Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK)

Wegbeschreibung Website Kontaktieren Sie die Organisation

Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) D'AELK regroupéiert d'lëtzebuerger Studente vu Karlsruhe an aus der Regioun. All Lëtzebuerger, dee kee "Robinson" wëll sin, gëtt Member an der A.E.L.K. Maja.

D'Amicale des étudiants luxembourgeois à Karlsruhe, kuerz AELK, as e Veräin ouni politesch, religiéis oder aaner Zwecker ausser deem, dem Student säi sauert Liewen duerch e bësse Folklore ze erliichteren. fir e klenge jährleche Bäitrag. D'AELK déi schons säit méi wei 50 Joër besteet, wann eis Informatiounen richteg sin, da gouf si den 24. Februar 1955 gegrënnt, zielt am Moment ronn 60 Memberen. Am Allgemengen trëtt d'AELK fir studentesch Interessien an, as Grënnercercle a Member vun der ACEL (Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois), dem Daachverband vun de lëtzebuergesche Studentencerclen an as och gudd an der ANEIL (Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois) vertrueden. Si ënnerhält Kontakter mat Studentenclibb vun aneren Unien aus der Géigend, z.B. mat der ALUS (Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg) oder dem LSH (Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg). Während dem Semester organiséiert d'AELK Aktivitéiten déi méi oder manner traditionell um Programm stinn: d'Baggerséifest fir Nationalfeierdag, d'Aweiung fir dei Néi am Dezember, e Quizowend, Paintball-, Billard- an Bowlingtournoien oder och Visiten bei den Institutiounen zu Karlsruhe an emgéigent an ettlech Stammdëscher. Dat alles si nëmmen e puer vu villen Aktivitéiten déi de Membere gebuede ginn, während dem Semester all Woch. Heiandsdo fuere mir duerch d'Géigend, z.B. eng "tarte flambée" an d'Elsass iessen, Glühwäin op den Heidelberger Chrëschtmaart drénken oder op Stroossbuerg mat de Meedecher diskutéieren. Em Päischten machen d'Memberen zesummen eng Clubreesen, an mat der Zäit huet d'AELK schon sou zimmlesch all europäesch Hapt- a Grousstad onséchergemach. Prag, Dublin, Stockholm, München, Roum, Berlin, Glasgow oder Hamburg zeugen vun dem groussen Entdeckergeescht vun den AELK Memberen. Sportlech as d'AELK och: zanter Joëren huele mir um "Tournoi de Noël" deel, dat as en Turnéier bei deem all d'Studenteclibb sech no Chrëschtdag zu Lëtzebuerg am Fussball, Volley- an Basketball moossen. Kuerz dono am Januar steet dann d'Schivakanz um Programm wou mir an engem éierbare Schigebidd e Chalet lounen an eis am Schi an am Après-Schi testen. Am Summer huele mer um Summercup deel wou d'Studenteclibb sech am Fussball um Terrain moossen. Weider as nach eis traditionell Velosheemrees z'ernimmen: Ufank Juli fuere mir an engem Dag an a 5 Etappe vu Karlsruhe op Lëtzebuerg (215 km), en absolute Must fir all Sportler. Säit 2004, mache mir dat emmer fir ee gudden Zweck, a sammlen Joer fir Joer em déi 2000 Euro. Mir goufen och well vun engem RTL Kamerateam begleet, vum Felix Eischen op der Telé presentéiert a vun der Police vu Réimech bis an d'Stad eskortéiert. Wéi een anere Studenteclub kann iech esou eppes bidden? D'Lëtzebuerger zu Karlsruhe begéine sech regelméisseg op den Aktivitéiten, um Stammdësch oder all Dag am Lëtzebuerger Eck: an der Mensa op den Trapen niewt dem Copycenter. Hei as och fir di Nei di éischt Geleegenheet sech an eis kennenzeléieren. Lëtzebuerger Zeitunge (vun der AELK abonnéiert) fannt dir an der Mensa bäi der UStA. Neiegkeete fannt dir hei op der Homepage an dir kritt déi per Mail geschéckt. Eisen immense Programm, Kulturtipps an Umeldungslëschte fir d'Aktivitéite fannt dir och ëmmer um Internet.

Last but not least stelle mir iech nach eise President den Noah vir! 👑Den Noah ass 24 Joer al a studéiert Maschinnebau.S...
22/10/2026

Last but not least stelle mir iech nach eise President den Noah vir! 👑

Den Noah ass 24 Joer al a studéiert Maschinnebau.
Säi Guilty Pleasure? Op Kleinanzeigen no Schnäppche sichen.

Domat ass eise Comité dann och komplett virgestallt! 🥳

Weider geet et mat eisem Sekretär André! Den André ass 23 Joer al a studéiert Physik. A senger Fräizäit zockt hie gär od...
22/10/2026

Weider geet et mat eisem Sekretär André!

Den André ass 23 Joer al a studéiert Physik. A senger Fräizäit zockt hie gär oder geet an de Kino.

Ee klenge Fun Fact: Hie war souguer schonn eng Kéier an der Zeitung!

Weider geet et mat der Virstellung vun eisem Comité! 💙Haut stelle mir iech eise Cooptéierte Felix vir!De Felix ass 20 Jo...
22/10/2026

Weider geet et mat der Virstellung vun eisem Comité! 💙

Haut stelle mir iech eise Cooptéierte Felix vir!

De Felix ass 20 Joer al a studéiert Informatik. A senger Fräizäit spillt hie gär Saxophon, zeechent oder zockt.

Säi Guilty Pleasure? Baguette an de Kaffi zappen. :p

Wei all Joers rem stellen ech iech endlech mol d'Persoun hannert dësem Account vir – also mech selwer. Ech sinn d'Vicky,...
14/10/2026

Wei all Joers rem stellen ech iech endlech mol d'Persoun hannert dësem Account vir – also mech selwer.

Ech sinn d'Vicky, 26 Joer al an bei der AELK fir d'Social Media (an nach aaner 100 Saachen) zoustänneg.

Ech maachen aktuell mäi Master an der Bildungswëssenschaft an ech hunn Kaatzen immens gären. Aaner Funfacts get et net. ✨

An weider geet et mat der Virstellung vun eisem Comité! Haut ass eise Sportsdelegéierte Pol un der Rei! 🏃‍♂️De Pol ass 2...
14/10/2026

An weider geet et mat der Virstellung vun eisem Comité!

Haut ass eise Sportsdelegéierte Pol un der Rei! 🏃‍♂️

De Pol ass 23 Joer al a mécht säi Master am Ëmweltingenieurwiesen. A senger Fräizäit ass hie natierlech ganz sportlech ënnerwee, virun allem beim Duathlon.

An e klenge Fun Fact: De Pol krut souguer schonn de Fairplay-Präis vum Lëtzebuerger Sportspresseverband iwwerreecht! 🏆

Den Summer ass riwwer an d'nei Semester huet gestart.Hei also eis upcoming Events am Wanter ❄️
08/10/2026

Den Summer ass riwwer an d'nei Semester huet gestart.
Hei also eis upcoming Events am Wanter ❄️

Haut stelle mir iech eisen Tresorier Fabrice vir! 💰✨De Fabrice ass 23 Joer al a studéiert Ëmweltingenieur  an mécht zous...
06/10/2026

Haut stelle mir iech eisen Tresorier Fabrice vir! 💰✨

De Fabrice ass 23 Joer al a studéiert Ëmweltingenieur an mécht zousätzlech e Master a BWL/Projektmanagement. A senger Fräizäit ass hie beim Foodsharing dobäi, geet Paragliden oder verbréngt seng Zäit am Cercle.

A säi Liblingsdrink? Bei Events duerf Sangria nie fehlen!

Dës Kéier stelle mir iech eise Kulturdelegéierte Milan vir! 🎭✨De Milan ass 19 Joer al a studéiert Wirtschaftsinformatik....
05/10/2026

Dës Kéier stelle mir iech eise Kulturdelegéierte Milan vir! 🎭✨

De Milan ass 19 Joer al a studéiert Wirtschaftsinformatik. A senger Fräizäit spillt hie Gittar, liest oder zockt.

A nach e klenge Fun Fact: Hien kann net Repsen.

Haut si mir nees dru mat der Virstellung vun eise Comitésmemberen! 🥳Den Ufank mécht eisen Webmaster Alex! 💻✨Den Alex ass...
05/10/2026

Haut si mir nees dru mat der Virstellung vun eise Comitésmemberen! 🥳

Den Ufank mécht eisen Webmaster Alex! 💻✨
Den Alex ass 26 Joer al a studéiert Informatik op der HKA. Wann hien net grad un eiser Website tüftelt, ass hie gäre mam Moto ënnerwee oder bei enger Ronn Brietspiller dobäi. 🎲

Schéin, dech am Comité ze hunn, Alex! 💙

Léif Memberen a Frënn vun der AELK,Hei eng kurz Iwwersicht iwwert d'Programm vun den Aktivitéiten am Summersemester.Komm...
26/04/2026

Léif Memberen a Frënn vun der AELK,

Hei eng kurz Iwwersicht iwwert d'Programm vun den Aktivitéiten am Summersemester.

Kommt bis laanscht kucken🍻🍻

Adresse

Karlsruhe

Benachrichtigungen

Erfahren Sie als Erste/r von Neuigkeiten und Aktionen: Wir schicken Ihnen eine E-Mail, wenn Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) etwas veröffentlicht. Ihre E-Mail-Adresse wird für keinen anderen Zweck verwendet, und Sie können sich jederzeit abmelden.

Kontaktieren Sie Die Organisation

Nachricht an Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) senden:

Verknüpfungen

Teilen