Natur&ëmwelt Kanton Réiden

Natur&ëmwelt Kanton Réiden Natur&ëmwelt Kanton Réiden setzt sech fir den Naturschutz am Kanton Réiden an

Le Martin-pêcheur Le Martin-pêcheur (lux. Äisvull, all. Eisvogel, ang. Kingfisher) est l’un des oiseaux les plus colorés...
07/10/2026

Le Martin-pêcheur

Le Martin-pêcheur (lux. Äisvull, all. Eisvogel, ang. Kingfisher) est l’un des oiseaux les plus colorés du canton de Rédange. Il vit sur les plus grandes rivières comme l’Attert et ses différents affluents, où il se nourrit de petits poissons et d’insectes aquatiques. On peut également l’observer sur des eaux stagnantes, et parfois même aux alentours de petits étangs de jardin, à proximité immédiate des habitations. Cependant, il n’est pas facile à observer : il survole rapidement la surface de l’eau et a déjà disparu quelques secondes plus t**d. Pourtant, si on prête attention à son cri caractéristique, aigu et perçant, « ziii », les chances de croiser un Martin-pêcheur sont bien plus grandes. Par ailleurs, il niche dans une paroi escarpée, où il creuse un tunnel.
Sur la Liste rouge des oiseaux nicheurs du Luxembourg, le Martin-pêcheur est classé dans la catégorie « Liste d’alerte ».
Si cet article vous a plu, n’hésitez pas à le partager avec vos amis et d’abonner notre site !

02/10/2026

🌿 Formation Nature 2026–2027

Du wëlls d’Natur zu Lëtzebuerg besser kenne léieren, ekologesch Zesummenhäng verstoen an däi Wëssen herno un anerer weiderginn? 🌱🦋

D’Formation Nature vun natur&ëmwelt verbënnt fundéiert Wësse mat prakteschen Excursiounen. Iwwert 6 Moduller beschäftegs du dech ënner anerem mat Flora & Fauna, Ekologie & Liewensraim, Biodiversitéit & Naturschutz, Geologie souwéi Naturvermëttlung.

📅 Start: 14. Oktober 2026
🕖 19:00–21:00 Auer
📍 Haus vun der Natur, Kockelscheuer
🗣️ LU, DE
✉️ Umeldung: [email protected]
💶 Präis: 400 € (Membere kréien 10 % Remise)

D’Formatioun besteet aus obligatoresche Basismoduller a fräi wielbare Walmoduller a kann innerhalb vun zwee Joer ofgeschloss ginn.

🎓 Nom erfollegräichen Ofschloss kriss du däin Zertifikat als Guide Nature.

Biber     /     Castor    /      BeaverDe Biber (d. Biber, f. castor, e. beaver) war a groussen Deeler vun Europa duerch...
29/09/2026

Biber / Castor / Beaver

De Biber (d. Biber, f. castor, e. beaver) war a groussen Deeler vun Europa duerch de Mënsch ausgerott ginn. Duerch verschidde Reintroductiounen an nodeem de Biber geschützt gouf, huet sech de Bestand lues a lues erhol an 2009 ass hien erëm zu Lëtzebuerg gesi ginn. Och am Réidener Kanton gouf et e Comeback un der Atert an der Schwéibech.
De Biber, als semi-aquatesch Aart, ass perfekt un d’Liewen am Waasser ugepasst: hien huet Schwammhait un de Féiss an eng dëck Speckschicht. Am einfachsten erkennt een hien un dem platten, schuppege Schwanz. Mat sengen immens starken Zänn kann hie Beem schielen an duerno ëmleeën. Am Wanter frësst hien d’Schuel a mat den Äscht baut hien en Damm oder eng Buerg. Esou kann hie säi Fudder, Waasser- an Uferplanzen a Blieder vu Beem, schwammend erreechen. Gläichzäiteg schaaft hie Liewensräim fir vill Aarte vun de Fiichtgebitter wëll hien z.B. Baachen ustaut.

28/09/2026

🌳 De Feldspatz lieft méi wäit fort zum Mënsch (am Géigesaz zum Hausspatz) um Bëschrand, an Hecken oder a Bongerten.

🌱 Heen ernäert sech haaptsächlech vum Som a Planzen, ausser wann heen seng Kleng muss opzéien. Déi kréie kleng Wierm an Insekten, well Kären ze haart fir si sinn.

⚖ Ob beim Baue vum Nascht, beim Bréien oder beim Fiddere vun de Jonken: Männchen a Weibchen (déi sech optesch kaum ënnerscheeden) deelen sech déi Aufgabe bal symmetresch.

👉 Wanns du wëlls, dass de Feldspatz Vull vum Joer 2027 gëtt, da stëmm lo fir hien of! (Link an de Kommentarer)

-----FR-----

🌳 Le moineau friquet vit plus loin des humains (contrairement au moineau domestique), à la lisière des bois, dans les haies ou dans les vergers.

🌱 Il se nourrit principalement de graines et de végétaux, sauf lorsqu’il doit élever ses petits. Il donne alors à ses oisillons de petits vers et des insectes, car les graines sont trop dures pour eux.

⚖ Qu'il s'agisse de construire le nid, de pondre les œufs ou de nourrir les petits, le mâle et la femelle (qui sont presque impossibles à distinguer physiquement) se partagent ces tâches de manière presque égale.

👉 Si vous souhaitez que le moineau domestique soit élu « Oiseau de l'année 2027 », votez pour lui dès maintenant ! (lien dans les commentaires)

Kréchel   /  Turmfalke   /   Faucon crécerelle   /  KrestelD’Kréchel (d. Turmfalke, f. Faucon crécerelle, e. Kestrel) as...
22/09/2026

Kréchel / Turmfalke / Faucon crécerelle / Krestel

D’Kréchel (d. Turmfalke, f. Faucon crécerelle, e. Kestrel) ass e mëttelgrousse Fallek den am Réidener Kanton niewent dem Bussard net rar ass. Dëse Gräifvull jeet haaptsächlech Mais, mee och grouss Insekten, an dëst andeem hie wéi en Helikopter an der Luucht op der Plaz steet, dat sougenannten „Rütteln“ a vun do aus no Fudder kuckt. Mee hie kann och vun engem Poteau oder engem Bam aus joen. D’Kréchel gesäit een och oft an den Uertschaften an ass net besonnesch schéi.
Seng Brutt huet hien an ale Kuebennäschter oder u Gebaier z.B. der Buerg vun Useldeng.
Wann Iech dëse Poust gefällt, dann deelt e w.e.g. mat Äre Frënn! Déi nächst Woch stelle mir Iech de Biber vir.

17/09/2026

DIR entscheed, ween de Vull vum Joer 2027 gëtt!

Dräi Kandidaten stinn zur Auswiel:

🚜 De Feldspatz
🌲 Den Dommendéck
🤿 Den Hauwendaucher

👉 Klickt op den Link a bestëmmt mat, wien de Vull vum Joer 2027 gëtt!
https://www.naturemweltasbl.lu/vvj

Bei 𝐋𝐮𝐱𝐞𝐦𝐛𝐨𝐮𝐫𝐠'𝐬 𝐛𝐢𝐫𝐝 𝐨𝐟 𝐭𝐡𝐞 𝐲𝐞𝐚𝐫 𝟐𝟎𝟐𝟕 geet et net dorëms, wéi bekannt, wéi rar oder wéi bedroht e Vull ass.
Et geet ëm d’Vilfalt vun eiser Vullewelt. 🐦💚
All 3 Kandidaten hunn hieren eegene Liewensraum an hier ganz speziell Besoinen. Dat heescht wann ee Vull gewielt gëtt, steet en och fir säin ganzt Ëmfeld, also all déi aner Aarten, déi do liewen. 🌳🌾💧

Also maacht mat, stëmmt online of an denkt drun: Nëmmen 1 kann Vull vum Joer 2027 ginn!

****

C’est VOUS qui décidez qui sera l’Oiseau de l’année 2027 !

Trois candidats sont au choix :

🚜 Le Moineau friquet
🌲 Le Roitelet huppé
🤿 Le Grèbe huppé

👉 Votez en cliquant le lien et participez au choix de l’Oiseau de l’année 2027 !
https://www.naturemweltasbl.lu/vvj

Pour le 𝐋𝐮𝐱𝐞𝐦𝐛𝐨𝐮𝐫𝐠'𝐬 𝐛𝐢𝐫𝐝 𝐨𝐟 𝐭𝐡𝐞 𝐲𝐞𝐚𝐫 𝟐𝟎𝟐𝟕, il ne s’agit pas de savoir quel oiseau est le plus connu, le plus rare ou le plus menacé.
Il s’agit avant tout de mettre en lumière la diversité de notre monde des oiseaux. 🐦💚

Chacun des trois candidats a son propre habitat et des besoins bien spécifiques. Cela signifie qu’en choisissant un oiseau, vous mettez également en lumière tout son environnement et les nombreuses autres espèces qui y vivent. 🌳🌾💧

Alors participez, votez en ligne et n’oubliez pas : un seul pourra devenir l’Oiseau de l’année 2027 !

Äisvull   /   Eisvogel   /   Martin pêcheur   /   KingfisherDen Äisvull (d. Eisvogel, f. Martin pêcheur, e. Kingfisher) ...
17/09/2026

Äisvull / Eisvogel / Martin pêcheur / Kingfisher

Den Äisvull (d. Eisvogel, f. Martin pêcheur, e. Kingfisher) ass ee vun deene faarwegsten Vullen am Réidener Kanton. Hie lieft u gréissere Baache wéi der Atert a verschiddenen Zouflëss a frësst kleng Fësch a Waasserinsekten. Mee et kann een hien och u stoende Gewässer gesinn a munchmol souguer bei klenge Gaardeweieren direkt bei den Haiser. Mee hien ass net einfach ze beobachten – schnell flitt hien iwwert d’Waasser an ass scho Sekonne méi spéit verschwonnen. Passt een awer op säi charakteristeschen, schaarfen ziii-Ruff op, dann huet ee vill méi Chancen dem Äisvull ze begéinen. Seng Brutt zitt hien iwwregens an enger engem Uferofbroch op, wou hien e Bruttunnel dra grueft.
Op der Rouder Lëscht vun de Lëtzebuerger Brutvullen ass den Äisvull an der Kategorie “Vorwarnliste” agestuuft.
Wann Iech dëse Poust gefällt, dann deelt e w.e.g. mat Äre Frënn! Déi nächst Woch stelle mir Iech d’Kréchel vir. Dir wësst net wat dat ass? Da losst Iech iwwerraschen.

Kleng Sensatioun an der Gemeng BiekerechDe leschte Weekend huet sech e Wäisse Milan (d. Gleitaar, fr. Elanion) bei Näerd...
01/09/2026

Kleng Sensatioun an der Gemeng Biekerech

De leschte Weekend huet sech e Wäisse Milan (d. Gleitaar, fr. Elanion) bei Näerden gewisen a konnt och vun de Spezialiste vun der Centrale ornithologique bestätegt ginn. Dës spektakulär Graifvullenaart ass virun circa 60 Joer aus Afrika an Europa agewandert an huet sech zimmlech séier op der Iberescher Hallefinsel ausgebreet. Haut gëtt et de Wäisse Milan och am Frankräich (zënter 1990) a ganz seelen an Däitschland. A ganz Europa bréien tëschen 1300 an 2900 Koppelen. Et ass dëst schonn déi 2. Beobachtung vun dësem rare Gräifvull an der Biekerecher Gemeng fir dëst Joer. Mëttelfristeg kann een dermat rechnen, dass dës Vullenaart iergendwann och zu Lëtzebuerg bréie wäert.

Adresse

8 Rue D'Everlange
Useldange
L-8707

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Natur&ëmwelt Kanton Réiden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Natur&ëmwelt Kanton Réiden:

Raccourcis

Partager