa réussite.
Favoriser le mouvement, le jeu, les interactions et l’exploration, c’est offrir à chaque enfant les meilleures conditions pour apprendre, s’épanouir et grandir.