24/02/2026
Un peu d’exercices d’orthographe ?
Trainéiert Är Orthografie – einfach, séier, richteg!
Vläicht kennt Dir e schonn, eisen Orthotrainer – ma elo presentéiert e sech an engem ganz neie Look! ✨
Den Orthotrainer (orthotrainer.lu) ass eng Plattform, op där jiddereen net nëmmen d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch mat Exercicer kann trainéieren, mee sech och déi orthografesch Reegele separat ukucken – a se souguer als PDF eroflueden. De Site gouf komplett iwwerschafft a bitt elo e Léierparcours mat iwwer 400 Exercicer, dee spilleresch un d’Orthografie eruféiert an esou motivéiert fir ze léieren. 🙌
➡️ Fir wien ass den Orthotrainer geduecht?
Déi kuerz Äntwert ass: fir jiddereen, dee seng orthografesch Kenntnisser am Lëtzebuergesche wëllt verbesseren! Besonnesch riicht e sech awer u Schüler a Schülerinne vu 4e un, d’Administratiounen an d’Léierpersonal. En ass och eng gutt Virbereedung fir all déi, déi den Zertifikat fir d’Lëtzebuerger Orthografie (ZLO) wëlle maachen. Mir wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vum neie Site! 🤓
Ministère de la Culture, Luxembourg INLL - Institut national des langues Luxembourg