30/07/2026
Extrait aus dem Aktivitéitsbericht vun der BIGS 2025
Entwécklungen am Dossier KRONOSPAN
Och am Joer 2025 gëtt et eng ganz Rei Plaintes vun den Awunner.innen vun de Gemengen Suessem an Déifferdeng géint d’Nuisances wéi Geroch, Stëpps a Keméidi.
- Op Ufro vun der Gemeng Suessem huet KRONOSPAN de 26. August 2025 Bierger.innen bei sech invitéiert fir kennen à voix vive hier Kloen virzedroen. D’BIGS gouf vun interesséierte Bierger.innen kontaktéiert och bei dëssem Treffen derbäi ze sinn – de Romain Borrelbach an d’Patrizia Arendt, beid Membres vun der Ëmweltkommissioun zu Suessem hunn dat dunn och gemaach.
- Hei goufen vill Froe gestalt an d’Léit wuare wierklech opbruecht a rosen. Et wuar kloer, dass si sech net méi gingen vertréischte loosen an dass elo eppes Konkretes misst geschéien.
- D’BIGS hat e Sitzungsprotokoll verfaasst deen alle Bedeelegten ënnerbreet gouf.
17.09.2025 An engem gemeinsame Kommuniqué vu BIGS a MOUVEMENT Ecologique gouf gefrot e Comité d’accompagnement ze grënnen wou esouwuel Vertrieder.innen vun de Schäfferéit, Ëmweltkommissioune, der BIGS an dem Mouvement sollte vertruede sinn; nom Modell ARCELOR-MITTAL zu Esch.
04.02.2026 Am Februar ass et dunn zu engem interne Treffen tëschent der KRONOSPAN, engem Vertrieder vum TüV-Rheinlandpfalz, vu BIOMONITOR, vum Service Ecologique vu Suessem, engem externen Expert an engem Member vun der BIGS komm. Hei gouf festgehalen, dass 1-2 mol d’Joer esou en Treffen/Austausch sollt stattfannen.
05.02.2026 Net ëffentlech Versammlung tëschent de Gemengeréit an den Membres vun der Ëmweltkommissioun vu Suessem an Déifferdeng, mat jeweils 1 Vertrieder vum Ëmwelt- an Economie-Ministère a KRONOSPAN.
Hei gouf dann och mol offiziell bestätegt, dass net alles bei KRONOSPAN an der Rei ass an dass et eng Reih Nonkonformitéite gëtt, déi bis Enn 2026 mussen behuewe ginn.
An den 2 Rapports d’expertise um Site vum Ëmweltministère ginn, fir 2025 zesummegeholl 12 non conformités mineures an och 7 non conformités significatives vermierkt.
- Nuetskaméidi - et bestätegt sech, dass de Kaméidi Nuets regelméisseg iwwert dem Grenzwäert läit / KRONOSPAN selwer konfirméiert bei hieren Tester 94 % Konformitéit
- Geroch – och hei ginn Iwwerschreidungen festgehalen bei Formaldehyd an Ammoniac (2 kriibserregent Substanzen) / KRONOSPAN huet dat endlech zouginn awer agelenkt, dass si no den amerikaneschen Normen gingen fueren a net no den europäeschen (an dat säit der Grënnung viru 40 Joer!)
- Stëpps – och hei ginn Problemer mat der Filteranlage an der Installatioun u sech / KRONOSPAN huet versprach den techneschen Probleme kuerzfristeg ze behiewen, méi Formatioune bei hierem Personal duerchzeféieren (fir dass Problemer éischter erkannt ginn) a méi séier ze reagéieren am Fall vun Depassementer.
De Vertrieder vum Ëmweltministère huet KRONOSPAN an der net ëffentlecher Versammlung opgeruff déi genannten Mängel ze behiewen, ouni awer Konsequenzen ze nennen fir de Fall wou dat nees net geschitt.
LINK zu den rapports d’expertise um Site vum Ëmweltministère :
Arrêtés d’exploitation 6.1. Fabrication, dans des installations industrielles, de: c) un ou plusieurs des panneaux à base de bois suivants: panneaux de particules orientées, panneaux d’aggloméré ou panneaux de fibres avec une capacité de production supérieure à 600 m3 par...