26/09/2026
Schéine Samschden iech Alleguer 🤓😂❤️
Hei ass äert Reporterin, LIVE aus eisem Lieblingsclub!! 🙈🤪
An wat soll ech soen… Samschden hu mir eis nees geduecht: „Komm, mir maachen d’Land e bëssen onsécher“ 😂😂😂
Eis Romy war schonn um 7h30 moies kreativ! 😳🤣 Kuckt iech mol d’Fotoen un… 🥲😂🥰 Also ganz éierlech: Gott sei Dank war d’Romy do an NET ech! 🤣🤣🤣 Frech Dëppchen huet jo wierklech Talent! 😍👏
Sou, an dunn hu ech mech a mäin Mann, de Mules, gesat, eist léiw Camionette, an hu mol schéin eis Leit agesammelt 🚐😂
Destinatioun: Restaurant Op der Gare! 🍽️
Jo jo… Samschden hu mir eis als offiziell Restaurant-Tester verdingt 🤓😂 An Dir wësst jo: IESSEN ass bei eis kee Hobby méi… et ass e Liewensstil! 🤣🤣🤣
An ech soen iech: Et war esou gutt, dass ech um Enn net emol méi d’Iessen fotograféiere konnt… just nach déi eidel Telleren! 😂😂😂
Dat Schwéierst vum ganzen Dag war eigentlech:
„Wat huele mir?“
Well bei där Auswiel… wéi soll een sech do entscheeden?! 😅🙈🤣
An natierlech gouf et Dessert 😏🍰
An och do… komesch… eidel Teller! 🤣🤣🤣 Ech mengen, mir hunn eis Aufgab als Tester zimlech eescht geholl 😂
Mee dunn… koum den eigentlechen Highlight! 😱😂
Ech war Chauffer.
Ech hat näischt ze soen.
Ech hat näischt ze entscheeden.
Ech war einfach nëmmen do 🤣🤣🤣
A op eemol… KIERMES ZU ETTELBRÉCK!! 🎡😂
Ech weess net wéi dat geschitt ass, mee op eemol souz ech op engem Karussell 😭🤣 An dunn hunn déi aner och nach de Schéissstand entdeckt… 🙈😂
Ech kann iech soen… Déi Leit si geféierlech wann se eemol an der Fräizäit sinn! 🤣🤣🤣
Mir waren alleguer wéi kleng Kanner 😂🥰 Karussell, Schéissstand, Laachen… et huet eigentlech just nach d’Zockerwatte gefeelt! 🤣🍭
Wat soll ech soen… wat ee Mëtteg!! ❤️🥰
Esou Deeg sinn einfach déi bescht: gutt Iessen, vill Laachen, e bëssen Dommheet an déi richteg Leit dobäi 🥰❤️
Sou, an elo ass mäi Mann, de Mules, schonn erëm brav op senger Plaz 🚐😂 An ech soen fir haut: Feierowend!!! 🫡🤣
Ech wënschen iech alleguer e ganz schéine Weekend! ❤️🥰
Äert Rute
Reporter, Chauffeur, Restaurant-Tester a professionell Karussell-Fuererin 🤓🤣❤️