Autisme Luxembourg asbl

  • Home
  • Autisme Luxembourg asbl

Autisme Luxembourg asbl Une association au service des personnes présentant un trouble envahissant du spectre de l'autisme

❤️‍🔥 🏳️‍🌈 Slow Dating inklusiv 🏳️‍🌈 ❤️‍🔥  Swipe's de nach oder date's de schonn? Du hues es genuch vun iwwerflächlechen ...
09/10/2026

❤️‍🔥 🏳️‍🌈 Slow Dating inklusiv 🏳️‍🌈 ❤️‍🔥
Swipe's de nach oder date's de schonn?

Du hues es genuch vun iwwerflächlechen Online-Dates a wëlls dir Zäit huelen an dëser schnelllieweger Welt däi Géigeniwwer ouni Stress kennenzeléieren? 👩‍❤️‍💋‍👨👩‍❤️‍👩👨‍❤️‍👨

Da schreif dech elo an:
🗓 16. Oktober 2026
🕕 18:00 – 21:00 Auer
📍 45, rue Osterbour, L-7622 Larochette

Umeldung bis den 12. Oktober 2026 iwwert 🤳 621 719 408 oder
💻 www.iha.lu/slow

Rosa Lëtzebuerg, Elisabeth Handicap/ Yolande asbl Trisomie21 Lëtzebuerg asbl COOPERATIONS - Acteurs Socio-Culturels APEMH Eisleker Heem Ligue HMC Cesas Luxembourg De Park Info-Handicap Asbl

🕷🕸️🎃 It’s DiscoTisme Time 🎃🕸️🕷Mir ginn iech RDV fir déi lescht Discotisme vum Joer fir Halloween de Samsden 31. Oktober ...
30/09/2026

🕷🕸️🎃 It’s DiscoTisme Time 🎃🕸️🕷

Mir ginn iech RDV fir déi lescht Discotisme vum Joer fir Halloween de Samsden 31. Oktober mam DJDee vu 15 bis 19 Auer a freeën eis op är Verkleedung.

Séchert elo schnell äre Virverkafsticket fir nëmme 5 Euro (statt 8 Euro an der Oweskees) per Email op [email protected]

🍔Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt🥤
📍D’Adress vum Dag: Verso, 17 Les Rives de Clausen, 2165 Grund Luxembourg

🌱💻 Är Websäit ka méi gréng ginn!Mat e puer klenge Schrëtt bei der Gestaltung an der Gestioun vun ärer Websäit kann den d...
24/09/2026

🌱💻 Är Websäit ka méi gréng ginn!

Mat e puer klenge Schrëtt bei der Gestaltung an der Gestioun vun ärer Websäit kann den digitalen ekologesche Foussofdrock reduzéiert ginn – zum Beispill den Energie- a Waasserverbrauch, deen mat enger Websäit verbonnen ass.

Wat ass de Grénge Web?
🔍 Eng komplett Analys vun ärer Websäit
🌿 Konkret Recommandatioune fir ären CO₂-Foussofdrock ze verklengeren
⚙️ Hëllef bei der Optimiséierung vun ärem Site
🏷️ E Label, mat deem Dir äert Engagement weist
🤝 Eng wäertvoll Aarbecht mat enger sozialer Komponent
🌐 Wëllt dir wëssen, wéi gréng är Websäit ass?
👉 www.grengeweb.lu

An Zesumenaarbecht tëscht an

  🤝zesumme mam Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, der Agence du Bénévolat a vi...
23/09/2026

🤝zesumme mam Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, der Agence du Bénévolat a villen aneren Acteuren.

Dir wëllt är Fräizäit sënnvoll gestalten, engagéiert Leit treffen an Associatiounen entdecken, déi d’Solidaritéit am Alldag liewen ?

👉Da besicht eis Associatioun a vill spannend Missiounen am Benevolat dëse Samschden 26. September 2026

🕙 tëscht 10:00 an 16:00 Auer
📍 Abtei Neimënster
✔️Gratis an ouni Umeldung

Mei Informatiounen op foire-benevolat.lu oder per E-Mail op 📩[email protected]

🇱🇺 🎧 Lauschtert déi sechst Episod vum Podcast All Kéier Anescht (vum Service national de l'éducation inclusive - SNEI) i...
11/09/2026

🇱🇺 🎧 Lauschtert déi sechst Episod vum Podcast All Kéier Anescht (vum Service national de l'éducation inclusive - SNEI) iwwer Autismus an der Schoul 🏫

Den Iwwergang an de Jugend- an Erwuessenenalter

Eis Responsabel pédagogique d’Nathalie Oberweis an d’Sandy Vidale vum CTSA schwätzen iwwert Erausfuerderunge vun dëser Liewensphas an Approchen, déi Jugendlecher, Familljen an d’Schoul op dësem Wee ze ënnerstëtzen.

👉🎙️Lauschtert elo eran:
https://open.spotify.com/episode/2K4ZjNHMPiBN1EpC9V3SWG?si=XhhXIr8vTLy1L9-XVtfbYQ

All Kéier Anescht · Episode

🎨 Art is too important not to share 🧡Zesumme mat Benevolle vun Amazon.com Luxembourg hu mir 2 flott a kreativ Nomëtteger...
09/09/2026

🎨 Art is too important not to share 🧡

Zesumme mat Benevolle vun Amazon.com Luxembourg hu mir 2 flott a kreativ Nomëtteger verbruecht an eis Kompetenze wat Konscht ubelaangt weiderentwéckelt.

E ganz grousse Merci un d’Virginie, de Niccolò, d’Carla a jiddereen deen dës flott Stonne mat eis gedeelt huet. Et war eng aussergewéinlech flott Erfarung wou vill nei Iddien entstane sinn.

Mir freeën eis op den Austausch mat alle Klaro-Partner.KLARO steet fir d'Netzwierk vun der liichter Sprooch zu Lëtzebuer...
20/08/2026

Mir freeën eis op den Austausch mat alle Klaro-Partner.

KLARO steet fir d'Netzwierk vun der liichter Sprooch zu Lëtzebuerg.

APEMH COOPERATIONS - Acteurs Socio-Culturels Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil Info-Handicap Asbl Ligue HMC Op der Schock Tricentenaire

🇱🇺 D‘Béa an de Chris vum Klaro ware leschte Mëttwoch bei Autisme Luxembourg asbl.
Mär soe Merci fir de léiwen Empfang a fir de flotten Austausch.

05/08/2026

Aujourd’hui, nous avons reçu notre commande de petites pochettes en velours réalisées par l’association Autisme Luxembourg ✨

C’est déjà la deuxième fois que nous collaborons avec eux, et nous pouvons sincèrement les recommander. La première fois, ils avaient réalisé les pochettes de notre collection

Merci à eux pour leur beau travail, leur sérieux et leur gentillesse. Nous espérons encore plein de futures collaborations ensemble 🤍

Nous vous recommandons vraiment d’aller découvrir ce qu’ils font. 🥰

05/08/2026

🇱🇺 🧩 Autismus-Spektrum-Stéierunge begleeden déi betraffe Persounen hiert ganzt Liewen. Eng ugepassten Ënnerstëtzung, déi souwuel hir Besoinen ewéi och hir Kompetenze berécksiichtegt, ass entscheedend, fir datt si sech kënnen entwéckelen an hir Plaz an der Aarbechtswelt fannen.

An deem Sënn huet den Aarbechtsminister Marc Spautz d'Autisme Luxembourg a.s.b.l. besicht, fir sech mat de Responsabele vun der Associatioun iwwer hir Aktivitéiten, déi aktuell Erausfuerderungen an d'Méiglechkeeten auszetauschen, d'Inklusioun an d'berufflech Integratioun vu Persoune mat Autismus weider ze stäerken. 🤝

————————————

🇫🇷 🧩 Les troubles du spectre de l'autisme accompagnent les personnes concernées tout au long de leur vie. Un accompagnement adapté, tenant compte de leurs besoins mais aussi de leurs compétences, est essentiel pour leur permettre de s'épanouir et de trouver pleinement leur place dans le monde du travail.

C'est dans cet esprit que le ministre du Travail, Marc Spautz, s'est rendu auprès d'Autisme Luxembourg a.s.b.l. afin d'échanger avec les responsables de l'association sur leurs activités, les défis actuels et les moyens de renforcer l'inclusion et l'intégration professionnelle des personnes autistes. 🤝

🧡💙🧡
25/06/2026

🧡💙🧡

Today’s sweet line-up: chocolate babka, cinnamon babka and some brioche by Autisme Luxembourg asbl.

Address


Opening Hours

Monday 09:00 - 16:30
Tuesday 09:00 - 16:30
Wednesday 09:00 - 16:30
Thursday 09:00 - 16:30
Friday 09:00 - 16:30

Telephone

+3522662331

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Autisme Luxembourg asbl posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

  • Want your organization to be the top-listed non profit organization?

Share