Solina Jongenheem asbl

Solina Jongenheem asbl endurance, sociabilité,...)

• d'acquérir des connaissances professionnelles de base.

• d'approfondir ses potentialités.

Solina Jongenheem asbl ass en Zentrum fir sozioprofessionell Integratioun vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen ouni Qualifikatioun, déi Ënnerstëtzung bei hire beruffleche Projete brauchen. Ateliers de mise au travail ayant pour but:

• d'offrir une activité professionnelle transitoire permettant de prendre pied dans la vie active et dans le monde du travail, premier pas vers une stabilisation.

• de donner l'opportunité de s'adapter au monde du travail et aux exigences qui en découlent (ponctualité, régularité, discipline, rythme, concentration. Accompagnement d'une équipe socio-éducative qui aidera à:

• faire un bilan de la situation globale de la personne (sociale, professionnelle)

• Rechercher des solutions aux difficultés ciblées

• Collecte de vêtements avec l'aide de www.kolping.lu et "upcycling" éventuel.

🇱🇺 📚 Gitt äre Bicher en zweet Liewen! 📚Mir riichte grad e klenge Lieseck fir eis Schüler an a brauchen dofir Är Ënnerstë...
09/10/2026

🇱🇺 📚 Gitt äre Bicher en zweet Liewen! 📚
Mir riichte grad e klenge Lieseck fir eis Schüler an a brauchen dofir Är Ënnerstëtzung. Hutt Dir Bicher a guddem Zoustand doheem, déi net méi gelies ginn? Da schenkt hinnen en zweet Liewen!
Mir sichen: 📖 Romaner (Thriller, Fantasy, Romance, asw.)
🎨 Mangaen & BDen
🌍 Dokumentatiounen a rezent Zäitschrëften
D'Bicher kënnen op Franséisch, Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Portugisesch sinn.
💚 Mat Ärem Don hëlleft Dir eise Schüler, flott Momenter vu Rou, Entspanung a Fantasie ze erliewen.
Villmools Merci fir Är Generositéit! 🙏

🇫🇷 📚 Offrez une seconde vie à vos livres ! 📚
Nous sommes en train d’aménager un petit coin lecture pour nos élèves et avons besoin de votre soutien. Vous avez des livres en bon état qui ne sont plus lus ? Donnez-leur une seconde vie !
Nous recherchons :
📖 Des romans (thrillers, fantasy, romance, etc.)
🎨 Des mangas et bandes dessinées
🌍 Des documentaires et des magazines récents
Les livres peuvent être en français, anglais, allemand, luxembourgeois ou portugais.
💚 Grâce à votre don, vous permettrez à nos élèves de profiter de précieux moments de détente, d’évasion et d’imagination.
Un grand merci pour votre générosité ! 🙏📚

🇱🇺 Schoulufank fir d’Klass Reconnect am CISP Solina Jongenheem asbl!🎉📖Mat vill Begeeschterung hu mir haut d'Schülerinnen...
18/09/2026

🇱🇺 Schoulufank fir d’Klass Reconnect am CISP Solina Jongenheem asbl!🎉📖

Mat vill Begeeschterung hu mir haut d'Schülerinnen a Schüler vun der Klass Reconnect am CISP Solina Jongenheem asbl begréisst.

Dat ganzt pedagogescht Team an d'Direktioun waren do, fir hinnen häerzlech wëllkomm ze soen an hinnen e sécheren a berouegende Kader fir dëst neit Schouljoer ze bidden. Dëse Schoulufank steet am Zeeche vu Vertrauen, Léieren an neie Projeten, déi mir zesumme wäerten opbauen.

Mat Hëllef vum Enseignement explicite, enger kompetenzorientéierter Approche an enger Projetspädagogik bidden mir eng Begleedung, déi un d'Besoine vun all Schüler ugepasst ass. Eist Haaptzil ass et, datt si nees Vertrauen an sech selwer gewannen, de Sënn vum Léieren erëmfannen an hir Zukunft mat Rou an Zuversiicht kënnen ugoen. Mir stinn hinnen dobäi während dem ganze Schouljoer zur Säit.

Mir wënschen all eise Schüler e Schouljoer voller Entdeckungen, Engagement a schéine Succèsser!🍀

🇫🇷 Rentrée pour la classe Reconnect au CISP Solina Jongenheem asbl !🎉📖

C'est avec beaucoup d'enthousiasme que nous avons accueilli aujourd'hui les élèves de la classe Reconnect au CISP Solina Jongenheem asbl.

Toute l'équipe pédagogique et la direction étaient présentes pour leur souhaiter la bienvenue et leur offrir un cadre rassurant pour démarrer cette nouvelle année. Une rentrée placée sous le signe de la confiance, de l'apprentissage et de nouveaux projets à construire ensemble.

Grâce à un enseignement explicite, une approche par compétences et une pédagogie de projet, nous offrons un accompagnement adapté aux besoins de chaque jeune. Notre objectif avant tout ? Leur permettre de reprendre confiance en eux, de retrouver du sens dans leurs apprentissages et d’envisager l’avenir avec sérénité. Nous serons à leurs côtés à chaque étape de cette année.

Nous souhaitons à tous nos élèves une année riche en découvertes, en engagement et en réussites !🍀

🇱🇺 Neit Schouljoer, nei Etapp fir de CISP Solina Jongenheem asblDëst Joer markéiert en neie Meilesteen: Eis Schüler aus ...
15/09/2026

🇱🇺 Neit Schouljoer, nei Etapp fir de CISP Solina Jongenheem asbl

Dëst Joer markéiert en neie Meilesteen: Eis Schüler aus de Relance-Klasse starten dat neit Schouljoer an engem neie Gebai, dat speziell fir si virgesinn ass, wat op der 177, rue du Luxembourg ze fannen ass. E Gebai, dat genee op hir Besoinen ofgestëmmt ass an hire Parcours ënnerstëtzt, dee meeschtens op de Retour an de reguläre Lycée (an d'Klassen 7e, 6e a 5e) oder op eng berufflech Ausbildung nom Alter vu 16 Joer ausgeriicht ass.

D’Reconnect-Klassen behalen hir gewinnte Referenzpunkten an engem deels renovéiertem Kader: D‘Schüler hunn hir Atelieren an hir Coursen aus dem Enseignement formel weiderhinn am Gebai 19, rue de l’Industrie, wou si weider un hire schouleschen a beruffleche Projet schaffen.

Béid Standuerter sinn zu Bartreng a leie ganz no beieneen. Dat fërdert d'Synergien an d'Zesummenaarbecht tëscht den Ekippen an de Projeten.

Och op der Säit vun den Ateliere gëtt et Neiegkeeten: D’Ateliere Coiffure, Wëssenschaft a Technologie an Sportcoaching ergänzen dëst Joer eis Offer. Si komplettéieren eis etabléiert pedagogesch a beruffsvirbereedend Atelieren, déi mer schonn haten: Schräinerei, Buanderie, Couture & Upcycling, Digitaliséierung, Mécanicien Cycle, Esthétique, Restauratioun & Pâtisserie a Kreativ.

Fir dës Dynamik ze begleeden an d’Léierméiglechkeete fir eis Jugendlecher nach weider ze beräicheren, freeë mir eis och, nei Enseignante vum MENJE an eisem Team begréissen ze kënnen.
Zwee Standuerter, nei Gesiichter, zwou Etappen um selwechte Wee, awer nëmmen eng Philosophie: déi vu Solina, „Mënsche staark maachen“.💪

All Schüler kritt eng individuell Begleedung duerch eng multidisziplinär Equipe, zesummegesat aus Direktioun, Enseignanten, Educateuren, Beruffsformateuren, Pedagogen an engem Aarbechtspsycholog. D’Zil ass et, neit Vertrauen opzebauen, Kompetenzen z’entwéckelen an dem perséinleche Projet konkret Form ze ginn.

🇫🇷 Nouvelle rentrée, nouvelle étape pour le CISP Solina Jongenheem asbl

Cette année marque un vrai tournant : nos élèves des classes Relance font la rentrée dans un nouveau Bâtiment qui leur est dédié, situé au 177 rue du Luxembourg. Un espace pensé pour eux, à la mesure de leur parcours orienté majoritairement vers le retour au lycée ordinaire en classes de 7/6/5 ou en formation professionnelle après 16 ans.

Les classes Reconnect, elles, gardent leurs repères dans un bâtiment fraîchement redécoré : les jeunes retrouvent leurs ateliers et leurs leçons d'enseignement formel dans le bâtiment du 19, rue de l'Industrie, où ils poursuivent la construction de leur projet scolaire et professionnel.

Situés à Bertrange, les deux sites bénéficient d'une grande proximité, ce qui favorise les synergies et les collaborations. Du côté des ateliers aussi, ça bouge : l’atelier Coiffure, l’atelier Sciences et Technologie, le Coaching Sportif rejoignent notre offre cette année, aux côtés de nos ateliers pédagogiques et professionnalisants – Menuiserie, Buanderie, Couture/Upcycling, Digitalisation, Mécanicien cycle, Esthétique, Restauration/Pâtisserie, Créatif.

Pour accompagner cette dynamique et enrichir l'apprentissage de nos jeunes, nous avons également le plaisir d'accueillir de nouveaux enseignants du MENJE au sein de notre équipe !

Deux sites, de nouveaux visages, deux étapes d'un même chemin - mais une seule philosophie : celle de Solina, « Mënsche Staark Maachen ». 💪

Chaque élève avance avec un accompagnement individualisé, porté par une équipe pluridisciplinaire (direction, enseignants, éducateurs, formateurs métiers, pédagogues, psychologue du travail), pour reprendre confiance, développer ses compétences et donner corps à son projet.

Mir sichen:Nous cherchons:- 1 technicien de surface (m/f/d) 40 heures/semaine -CDIVerstäerkt eis Ekipp💪Rejoignez notre é...
02/09/2026

Mir sichen:
Nous cherchons:
- 1 technicien de surface (m/f/d) 40 heures/semaine -CDI
Verstäerkt eis Ekipp💪
Rejoignez notre équipe💪

🇱🇺 Gutt Resultater sollen och belount ginn!👏Als Ofschloss vun dësem Schouljoer, an deem eis Schüler vill geléiert hunn, ...
22/07/2026

🇱🇺 Gutt Resultater sollen och belount ginn!👏
Als Ofschloss vun dësem Schouljoer, an deem eis Schüler vill geléiert hunn, sech weiderentwéckelt hunn an wichteg Erfarunge fir hiert Liewe gesammelt hunn, hate mir d'Geleeënheet, en aussergewéinlechen Dag bei SENSAS Metz ze verbréngen.

Am Laf vum Joer hunn si mat vill Engagement un de verschiddene Moduler an den Atelier an am Enseignement geschafft . Dobäi konnten si net nëmmen nei Wëssen a Kompetenze sammelen, mee och hir Selbststännegkeet, hiert Verantwortungsgefill an hir sozial Kompetenze stäerken. Duerch hir Motivatioun, hir Ausdauer an hir positiv Entwécklung hunn si wichteg Schrëtt fir hir perséinlech Zukunft, hir Weiderbildung an hiren Zougang zur Beruffswelt gemaach.

Dës Sortie war eng flott Geleeënheet, fir déi geleeschten Efforten an déi gutt Resultater ze honoréieren. Um Programm stoungen iwwerraschend sensoresch Erliefnesser, Erausfuerderungen am Team ze meeschteren, vill Laachen a flott Momenter vun Zesummenhalt. Jidderee konnt iwwert sech erauswuessen, sech géigesäiteg ënnerstëtzen an eng eenzegaarteg Aventure an enger frëndlecher a wäertschätzender Atmosphär erliewen.

Fir dëse schéinen Dag ofzeronnen, gouf et e leckere Buffet, wou jidderee säi Liblingsiesse genéisse konnt an dëse gemittleche Moment zesumme voll auskoste konnt.

Eng wonnerbar Manéier, d'Schouljoer ofzeschléissen an déi vill Efforten, Léierfortschrëtter a Succèse vun eise Schüler ze feieren!

Mir gratuléieren all eise Schüler häerzlech zu hirem Engagement an de Fortschrëtter, déi si am Laf vum Joer gemaach hunn, a wënschen hinne schéin a wuelverdéngte Summervakanz. ☀️😎

🇫🇷 Quand il y a de bons résultats, il y a aussi des récompenses !👏
Pour célébrer la fin de cette année scolaire riche en apprentissages, en progrès, en défis relevés et en réussites, nos élèves ont eu la chance de profiter d'une journée exceptionnelle à SENSAS Metz.
Tout au long de l'année, ils se sont investis avec sérieux dans les différents modules de formation. Grâce à leur motivation, leur persévérance et leur implication, ils ont développé de nouvelles compétences, renforcé leur autonomie et franchi des étapes importantes dans leur parcours d'apprentissage et d'accès à la formation ainsi qu'au monde professionnel.

Cette sortie était l'occasion de valoriser ces efforts et de récompenser les beaux résultats obtenus. Au programme : des expériences sensorielles surprenantes, des défis à relever en équipe, beaucoup de rires et de beaux moments de complicité. Chacun a pu se dépasser, faire preuve d'entraide et mettre en pratique des qualités essentielles telles que la communication, la coopération et l'esprit d'équipe.

Pour clôturer cette journée en beauté, nous nous sommes retrouvés autour d'un buffet à volonté, où chacun a pu savourer le repas de son choix et profiter pleinement d'un agréable moment de détente et de partage.

Une magnifique façon de terminer l'année scolaire et de repartir avec de merveilleux souvenirs plein la tête !

Nous félicitons chaleureusement tous nos élèves pour leur engagement et les progrès accomplis tout au long de l'année, et leur souhaitons de très belles vacances d'été, bien méritées. ☀️😎

🇱🇺 Réckbléck op eisen Olympiaden-Dag am CISP Solina Jongenheem ASBL! ☀️🏆Sport, Zesummenhalt a gutt Stëmmung stoungen dës...
17/07/2026

🇱🇺 Réckbléck op eisen Olympiaden-Dag am CISP Solina Jongenheem ASBL! ☀️🏆

Sport, Zesummenhalt a gutt Stëmmung stoungen dësen Dag zu Stroossen am Mëttelpunkt!

Eis 6 Ekippe, vun A bis F, hunn sech mat vill Motivatioun a Fairplay bei de Futtball- ⚽ a Volleyballsmatcher 🏐 gemooss.

No engem verdéngte Picknick fir nei Energie ze tanken, goung et nomëttes weider mat engem Badminton-Turnéier, engem nordesche Keelespill, a Pétanque. Och d'Frënn vu Gesellschaftsspiller koumen op hir Käschte mat spannende Partie vun Uno, Crack List, Hitster oder Rocket! 😂🃏🎲

👏 Hannert dësem gelongenen Dag stécht eng immens flott Teamaarbecht: d'Organisatioun vum Iessen, den Transport vum Material, d'Betreiung vun de sportlechen Aktivitéiten an de Gesellschaftsspiller. Jiddereen huet säin Deel dozou bäigedroen, fir dësen Dag zu engem richtege Succès ze maachen!

✨ E coole Sidefact : Fir den Teamgeescht nach méi ze stäerken, hunn d'Jugendlech an d'Erwuessener eenzegaarteg T-Shirte presentéiert. Dës goufen zesummen individualiséiert mat personaliséierte Stempelen, déi mir direkt mat eisem 3D-Drucker hiergestallt hunn!

👏 E grousse Bravo un all d'Participanten fir hire flotten Asaz, hir gutt Laun an hire staarken Teamgeescht!

🇫🇷 Retour sur notre journée d'Olympiades au CISP Solina Jongenheem ASBL ! ☀️🏆

Le sport, le partage et surtout la cohésion étaient au rendez-vous à Strassen !

Nos six équipes, de A à F, se sont affrontées dans une ambiance conviviale lors des matchs de football ⚽ et des matchs de volleyball 🏐.

Après un pique-nique bien mérité pour reprendre des forces, l'après-midi a laissé place à des tournois de badminton, au jeu de quilles, au Mölkky nordique et à la pétanque. Les amateurs de jeux de société n'étaient pas en reste avec des parties endiablées de Uno, Crack List, Hitster ou encore Rocket ! 😂🃏🎲

👏 Derrière cette belle réussite se cache une formidable dynamique d'équipe : organisation du repas, transport du matériel, animation des activités sportives et des jeux de société... Chacun a contribué à faire de cette journée un véritable succès !

✨ Le petit plus de cette édition 2026 ? Pour renforcer encore davantage l'esprit d'équipe, élèves et adultes ont porté des t-shirts uniques, personnalisés ensemble grâce à des tampons sur mesure fabriqués directement à l'aide de notre imprimante 3D !

👏 Bravo à toutes et à tous pour votre enthousiasme, votre bonne humeur et votre magnifique esprit d'équipe !

🇱🇺 Mir feieren en erfollegräicht Joer mat ville Succèsen am CISP Solina Jongenheem asbl !Fir de Wee ze feieren, deen all...
16/07/2026

🇱🇺 Mir feieren en erfollegräicht Joer mat ville Succèsen am CISP Solina Jongenheem asbl !

Fir de Wee ze feieren, deen all Eenzelnen an dësem flotte Schouljoer mat senge villen Erausfuerderungen zeréckgeluecht huet, hu mir e besonnesche Moment organiséiert, fir d'Leeschtungen an d'Erfolleger vun eise Schüler an de Mëttelpunkt ze stellen.

Dëse schéine Moment huet eis och d'Geleeënheet ginn, op déi vill Highlights vun eisem Schouljoer zeréckzekucken.
Dorënner war de Trounwiessel, wärend deem mir e ganz besonnesche Grond haten, houfreg ze sinn: Ee vun eise Schüler krut déi grouss Éier, e Bréif vum neie Groussherzog Guillaume ze kréien, nodeems hien am Kader vum Bitzatelier eng Kroun ugefäerdegt hat, déi fir de Groussherzog bestëmmt war. Eng Erënnerung, déi sécher nach laang an eise Käpp bleift an elo agerummt an eisem Hall hänkt.

Eis Directrice huet personaliséiert Zertifikater iwwerreecht a fir all Schüler e puer Wierder fonnt, fir säi Parcours, seng Efforten a seng Erfolleger ervirzehiewen.
• Verschiddener preparéieren sech elo drop, eis ze verloossen, fir eng Beruffsausbildung unzefänken, anerer wäerten hire Wee op engem méi héijen Niveau bei eis weidergoen.
• Vill Schüler hu wichteg Moduller ofgeschloss, entscheedend Tester fir hiren Zukunftsprojet gepackt oder sech duerch hiren Asaz, besonnesch wärend de Stagen, ervirgedoen.

👏 E grousse Bravo un all eis Schüler fir hir Aarbecht, hir Ausdauer an hir Entwécklung am Laf vun dësem Schouljoer.
Mir sinn houfreg op jiddereen a ganz besonnesch op déi, déi elo nei Weeër aginn a sech op nei Erausfuerderunge freeën!

🌭 Fir dës flott Feier ofzeronnen, huet d'Ekipp vun der Kichen eis mat engem leckere Barbecue verwinnt, dee mir an enger frëndlecher a festlecher Atmosphär zesumme genoss hunn.

☀️ Merci un d'Schüler, d'Familljen, d'Tuteuren an eis Stagepartner fir hiert Vertrauen an hiren Engagement. Mir wënschen Iech all eng schéi Summervakanz!

🇫🇷 Célébrations des réussites après les conseils de classe de cette année scolaire au CISP Solina Jongenheem asbl !

Afin de célébrer le chemin parcouru par chacun en cette belle année scolaire pleine de défis relevés, nous avons organisé un temps fort consacré à la valorisation des réussites de nos élèves.

Ce moment privilégié nous a également permis de nous remémorer les nombreux temps forts qui ont marqué notre année scolaire.
Parmi eux, le Trounwiessel, durant lequel nous avons vécu une grande fierté : l'un de nos élèves a eu l'immense honneur de recevoir un courrier du nouveau Grand-Duc Guillaume après avoir confectionné, dans le cadre de l'atelier couture, une couronne qui lui était destinée. Un souvenir qui restera gravé dans les mémoires et encadré dans notre hall principal !

Notre directrice a remis des certificats personnalisés et adressé quelques mots à chaque élève pour souligner son parcours, ses efforts et ses réussites.
• Certains s'apprêtent à nous quitter pour rejoindre une formation professionnelle, d'autres poursuivront leur parcours au niveau supérieur avec nous.
• Plusieurs ont validé des modules importants, réussi des tests décisifs pour leur projet d'avenir ou se sont distingués par leur engagement, notamment en stage.

👏 Félicitations à l'ensemble de nos élèves pour leur travail, leur persévérance et leur évolution tout au long de cette année.
Nous sommes fiers de chacun d'entre eux et particulièrement de ceux qui s’envolent vers de nouveaux horizons !
🌭 Pour clôturer cette belle célébration, l'équipe de l'atelier cuisine nous a régalés avec un délicieux barbecue, partagé dans une ambiance conviviale et festive.

Merci aux élèves, aux familles, aux tuteurs et aux partenaires de stage pour leur confiance et leur engagement. ☀️

🇱🇺 E gelongenen Ofschloss, ier d’Vakanz start. Genee dat war de Sënn vun eiser Routine vum 22. Mee! ☀️Dësen Dag war fir ...
27/05/2026

🇱🇺 E gelongenen Ofschloss, ier d’Vakanz start. Genee dat war de Sënn vun eiser Routine vum 22. Mee! ☀️

Dësen Dag war fir eis Schüler eng flott Geleeënheet, fir d’Wëssen an d’Kompetenzen, déi si an deene leschte Woche geléiert hunn, ëmzesetzen an ze valoriséieren. Mat verschiddenen Atelieren konnte si Theorie, Praxis a Reflexioun matenee verbannen:

• Schräinerei – Shaper – Molerei / Couture – Flocage: Kreatioun a Personaliséierung vun Trikoten am Kader vun der Fussball-Weltmeeschterschaft. 👕
• Kichen – sensorescht Schmaachen: Eng kulinaresch Rees duerch Gewierzer a Saveure vun der ganzer Welt (mat Erkennung vun Texturen, Gerécher a Länner op enger Kaart, asw.). 🌶️
• Brietspiller: Associatiouns- a Reflexiouns-Challenge fir geographesch, sproochlech a kulturell Kenntnisser op d’Prouf ze stellen.🎲

D’Friichte vun eiser „Routine“ weisen sech och an de mënschleche Bezéiungen. Encadranten (Formateuren, Educateuren an Enseignanten) a Schüler hunn déi selwecht Aktivitéiten zesumme gemaach – Säit u Säit. Dëse Prinzip vum „zesumme maachen“ valoriséiert d’Initiative vun de Jonken (e puer hunn sech aktiv un der Virbereedung bedeelegt) a stäerkt de Zesummenhalt vun eiser Gemeinschaft op eng ganz flott Aart a Weis.👏🙌👏

E grousse Bravo un all d'Schüler vu REL an REC fir hir Virwëtz an hiren Asaz, an och un all d’Ekippe fir déi flott Zesummenaarbecht an de Succès vun dësem super Dag!

🇫🇷 Comment clôturer une période scolaire en beauté ? C’est tout le sens de notre routine du 22 mai ! ☀️

Cette journée fut l'occasion pour nos élèves de valoriser les connaissances acquises durant la période écoulée. À travers des ateliers tournants, ils ont pu lier théorie, pratique et réflexion :

• Menuiserie-Shaper-Peinture / Couture -Flocage : Création et personnalisation de maillots dans l’esprit de la coupe du monde de foot.
• Cuisine - Éveil sensoriel : Voyage gustatif et olfactif à la découverte des épices et des saveurs du monde (avec reconnaissance des textures, odeurs et pays sur une carte, etc.).
• Jeux de société : Défis d'association et de réflexion pour tester ses connaissances géographiques, linguistiques et culturelles.

La magie de la Routine opère aussi dans la relation humaine. Encadrants (formateurs-métiers, éducateurs, enseignants) et élèves ont partagé les mêmes activités, côte à côte. Ce principe du « faire ensemble » valorise les initiatives des jeunes (certains ayant activement participé à la préparation en amont) et renforce puissamment la cohésion de notre communauté.

Un grand bravo à tous les élèves de REL et de REC pour leur curiosité et leur implication, ainsi qu'à toutes les équipes pour la co-construction et la réussite de cette superbe journée !👏🙌👏

Mir sichen:Nous cherchons:- 1 Agent administratif C3 CCT SAS pour son secrétariat (m/f/d)Verstäerkt eis Ekipp💪Rejoignez ...
28/04/2026

Mir sichen:
Nous cherchons:
- 1 Agent administratif C3 CCT SAS pour son secrétariat (m/f/d)
Verstäerkt eis Ekipp💪
Rejoignez notre équipe💪

Adresse

19 Rue De L'Industrie
Bertrange
8069

Téléphone

+352490420800

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Solina Jongenheem asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Solina Jongenheem asbl:

Raccourcis

Partager