Little Angels Asbl

Little Angels Asbl Ennerstëtzung vun Kanner an Nout
Homepage: www.littleangelslux.org
CCPL LU95 1111 7015 4238 0000
Payconiq: 691 41 66 74

Ufank November 2012 gegrënnt, huet d’Little Angels Asbl, eng Associatioun déi ausschliesslech op éierenamtlecher Basis fonctionnéiert, sech zum Ziel gesat Kanner an Nout ze hëllefen. Den Comité besteet aus folgenden Lait:
- GARLINSKAS Marcelle
- SCHALTZ Viviane
- SCHUMACHER Conny

Ons aktuell Projet'en:
- GREEN OLIVE CHILDREN'S HOME
D’Kannerheem « Green Olive Children’s Home » zu Mtwapa am Kenia,

besteet säit 2005 an ass en Doheem fir 20 Kanner, dorënner Kanner déi keng Elteren méi hunn, Kanner déi doheem vernoléissegt oder mësshandelt ginn sinn an Kanner déi aus immens aarmen Famillen kommen. Eng 100 Kanner, déi an schwieregen oder aarmen Familljeverhältnisser liewen, ginn ausserdeem vum Heim ënnerstëtzt andeems d’Käschten fir d‘Schoulausbildung, Liewensmëttel, Kleeder an medezinesch Versuergung fir sie iwwerholl ginn.

- REVIVE A RURAL AFRICAN CHILD:
Zu Namaganda, engem klengen Duerf am Uganda ass d’Schoul « Visionary Learning Center » déi vun der lokaler Associatioun « Revive a Rural African Child » geleet gëtt. Vill Famillen aus der Ëmgéigend hunn net déi finanziell Méiglechkeet eng Schoul ze bezuelen, an hier Kanner mussen schaffen goen, ënner Anerem an Minnen oder op Plantagen. Dësen ländlechen Schoulprojet fir iwwer 600 Kanner am Alter tëscht 3 an 16 Joer, wou d’Elteren am Géigensaatz zu aneren Schoulen, näischt brauchen ze bezuelen, fonctionnéiert ausschliesslech op Basis vun Spenden, fir kennen Schoulmaterial, Uniformen, medezinesch Versuergung, Mëttegiessen an d’Payen vum Léierpersonal ze bezuelen. Fir daat alles kennen ze realiséieren, brauchen mir Lait déi ons ennerstëtzen; jiddereen vun ons kann sain Deel matt dozou baïdroen an dese Kanner d’Hoffnung op e bessert Liewen an eng besser Zukunft gin. Et gin vill Méiglechkeeten wéi Dir ons an domatt d’Kanner vun onse Projet’en kennt ennerstëtzen :
- Don
- Saach-Spenden fir Kanner-Floumaart, Kannerdréi, Tombola...
- Projekt-Patenschaft (den Montant kennt Dir selwer festléen)
- Patenschaft fir en Kand (40€ / 55 € den Mount)
- Memberskaart (25 € d'Joër)
- Ons d’Méiglechkeet gin op Ären Fester an Manifestatiounen onsen Informatiouns- an Verkaafsstand opzestellen
- Aktiv mattschaffen...


LITTLE ANGELS ASBL
34, rue des champs
L-4431 Belvaux
Tel. 691 416 674 oder 661 79 10 44

E-Mail: [email protected]

Homepage: www.littleangelslux.org

Compte: CCPL LU95 1111 7015 4238 0000
Payconiq: 691 41 66 74

Registre de Commerce F9336

Ons Statuten:
http://www.etat.lu/memorial/2012/C/Html/2908/2012147467.html

Léif Patenelteren,Äer Kanner aus dem Kenia hunn Bréiwer fir Iech geschriwwen, déi mir no onserer Rees un Iech wärten wei...
22/08/2026

Léif Patenelteren,
Äer Kanner aus dem Kenia hunn Bréiwer fir Iech geschriwwen, déi mir no onserer Rees un Iech wärten weider schécken.

Nach just e puer Deeg bis ons Rees an de Kenia.Léif Patenelteren, muer ( 09.08.26 ) ass den läschten Délai fir ons Äer E...
08/08/2026

Nach just e puer Deeg bis ons Rees an de Kenia.
Léif Patenelteren, muer ( 09.08.26 ) ass den läschten Délai fir ons Äer Enveloppen ze brengen.

Mir confirméieren Saachen kritt ze hunn fir folgend Kanner:
- Abigael
- Albert
- David
- Dennis
- Esau
- Eunice
- Halua
- Ishmael
- Joan
- Kadzo
- Mariam
- Mary K.
- Mercy
- Msuko
- Pendo
- Pili
- Robert
- Samuel
- Sauda
- Tatu
- Yasin

Villmols Merci, Äer Kanner wärten sech fréen 🥰

( fir Verwiesslungen ze vermeiden, den Délai fir Enveloppen fir an den Uganda ofzeginn, ass den 31 August 2026 )

Ons nächst Rees an de Kenia kennt méi no.Léif Patenelteren, wann Dir Äerem Kand wëllt e klenge Kado an/oder Bréif mattgi...
03/08/2026

Ons nächst Rees an de Kenia kennt méi no.
Léif Patenelteren, wann Dir Äerem Kand wëllt e klenge Kado an/oder Bréif mattginn, kennt Dir ons Äer Enveloppe (max. DINA4) bis spéitestens den 9 August zoukommen loossen.

Mir confirméieren dass mir eppes kruten fir:
- Abigael
- Albert
- Eunice
- Halua
- Mary K.
- Robert
- Samuel
- Sauda
- Tatu

Merci, Äer Kanner wärten sech fréen.

📍Spendenopruff 📍Eng ganz Rei vun onsen Kanner am Kenia hunn keen Gebuertsschaïn an/oder keng Carte d'identité.Dëst breng...
21/07/2026

📍Spendenopruff 📍

Eng ganz Rei vun onsen Kanner am Kenia hunn keen Gebuertsschaïn an/oder keng Carte d'identité.

Dëst brengt leider vill Problemer matt sech fir sech an verschidden Schoulen unzemellen, e Stage kennen ze maachen, eng Aarbecht ze fannen, spéider Pabaieren fir hier eegen Kanner ze maachen...

Mir wellen elo fir all betraffen Kanner probéieren hier wichteg Dokumenter an d'Rei ze brengen.
Dëst ass matt extra Käschten verbonnen, wéi Taxen, administratif Frais'en, Geriichtskäschten (fir Kanner ouni Elteren), Copien, Transport...
Mir schätzen d'Gesamtkäschten op 1.200 - 1.500 €.

Lait vun onser Equipe fueren demnächst an de Kenia an wärten sech op der Plaatz zesummen matt de Kanner an Famillen em de ganzen Pabaierkrich këmmeren.
Mir wieren dankbar fir e bessen finanziell Ennerstëtzung fir dëst ze erméiglechen.

Payconiq: 691 41 66 74
CCPL: LU95 1111 7015 4238 0000
Kommunikatioun: Dokumenter Kenia

Villmols Merci am viraus.

TELEFON - LAPTOP Sammelaktioun D'Secondaire Schüler vun onse Projet'en ginn emmer méi oft an der Schoul gefrot fir sech ...
16/07/2026

TELEFON - LAPTOP Sammelaktioun

D'Secondaire Schüler vun onse Projet'en ginn emmer méi oft an der Schoul gefrot fir sech en Smartphone oder Laptop unzeschafen fir Recherchen ze maachen oder well et fir aner Saachen an der Schoul gebraucht gett.

Mir sinn do fir hinnen eng Basis Schoulausbildung ze garantéieren an kennen leider net fir sie Telefon'en oder Laptop'en kafen.

Déi nächst Wochen fueren Lait an den Uganda an an de Kenia, soudass mir lo eng Sammelaktioun starten fir se dann kennen matt ze huelen fir d'Kanner.

Wann Dir also en alen Laptop oder Smartphone doheem hutt, deen net méi gebraucht gett, kennt dir iech gären bei ons mellen ( am beschten matt Chargeur w.e.g.).

Villmols Merci am viraus.

Onse Stand am Cactus Howald, nach bis e Samsdeg inclus
10/07/2026

Onse Stand am Cactus Howald, nach bis e Samsdeg inclus

Haut sinn mir op der Fête des Cultures ( Marché du Monde) zu Diddeleng
05/07/2026

Haut sinn mir op der Fête des Cultures ( Marché du Monde) zu Diddeleng

Mir sinn nach bis muer, 20 Juni matt onsem Stand am Cactus zu Beetebuerg.Wann alles klappt wéi geplangt, wärt och muer d...
19/06/2026

Mir sinn nach bis muer, 20 Juni matt onsem Stand am Cactus zu Beetebuerg.

Wann alles klappt wéi geplangt, wärt och muer den Eddy, Direkter vun onsem Projet am Uganda, matt um Stand sinn, wat eventuell intressant wier fir d'Patenelteren vun de Kanner aus dem Uganda.

An hei am Cactus ass Klima Anlage, also ganz agreabel bei den aktuellen Temperaturen 😉

Onse Stand am Cactus Beetebuerg, nach bis e Samsden inclus.
17/06/2026

Onse Stand am Cactus Beetebuerg, nach bis e Samsden inclus.

Mir wellen Iech hei 2 Jugendlecher aus dem Kenia virstellen déi sech géifen fréen iwwer Patenelteren fir sie ze ënnerstë...
22/04/2026

Mir wellen Iech hei 2 Jugendlecher aus dem Kenia virstellen déi sech géifen fréen iwwer Patenelteren fir sie ze ënnerstëtzen bei hierer wichteger Schoulausbildung an fir Liewensmëttel an medezinesch Versuergung wann noutwendeg.

D'Helga kennt am Januar d'nächst Joer an den Lycée an den Baraka léiert fir "Klempner" op engem College.

Den Patenschaftsbaitrag lait bai mindestens 55 € pro Kand.

Fir weider Informatiounen kennt Dir Iech gären bei ons mellen, hei iwwer Facebook oder per Email op [email protected]
Oder Dir kennt folgenden Online Formular ausfëllen:
https://littleangelslux.org/parrainages/parrainage-dun-enfant/

Villmols Merci 🏵

Adresse

34, Rue Des Champs
Belvaux
4431

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Little Angels Asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Little Angels Asbl:

Raccourcis

Partager