Francique

Francique Pour la défense et la promotion du francique luxembourgeois , langue transfrontalière.

De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen, en Dag op deem all d'Sproochen a Kulturen an Europa, awer oc...
23/09/2025

De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen, en Dag op deem all d'Sproochen a Kulturen an Europa, awer och déi individuell Méisproochegkeet gefeiert ginn a jidderee motivéiert soll ginn, eng nei Sprooch ze léieren. Als Land, an deem d'Méisproochegkeet am Alldag gelieft gëtt, feiere mir vun dësem Joer un op dësem speziellen Dag och d'Lëtzebuerger Sprooch. Dëst Joer steet den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnert dem Motto: „Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt"
E ganz wichtege Volet an der Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch ass hir Visibilitéit. D'Sprooch soll am ëffentleche Raum present sinn, hire Stellewäert soll gefestegt ginn. D'Lëtzebuergescht als lieweg Sprooch ze stäerken an d'Motivatioun ze schafen, dës aktiv ze schwätzen, dat ass dat grousst Uleies dëst Joer. Well Lëtzebuergesch verbënnt a baut Brécken.
Um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gëllt, et iwwert eis Sprooch an eis Sproochesituatioun nozedenken. D'Aart a Weis, wéi mir am Alldag mat Liichtegkeet vun enger Sprooch an déi aner wiesselen, jo bal mat de Sprooche jongléieren, ass eenzegaarteg an eng Beräicherung. An dëser Méisproochegkeet ass d'Lëtzebuergescht verankert a spillt fir jiddereen eng grouss Roll, well et verbonn ass mat den Originnen, der Geschicht, der Identitéit vu Land a Leit.
Eng Sprooch léieren, bedeit och der Kultur, déi se begleet ze begéinen. Eng gedeelte Sprooch favoriséiert d'Zesummeliewen, d'Solidaritéit, d'Kooperatioun, d'Kohäsioun an de Quartieren, an de Schoulen, am ganze Liewen: Eng gemeinsam Sprooch vereinfacht d'Kommunikatioun, knëppt Frëndschaften, schaaft sozial Verbindung.
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch soll jidderee motivéieren, Lëtzebuergesch ze schwätzen, ob gutt oder manner gutt. Et soll ee sech trauen ze schwätzen an et soll een deen aneren och schwätze loossen: Schwätz mat - Lëtzebuergesch verbënnt! Dat heescht natierlech och, datt mir de 26. September eis Sprooch feieren.

09/08/2025

Adresse

Rettel
57480

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Francique publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager