Scouten Beefort LGS- Grupp Frère Roger

Scouten Beefort LGS- Grupp Frère Roger Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Scouten Beefort LGS- Grupp Frère Roger, Organisme communautaire, 6, Rue de l'Auberge, Beaufort.

Éischt Impressioune vum Blårød, dem nationale Summercamp an Dänemark, wou eis CaraPio vum 19.7. bis den 1.8. flott Aktiv...
22/07/2026

Éischt Impressioune vum Blårød, dem nationale Summercamp an Dänemark, wou eis CaraPio vum 19.7. bis den 1.8. flott Aktivitéiten erliewen 🥾🏕️☀️🌦️🌧️

🚆🌊 D’Aventure a Richtung Blankenberge fänkt fir eis AvEx un! 🏖️Si sinn gutt ukomm an elo kann eng flott Woch voller Spaa...
19/07/2026

🚆🌊 D’Aventure a Richtung Blankenberge fänkt fir eis AvEx un! 🏖️

Si sinn gutt ukomm an elo kann eng flott Woch voller Spaass, neien Erfarungen an onvergiessleche Momenter ufänken. 💚⚜️

🏕️ Summercamp um Misärshaff 🌞Dës Woch sinn eis Wellëfcher mat den Stengeforter LGS um Misärshaff ënnerwee.Um Programm st...
18/07/2026

🏕️ Summercamp um Misärshaff 🌞

Dës Woch sinn eis Wellëfcher mat den Stengeforter LGS um Misärshaff ënnerwee.
Um Programm steet virun allem Spaass, spannend Aktivitéiten, flott Spiller, nei Frëndschaften an eng ganz Partie onvergiesslech Momenter. 🌲🔥⛺

Mir freeën eis op eng super Woch voller Aventuren an Teamgeescht! 💚⚜️

11/06/2026
🌙✨ Nuit du Sport 2026 ✨🌙E grousse Merci fir laanscht kommen a matmaachen! 😊 Et war e flotte sportlechen Owend mat vill B...
07/06/2026

🌙✨ Nuit du Sport 2026 ✨🌙

E grousse Merci fir laanscht kommen a matmaachen! 😊 Et war e flotte sportlechen Owend mat vill Beweegung, gudder Stëmmung a schéine Begéinungen.

💙 Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

05/06/2026

🌙🏃‍♀️ Kommt laanscht op déi 1. Editioun vun der Nuit du Sport an eiser Gemeng Beefort🏃‍♂️🌙

Entdeckt eis Aktivitéiten, grad ewéi déi vun den anere Veräiner, a verbréngt e flotte sportlechen Owend mat eis all. Egal ob kleng oder grouss, jidderee ass häerzlech wëllkomm!

👉 Mir freeën eis op iech! 😊

Wat huet de Päischtsamschden mat de CaraPio ze dinn? 😁Ganz einfach: Teamgeescht, Abenteuer a ganz vill Spaass!Mir waren ...
29/05/2026

Wat huet de Päischtsamschden mat de CaraPio ze dinn? 😁
Ganz einfach:
Teamgeescht, Abenteuer a ganz vill Spaass!

Mir waren de Päischtsamschdeg mat der CaraPio Regionaléquipe Zentrum an der Stad ënnerwee fir ee grousse Mister X 🕵🏻‍♂️🎯 ze spillen.�Dono goung et op d’Neihaischen, wou mir beim Woodland Challenge um Bealtaine -Village Neihaischen eis Kënnen ënner Beweis gestallt hunn:
🪓 Axtschéissen, 🏹 Bouschéissen, Holztransport a villes méi!

Resultat: 2 CaraPio vu Beefort zesumme mat 3 CaraPio vum Houwald → 🥈 2. Präis!
Mir si stolz op iech an all eis CaraPio!

Esou gesäit e perfekte Päischtsamschden aus 💪⚜️🪢🥾🪵🕵🏻‍♂️

D‘CaraPio hu beim ING Marathon 2026 als Streckeposten gehollef 🪢⚜️🎽🏃‍♀️🏃⚠️
28/05/2026

D‘CaraPio hu beim ING Marathon 2026 als Streckeposten gehollef 🪢⚜️🎽🏃‍♀️🏃⚠️

🐣Preparatioune fir den Ouschtereeërverkaf🐣🧺🎨🐣dësen Samschden, den 28. Mäerz  2026🐣🎨🧺
26/03/2026

🐣Preparatioune fir den Ouschtereeërverkaf🐣
🧺🎨🐣dësen Samschden, den 28. Mäerz 2026🐣🎨🧺

🐰🐣🎨Dik dik dak…   Dik dik dak....🎨🐣🐰🐰🐔🐣 Geschwënn ass Ouschterdag! 🐣🐔🐰Samschdes, den 28. Mäerz ab 10 Auer moies ass et s...
10/03/2026

🐰🐣🎨Dik dik dak… Dik dik dak....🎨🐣🐰

🐰🐔🐣 Geschwënn ass Ouschterdag! 🐣🐔🐰

Samschdes, den 28. Mäerz ab 10 Auer moies ass et souwäit:

Wéi all Joer gi mir vun Haus zu Haus a verkafen eis selwer dekoréiert Eeër, sou laang bis all eis Eeër ee Besëtzer fonnt hunn 😉

Den Erléis fléisst an eis Scouts-Aktivitéiten. ⚜️

Mir géifen eis freeën, wann och dir eis e puer Eeër géift ofkafen. ☀️🎨🥚🧺🐣

Gemeng Beefort

Adresse

6, Rue De L'Auberge
Beaufort
L-6315

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Scouten Beefort LGS- Grupp Frère Roger publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager