29/07/2026
Maya sicht eng definitiv Famill 🐾❤️
Maya, déi mir méi ewéi 2 Méint mat vill Gedold, Zäit an Asaz probéiert hunn anzefänken, an daat mir endlech konnte sécheren, sicht elo seng definitiv Famill.
Mir stellen de Kontakt fir Iech hier. W.e.g. deelt dëse Bäitrag esou vill wéi méiglech. Villmools Merci!
_______________________________________________________________________________________________
Dat ass eist léift Maya. ❤️
Ronn 7 Joer al
Kastréiert
Geimpft
Gechippt
Entwuermt
D’Maya huet leider net nëmme gutt Saachen an sengem Liewen erlieft an ass dofir immens ängschtlech.
Hatt versteet sech gutt mat aneren Hënn, kennt Kazen an och Kanner.
Am Alldag ass hatt éischter onkomplizéiert, well et Konflikter léiwer aus dem Wee geet.
D’Maya ass kee Wirbelwand deen Iech de ganzen Dag ëm d’Been leeft. Hatt zitt sech gär op säin gemittlecht Bettchen zeréck a brauch eng fest Plaz, wou hatt sech sécher fillt. Hatt ass net méi déi agilst Hondsdamm, mee genéisst Rou, Sécherheet an eng fest Routine.
Hatt geet gutt un der Léngt, muss awer ëmmer mat engem Sécherheetsgeschier (um Gurt geséchert), Halsband a Léngt gefouert ginn.
Et bäisst net, knurrt a billt net. Hatt léisst alles roueg mat sech geschéien.
D’Maya sicht en Doheem mat vill Rou, Gedold a Léift. 🥰
Maya gëtt nëmmen un absolut erfuere Leit vermëttelt, well nach eng Kéier fortzelafe wier fir hatt net méi verantwortbar.
D’Maya brauch Zäit – vill Zäit.
Awer och dëst klengt, waarmt Häerz verdéngt et endlech unzekommen an e Liewen a Sécherheet a Léift ze féieren. ❤️❤️❤️❤️