Mëllerdaller Produzenten

  • Home
  • Mëllerdaller Produzenten

Mëllerdaller Produzenten Produzentinnen & Produzenten aus der Regioun Mëllerdall

02/10/2026
D’Mëllerdaller Produzenten um Radio 100,7 - elo nolauschteren 📻
15/09/2026

D’Mëllerdaller Produzenten um Radio 100,7 - elo nolauschteren 📻

Am Kader vun engem LEADER-Projet entwéckelen d’Mëllerdaller Produzenten hire Veräin weider. Am Mëttelpunkt stinn d’Mënschen hannert de regionale Produiten, hir Zesummenaarbecht an d’Fro, wéi aus engem Netzwierk laangfristeg e Mehrwert fir d’Memberen an d’Regioun entsteet. Dobäi geet...

De Grill gëtt versuergt vun den Mëllerdaller Produzenten Mëllerdaller Produzenten Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:...
04/09/2026

De Grill gëtt versuergt vun den Mëllerdaller Produzenten Mëllerdaller Produzenten

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am Weier".

Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Mëttesgiessen vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall, Eisekuchen vun den Eppelduerfer a genuch ze schmaachen op de Stänn.

14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner

Ee Rendez-vous, deen einfach an de Kalenner gehéiert: Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter am 06.09.2026De Stroossemaart...
17/08/2026

Ee Rendez-vous, deen einfach an de Kalenner gehéiert: Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter am 06.09.2026

De Stroossemaart zu Miedernach ass mëttlerweil e feste Rendez-vous fir eis. E ganzen Dag voller Lëtzebuerger Produiten, guddem Iessen an direktem Austausch mat de Produzenten.

Kucken, schmaachen, entdecken, akafen – a virun allem eng gutt Zäit hunn.

An dat Bescht: Och dëst Joer sinn erëm eng ganz Partie Mëllerdaller Produzente mat hire Produiten um Start: Biokéiserei Baltes, Fru, Liqueurs de Beaufort, Eppelpress, Opyos Beverages, Hunneg aus dem Mëllerdall, Ben Weber, Moulin Dieschbourg &
Distillerie Weber-Walch.

A fir de klengen a groussen Honger ass och gesuergt: D'Mëllerdaller Produzente stinn um Grill a suerge fir eppes Guddes z'iessen! 🔥

Also: Elo schonn de 6. September am Kalenner blockéieren – mir gesinn eis zu Miedernach! 🙂

Haut war et endlech esou wäit! 🧺De gléckleche Gewënner vun eisem Foire Agricole Gewënnspill huet haut säi Picknick am Më...
16/08/2026

Haut war et endlech esou wäit! 🧺

De gléckleche Gewënner vun eisem Foire Agricole Gewënnspill huet haut säi Picknick am Mëllerdall genoss. 🥂
Et gouf zesummen ugestouss, gutt giess an, dat Wichtegst, ganz vill schéi Momenter an Zäit matenee genoss.

Esou léisst sech de Mëllerdall schmaachen!

08/07/2026

Heiansdo soen d'Biller méi wéi dausend Wierder.

Schéi Begéinungen.
Regional Genoss.
Eng flott Ambiance.
A virun allem vill Häerzblutt.

Merci un all eis Visiteuren, Produzenten, Fräiwëlleger a Partner, déi d'FAE 2026 zu engem ganz besonneschen Event gemaach hunn.

Mir kucke mat Freed op dëse flotte Weekend zeréck a freeën eis schonn op dat nächst Joer!🙂

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!Mir, d’Mëllerdaller Produze...
31/05/2026

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!

Mir, d’Mëllerdaller Produzenten, sinn immens frou an dankbar, datt d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen sech d’Zäit geholl huet, fir perséinlech op de Luushaff zu Schrondweiler ze kommen an sech iwwert eis Strategie, eis nei Kommunikatiounsaktiounen an eis Serviceofferen ze informéieren.

Hir Wierder motivéieren eis, eisen ageschloene Wee weiderzegoen: Motivatioun, gutt Produiten an een immensen Zesummenhalt – genee dat mécht eis Gemeinschaft aus.

E grousse Merci geet och un all déi Bedeelegt – un eis Memberen, eis Partner, de LEADER-Programm an un all déi, déi eis op dësem Wee begleeden an ënnerstëtzen.

Mir freeën eis op alles, wat nach kënnt, a mir setzen eis och weiderhi mat vill Engagement fir eis Regioun an hir Produiten an.

Är Mëllerdaller Produzenten

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:FRU  · Maiso...
08/05/2026

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷

Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:
FRU · Maison Viticole Roeder · René Krippes · Ramborn C***r Haff a vill méi

Dobäi gëtt et och Musek! Kommt laanscht a genéisst e flotten Dag zu Rouspert! 😀

Address


Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Mëllerdaller Produzenten posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Shortcuts

  • Want your organization to be the top-listed non profit organization?

Share