Eurosolar Lëtzebuerg asbl - D'Sonn am Stecker

Eurosolar Lëtzebuerg asbl - D'Sonn am Stecker Wëllkomm op der Saït vun Eurosolar Lëtzebuerg asbl.

Bal 15 Joer nom Nuklearaccident vu Fukushima gëtt d’Debatt ëm d’Atomenergie erëm méi haart. D’EU-Kommissiounspräsidentin...
27/03/2026

Bal 15 Joer nom Nuklearaccident vu Fukushima gëtt d’Debatt ëm d’Atomenergie erëm méi haart. D’EU-Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen huet rezent erkläert, den Ausstig aus der Atomenergie wier e „strategesche Feeler“ gewiescht.

Mee ass dat wierklech esou?
Oder ass de richtege Feeler, datt mir net séier genuch op erneierbar Energien gesat hunn?

Am Episod 140 vun „D’Sonn am Stecker“ schwätze mir iwwer:
⚡ Energie-Ofhängegkeet an Europa
⚡ Kricher an Energiepräisser
⚡ Firwat erneierbar Energien de Schlëssel fir méi Onofhängegkeet sinn

🎧 Lauschtert elo de Podcast 👇
https://open.spotify.com/episode/70B9pVa62Y7YNR1rCk9neN?si=de857bdb348d4238

🔌 Podcast  #139 – Wéi gesäit d’Stroumrechnung wierklech aus?Rentéiert et sech haut nach, eng Photovoltaikanlag ze hunn? ...
13/03/2026

🔌 Podcast #139 – Wéi gesäit d’Stroumrechnung wierklech aus?

Rentéiert et sech haut nach, eng Photovoltaikanlag ze hunn? A wéi verännert sech d’Stroumrechnung, wann een zousätzlech eng Wäermepompel, een Elektroauto, eng Luedstatioun oder eng Batterie Doheem huet?

An eisem neiste Podcast schwätzen dräi Dammen – Chantal Schiltz, Carine Delmarko a Simone Bettendorff – ganz oppen iwwer hir perséinlech Situatiounen. Si erklären, wéi hire Stroumverbrauch ausgesäit, wéi héich hir Rechnunge sinn a wat sech duerch PV-Anlagen, Elektromobilitéit oder Batteriespäicher verännert huet.

⚡ Dräi verschidde Situatiounen
⚡ Dräi konkret Stroumrechnungen
⚡ Vill praktesch Ablécker aus dem Alldag

Eng spannend Diskussioun fir jiddereen, dee sech freet: Lount sech d’Energietransitioun och fir mäin Haushalt?

🎧 Lauschtert am Beschte selwer eran 👇☀
https://open.spotify.com/episode/0Xq28lV8Ftfpj3kGGpHp6b?si=6e3667e63e6548d0

An dësem Episod Nr. 138 geet et ëm d’Roll vun de Fraen an der Energietransitioun.👉 Mat engem Extrait aus dem Podcast  #9...
27/02/2026

An dësem Episod Nr. 138 geet et ëm d’Roll vun de Fraen an der Energietransitioun.
👉 Mat engem Extrait aus dem Podcast #97 mam Isabelle Schmoetten
👉 an engem spannende Bäitrag vum Linda Gaasch iwwer IRENA, d’international Agence fir erneierbar Energien.

Wéi gesäit d’Situatioun haut aus? Wéi wichteg si Fraen am Energiesecteur? A wéi eng Roll spillt IRENA weltwäit?
Eng inspiréierend Episod iwwer Engagement, Gläichberechtegung a gréng Zukunft – lauschtert elo eran! 🎧👇☀
https://open.spotify.com/episode/3TfAJRFHRVpbok1InlmqHv?si=ec53227213704839

23/02/2026

🇫🇷 ​​Le 17 février, le Luxembourg a déjà épuisé toutes les ressources naturelles à sa disposition pour l’année. 🌍 Cette carte de Votum Klima illustre l'ampleur du problème : représenté selon son empreinte écologique, le Luxembourg devient le 2e « plus grand » pays du monde, juste derrière le Qatar.

Ce système basé sur la surconsommation et les énergies fossiles n’est pas une fatalité. ⏳ Il est temps de réduire notre empreinte et d’engager un véritable changement de cap.

🇱🇺 De 17. Februar huet Lëtzebuerg schonn all natierlech Ressourcë fir dëst Joer opgebraucht. 🌍 Dës Kaart vu Votum Klima weist d’Ausmooss vum Problem: géingen d’Länner no hirem ekologesche Foussofdrock duergestallt ginn, wär Lëtzebuerg dat 2. „gréisste“ Land op der Welt, direkt hannert dem Katar.

Eise System, deen sech op Iwwerkonsum a fossillen Energië baséiert, ass keng Fatalitéit.⏳ Et ass Zäit, eisen ökologesche Foussofdrock ze reduzéieren an e richtege Changement vum Kurs anzeschloen.

🗺️ Esmeralda Wirtz

📜 Neit Gesetz: Prefinanzéierung vun de PV-Anlagen zu Lëtzebuerg! ☀️An dësem Episod Nr. 137 schwätze mir mam Sarah Juchem...
13/02/2026

📜 Neit Gesetz: Prefinanzéierung vun de PV-Anlagen zu Lëtzebuerg! ☀️

An dësem Episod Nr. 137 schwätze mir mam Sarah Juchems vun der Klima-Agence an dem Ben Reiser vum Ministère de l'Économie iwwert dat nei gestëmmt Gesetz, dat et erlaabt, ënner anerem PV-Anlagen ze prefinanzéieren. Mir erklären, wat dat konkret heescht, wien dovu profitéiere kann a wéi dës nei Méiglechkeet de Solar-Ausbau zu Lëtzebuerg beschleunege soll.

👉 Lauschtert eran a gitt et gewuer 👇🎧☀
https://open.spotify.com/episode/4G3D8M77wcRKYi41CJVHfy?si=f09313973e9f4815

Hei kënnt dir den Artikel aus dem Paperjam liesen, wou och eise Communiqué iwwert de World clean energy day ugeschwat gë...
02/02/2026

Hei kënnt dir den Artikel aus dem Paperjam liesen, wou och eise Communiqué iwwert de World clean energy day ugeschwat gëtt 👇🤓

À l’occasion de la Journée internationale des énergies propres, célébrée ce 26 janvier, les Nations unies appellent à un changement d’échelle immédiat. Le secrétaire général de l’ONU, António Guterres, exhorte à tripler la capacité mondiale de production d’énergie renouvelabl...

Batteriespäicher spillen eng ëmmer méi wichteg Roll an der Energietransitioun. Mee wéi gesäit d’Batteriestrategie zu Lët...
30/01/2026

Batteriespäicher spillen eng ëmmer méi wichteg Roll an der Energietransitioun. Mee wéi gesäit d’Batteriestrategie zu Lëtzebuerg konkret aus? Wéi eng Ziler verfollegt d’Land, a wéi kënnen Haushalter, Gemengen a Betriber dovunner profitéieren?

An dësem Episod Nr. 136 schwätze mir mam Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence, iwwert déi aktuell Entwécklungen, Prioritéiten an d’Bedeitung vu Batteriespäicher fir e stabill, nohaltegt Stroumnetz. Eng informativ Diskussioun tëscht Strategie a Praxis, déi weist, wéi d'Energie vu muer zu Lëtzebuerg geduecht gëtt.

Lauschtert am Beschte selwer eran 👇🎧☀️
https://open.spotify.com/episode/7aooYuXddp4TwjnxmFudbl?si=65df51ec91ac4413

An dësem Episod Nr. 135 geet et ëm d’Fro, wéi ESG (Environmental, Social & Governance) eis Wirtschaft an eis Gesellschaf...
16/01/2026

An dësem Episod Nr. 135 geet et ëm d’Fro, wéi ESG (Environmental, Social & Governance) eis Wirtschaft an eis Gesellschaft verännert.

Mat Extraiten vum Robert Habeck, fréiere Vizekanzler vun Däitschland, an Ralph Thurm, Founder & Managing Director vun r3.0 , beliichte mir Erausfuerderungen, Chancen an d’Noutwennegkeet vun nohaltegem Handelen.

Eng Episod fir jiddereen, deen sech fir Nohaltegkeet, Wäerter a Wandel interesséiert.

🎧 Elo lauschteren 👇
https://open.spotify.com/episode/2tEFpMuwowpTU4Jx1YQvGU?si=17b62c20040348d1

Als éischt emol hoffe mir, dass dir schéi Feierdeeg mat Äre Léifste verbruecht hutt a wënschen iech och ee schéint neit ...
02/01/2026

Als éischt emol hoffe mir, dass dir schéi Feierdeeg mat Äre Léifste verbruecht hutt a wënschen iech och ee schéint neit Joer 2026 🎄🔔🎅🏻🍾

An dësem speziellen Episod Nr. 134 kucke mir zeréck op d’Joer 2025 a loossen déi stäerkst Extraiten aus 25 Podcast-Episoden nach eng Kéier R***e passéieren.

De Joresréckbléck vereenegt déi wichtegst Themen, Diskussiounen an Iddien, déi eis am Laf vum Joer beschäftegt hunn: Energietransitioun, erneierbar Energien, Biergerbedeelegung, Klimaschutz, politesch Kaderen an innovativ Projeten aus Lëtzebuerg an doriwwer eraus.

Dësen Episod ass eng Zesummefaassung vun de villen Gespréicher mat Expertinnen an Experten, Acteuren aus der Praxis, politesch Verantwortlechen an engagéierte Biergerinnen a Bierger, déi mat hiren Analysen, Erfarungen a Meenungen zur Debatt bäigedroen hunn.

E Réckbléck dee weist, wéi vill sech beweegt huet – an och, wéi wichteg et ass, drun ze bleiwen, nozelauschteren an zesummen un enger nohalteger Energiezukunft ze schaffen.

Lauschtert am Beschte selwer eran 👇🎧
https://open.spotify.com/episode/1tMISLNr4qxXfcIl7gZxhv?si=597be3c8ee1f411c

🌞 2025 – en intensivt Joer fir Eurosolar!�Bei Eurosolar hu mir dëst Joer erëm vill Beweegung gesinn: méi PV-Anlagen, méi...
26/12/2025

🌞 2025 – en intensivt Joer fir Eurosolar!�Bei Eurosolar hu mir dëst Joer erëm vill Beweegung gesinn: méi PV-Anlagen, méi Energiegemeinschaften an ëmmer méi Leit, déi Deel vun der Léisung wëlle sinn. 💪⚡️

Besonnesch flott: ëmmer méi jonk Leit engagéieren sech an der Transitioun. 🙌
🎄 Merci un all déi matgemaach hunn a mat Energie an Iwwerzeegung dobäi waren!�🎆 Schéi Feierdeeg a e gudde Rutsch! Mir freeën eis op 2026 zesumme mat iech. 💚⚡️

https://youtu.be/s-b-x6FmrfY

Enjoy the videos and music you love, upload original content, and share it all with friends, family, and the world on YouTube.

Adresse

6, Jos Seyler Strooss
Beckerich
8522

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 16:30

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Eurosolar Lëtzebuerg asbl - D'Sonn am Stecker publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager