Gemeng Schieren

  • Home
  • Gemeng Schieren

Gemeng Schieren Offiziell Säit vun der Gemeng Schieren

🇱🇺 📢 D’Gemengeverwaltung bleift och haut ausnamsweis fir de Public zou. Merci fir Äert Versteesdemech!🇫🇷 📢 L’administrat...
06/10/2026

🇱🇺 📢 D’Gemengeverwaltung bleift och haut ausnamsweis fir de Public zou. Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 📢 L’administration communale reste exceptionnellement fermée au public aujourd’hui également. Merci de votre compréhension !

🇱🇺 📢 Mir informéieren Iech, dass d’Gemengeverwaltung haut ausnamsweis de ganzen Dag fir de Public zou ass.
Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 📢 Nous vous informons que l’administration communale est exceptionnellement fermée au public toute la journée.
Merci de votre compréhension !

🇱🇺⚽️ Déi nei Sportinfrastruktur um Fussballterrain ass fäerdeg!De leschte Freideg gouf d’Fäerdegstellung vun der neier S...
05/10/2026

🇱🇺⚽️ Déi nei Sportinfrastruktur um Fussballterrain ass fäerdeg!

De leschte Freideg gouf d’Fäerdegstellung vun der neier Sportinfrastruktur um Fussballterrain zu Schieren gefeiert.

Zu dëser Geleeënheet waren déi Persounen invitéiert, déi direkt mam Projet verbonne waren: Vertrieder vum Gemengerot a vum Gemengepersonal, déi betraffe lokal Veräiner, souwéi d’Architekten, Entreprisen an d‘Handwierker, déi un der Realisatioun vun der neier Infrastruktur matgeschafft hunn.

An engem klenge Kader konnt esou op den Ofschloss vun dëser wichteger Etapp ugestouss an alle Bedeelegte Merci gesot ginn, déi mat hirer Aarbecht an hirem Engagement zum Projet bäigedroen hunn.

Déi nei Infrastruktur bitt de Veräiner an de Benotzer vum Fussballterrain modern a verbessert Konditiounen a stellt eng wichteg Etapp an der weiderer Entwécklung vum gesamte Sportsite duer.

🎉 Déi grouss offiziell Aweiung ass fir d’nächst Joer geplangt, wann d’Aarbechten um ganze Sportsite ofgeschloss sinn. Da soll déi komplett nei Sportinfrastruktur zesumme mat der breeder Ëffentlechkeet gefeiert ginn.

🇫🇷⚽️ Les nouvelles infrastructures sportives du terrain de football sont achevées !

Vendredi dernier, l’achèvement des nouvelles infrastructures sportives du terrain de football de Schieren a été célébré dans un cadre restreint.

À cette occasion, les personnes directement impliquées dans le projet avaient été conviées : des représentants du conseil communal et du personnel communal, les associations locales concernées, ainsi que les architectes, entreprises et corps de métier ayant participé à la réalisation de ces nouvelles infrastructures.

Ce moment convivial a permis de marquer l’aboutissement de cette importante étape du projet, de partager un verre ensemble et de remercier l’ensemble des personnes ayant contribué, par leur travail et leur engagement, à sa concrétisation.

Ces nouvelles infrastructures offrent désormais aux associations et aux utilisateurs du terrain de football des conditions modernes et nettement améliorées. Elles constituent également une étape importante dans la poursuite du développement de l’ensemble du site sportif.

🎉 La grande inauguration officielle est prévue pour l’année prochaine, une fois l’ensemble des travaux sur le site sportif achevés. Ce sera alors l’occasion de célébrer les nouvelles infrastructures dans leur ensemble avec le grand public.

🇱🇺 📢 Mir informéieren Iech, dass d’Gemengeverwaltung haut ausnamsweis de ganzen Dag fir de Public zou ass.Merci fir Äert...
05/10/2026

🇱🇺 📢 Mir informéieren Iech, dass d’Gemengeverwaltung haut ausnamsweis de ganzen Dag fir de Public zou ass.
Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 📢 Nous vous informons que l’administration communale est exceptionnellement fermée au public toute la journée.
Merci de votre compréhension !

🇱🇺 Wëllkomm Kelly 👋Zënter dem 1. September 2026 verstäerkt d’Kelly d’Ekipp vun der Gemeng Schieren.D’Kelly schafft an de...
02/10/2026

🇱🇺 Wëllkomm Kelly 👋
Zënter dem 1. September 2026 verstäerkt d’Kelly d’Ekipp vun der Gemeng Schieren.
D’Kelly schafft an der Recette communale an huet d’Funktioun vum Receveur communal iwwerholl. Zu sengen Aufgabe gehéieren ënner anerem d’Gestioun vun de Recetten an de Paiementer vun der Gemeng, de Suivi vun de Rechnungen an déi verschidden Aufgaben am Beräich vun der kommunaler Comptabilitéit.

Hei stellt d’Kelly sech kuerz vir:
„No e puer Joer Beruffserfarung am administrative Beräich bei enger anerer Gemeng hunn ech mech fir eng nei berufflech Erausfuerderung zu Schieren entscheet. Am Kader vu menger berufflecher Weiderbildung hunn ech och d’Formatioun als Receveur communal ofgeschloss.

Elo freeën ech mech op meng nei Aufgab hei zu Schieren an dorop, nei Erfarungen ze sammelen, mech weider an dësem Beräich z’entwéckelen an dat Geléiert an der Praxis ëmzesetzen.

Ech si frou, Deel vun der Gemeng Schieren ze sinn, a freeë mech op eng gutt Zesummenaarbecht mat mengen neie Kolleeginnen a Kolleegen an natierlech och drop, d’Gemeng Schieren an hir Awunner an Zukunft mat menger Aarbecht z’ënnerstëtzen.“

Mir heeschen d’Kelly häerzlech wëllkomm a wënschen hir e gudde Start a vill Erfolleg bei hiren neien Aufgaben! 👩‍💻🤝

🇫🇷 Bienvenue à Kelly ! 👋
Depuis le 1er septembre 2026, Kelly a rejoint l’équipe de la Commune de Schieren.
Kelly travaille à la recette communale et a repris la fonction de receveur communal. Ses missions comprennent notamment la gestion des recettes et des paiements de la commune, le suivi des factures ainsi que différentes tâches liées à la comptabilité communale.

Vous en apprendrez davantage sur Kelly dans la prochaine édition du Louis 📘.
Nous souhaitons à Kelly la bienvenue, un excellent début dans ses nouvelles fonctions et beaucoup de succès pour la suite ! 👩‍💻🤝

🇱🇺 📖 Schieren – En Duerf erlieft 2 WeltkricherE Freideg gouf dat neit Buch vum Mil Goerens feierlech virgestallt. Mat hi...
28/09/2026

🇱🇺 📖 Schieren – En Duerf erlieft 2 Weltkricher
E Freideg gouf dat neit Buch vum Mil Goerens feierlech virgestallt. Mat historesche Fotoen, Dokumenter a perséinlechen Erënnerunge gëtt e wichtegt Stéck vun eiser Duerfgeschicht fir déi zukünfteg Generatioune festgehalen.

E besonneschen an emotionale Moment war d’Präsenz vun den Zäitzeien, déi dës Zäit selwer erlieft hunn. Als Zeeche vun Unerkennung kruten si vum Auteur Mil Goerens, dem Kulturminister Eric Thill an der Gemeng Schieren perséinlech en Exemplaire vum Buch iwwerreecht. ❤️🤍

Nieft enger Ausstellung mat historesche Fotoen an Dokumenter konnten d’Visiteuren och um Samschdeg bei enger Buchliesung méi iwwer d’Geschicht vu Schieren gewuer ginn.

E grousse Merci un de Mil Goerens an all déi Leit, déi zu dësem wäertvolle Wierk bäigedroen hunn! 🙏

📚 D’Buch ass elo ze kafen!
💶 Präis: 50 €
📩 Bestellung: [email protected]
📦 Versand méiglech (+10 €)

Eng wäertvoll Erënnerung fir all Schierener a Geschichtsinteresséiert! 🇱🇺

🇱🇺 De Mëttwoch 23. September 2026 fënnt um 18.00 Auer eng Gemengerotssëtzung statt. De ganzen Ordre du jour fannt Dir wé...
18/09/2026

🇱🇺 De Mëttwoch 23. September 2026 fënnt um 18.00 Auer eng Gemengerotssëtzung statt. De ganzen Ordre du jour fannt Dir wéi gewinnt op eiser Internetsäit: : https://neon.ly/e9YB4

🇫🇷 Le mercredi 23 septembre 2026, à 18h00, se tiendra une séance du conseil communal. L’ordre du jour complet est disponible ici : https://neon.ly/e9YB4

🇱🇺🔐 Sécher an der digitaler Welt – éischte Workshop zu SchierenGëschter huet am Centre Culturel Al Schoul zu Schieren de...
18/09/2026

🇱🇺🔐 Sécher an der digitaler Welt – éischte Workshop zu Schieren
Gëschter huet am Centre Culturel Al Schoul zu Schieren de Workshop „Sécher an der digitaler Welt“ stattfonnt. D’Gemeng Schieren an Inter-Actions asbl - Nordstad Aktiv + haten zesumme mat GoldenMe Luxembourg op dëse SmartTalk invitéiert.

Am Laf vu ronn zwou Stonne kruten d’Participanten unhand vu konkrete Beispiller gewisen, wéi ee Phishing-E-Maile respektiv Smishing-Noriichte per SMS erkennt a wourop een oppasse soll, fir sech besser vir Bedruchsversich an der digitaler Welt ze schützen.

D’Interesse war grouss an et gouf vill Raum fir Froen an Austausch. Nom Workshop konnten d’Participanten den informativen Nomëtteg nach bei engem Patt gemittlech ausklénge loossen an individuell Froe stellen.

👏 E ganz gelongenen an informativen Nomëtteg. Merci un all d’Participanten an un d’Referenten!

🇫🇷🔐 En sécurité dans le monde numérique – premier workshop à Schieren

Hier, le workshop « En sécurité dans le monde numérique » a eu lieu au Centre Culturel Al Schoul à Schieren. La Commune de Schieren et Nordstad Aktiv+ avaient invité à ce SmartTalk en collaboration avec GoldenMe.

Pendant deux heures, les participants ont pu découvrir, à travers des exemples concrets, comment reconnaître les e-mails de phishing ainsi que les messages de smishing par SMS, et quels réflexes adopter pour mieux se protéger contre les tentatives de fraude dans le monde numérique.

L’intérêt était grand et de nombreuses questions ont pu être abordées. Après le workshop, les participants ont encore eu l’occasion d’échanger autour d’un verre et de poser des questions plus individuelles.

👏 Un après-midi très réussi et instructif. Merci à tous les participants ainsi qu’aux intervenants !

🇱🇺 🚴 Tour de Luxembourg – Ännerungen am BusverkéierWéinst der 3. Etapp vum Tour de Luxembourg kënnt et muer, Freideg den...
17/09/2026

🇱🇺 🚴 Tour de Luxembourg – Ännerungen am Busverkéier
Wéinst der 3. Etapp vum Tour de Luxembourg kënnt et muer, Freideg den 18. September, zu verschiddenen Ännerungen an Ëmleedungen am Busverkéier, déi och Schieren betreffen. 🚌

👉 Den offiziellen Avis mat allen Detailer fannt Dir hei: https://neon.ly/k3xVE

🇫🇷 🚴 Tour de Luxembourg – Info trafic
En raison de la 3ᵉ étape du Tour de Luxembourg, plusieurs modifications et déviations du trafic des bus sont prévues demain, vendredi 18 septembre, notamment à Schieren. 🚌

👉 Retrouvez l’avis officiel avec tous les détails ici : https://neon.ly/k3xVE

🇱🇺 Klenge Reminder: dëse Weekend! 🧱Dëse Weekend, den 19. & 20. September 2026, fënnt zu Schieren den gratis Dréchemauer-...
15/09/2026

🇱🇺 Klenge Reminder: dëse Weekend! 🧱

Dëse Weekend, den 19. & 20. September 2026, fënnt zu Schieren den gratis Dréchemauer-Workshop statt. Et sinn nach e puer Plaze fräi! 👷‍♀️👷

👉 Umeldung nach méiglech via [email protected]

🇫🇷 Petit rappel : c’est ce week-end ! 🧱

L’atelier gratuit « Mur en pierres sèches » aura lieu ce week-end, les 19 & 20 septembre 2026 à Schieren. Il reste encore quelques places disponibles ! 👷‍♀️👷

👉 Inscriptions toujours possibles via [email protected]

🇱🇺🎒 Schoulufank 2026 zu Schieren 📚Mir wënschen alle Kanner, hiren Elteren an dem Léierpersonal e flotte Start an dat nei...
15/09/2026

🇱🇺🎒 Schoulufank 2026 zu Schieren 📚
Mir wënschen alle Kanner, hiren Elteren an dem Léierpersonal e flotte Start an dat neit Schouljoer! 🌟

Fir d’Rentrée gouf et dëst Joer och eng kleng Iwwerraschung: All Kand krut vun der Gemeng eng Sécherheetswest, fir um Schoulwee gutt siichtbar ënnerwee ze sinn. 🦺 Ausserdeem krut all Schüler a Schülerin e Rucksak vun der NORDSTAD geschenkt. 🎒

Mir wënschen alle Schülerinnen a Schüler vill Freed, schéi Momenter a vill Erfolleg am neie Schouljoer! 🍀

🇫🇷🎒 Rentrée scolaire 2026 à Schieren 📚
Nous souhaitons à tous les enfants, à leurs parents ainsi qu’au personnel enseignant un excellent début de cette nouvelle année scolaire ! 🌟

Cette année, une petite surprise attendait également les enfants à l’occasion de la rentrée : chaque enfant a reçu de la commune un gilet de sécurité, afin d’être bien visible sur le chemin de l’école. 🦺 Chaque élève a également reçu un sac à dos de la Nordstad. 🎒

Nous souhaitons à toutes les élèves et à tous les élèves beaucoup de plaisir, de beaux moments et une excellente année scolaire ! 🍀

Address


Opening Hours

Monday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Tuesday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Wednesday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Thursday 13:30 - 16:30
Friday 07:00 - 11:30

Telephone

0035281266854

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Gemeng Schieren posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Contact The Organization

Send a message to Gemeng Schieren:

  • Want your organization to be the top-listed non profit organization?

Share