OGBL/Landesverband Sektioun TICE

OGBL/Landesverband Sektioun TICE Informatioun'en vun der Sektioun

20/04/2025

Den OGBL wënscht iech schéin Ouschteren, an ee grousse merci un all déi, déi un de Feierdeeg schaffen oder am Déngscht sinn! 👏
__
L’OGBL vous souhaite de joyeuses fêtes de Pâques, et un grand merci à tous ceux qui travaillent ou sont de service pendant les jours fériés! 👏

22/03/2025
🗳️ Nach 5 Deeg – Är Stëmm mécht den Ënnerscheed! 🔥Mir sinn d’Stëmm vum Personal an de Gemengen a beim Staat – mir kämpfe...
21/03/2025

🗳️ Nach 5 Deeg – Är Stëmm mécht den Ënnerscheed! 🔥

Mir sinn d’Stëmm vum Personal an de Gemengen a beim Staat – mir kämpfe fir fair Aarbechtskonditiounen, Gläichberechtegung an e staarke Syndikat!

❌ Ongerechtegkeeten am ëffentlechen Déngscht? Mir soen: Genuch ass genuch!
🛑 Déi aktuell Situatioun akzeptéieren? Keng Optioun!
✅ Eis Rechter verteidegen? Dat ass eist Zil!
👉 Dir hutt d’Muecht eppes ze änneren! Wielt Lëscht 9 – OGBL/Landesverband!

⏳ D’Zäit leeft – all Stëmm zielt! Gitt wielen a maacht e richtegen Ënnerscheed!✊🚩

📢 D'Sektioun OGBL/Landesverband TICE steet op fir eis Rechter! 💪D’Gemengebeamten an -Employéë verdénge fair Léin, gerech...
25/02/2025

📢 D'Sektioun OGBL/Landesverband TICE steet op fir eis Rechter! 💪

D’Gemengebeamten an -Employéë verdénge fair Léin, gerecht Aarbechtskonditiounen a Sécherheet fir hir berufflech Zukunft. Dofir triede mir als Sektioun OGBL/Landesverband TICE mat voller Kraaft un, fir är Rechter ze verdeedegen!

🎯 Eis Prioritéiten:
✅ Gläich Pai a fair Primen – Schluss mat Ongerechtegkeeten tëscht Beamten an Employéen!
✅ Méi Unerkennung fir all Mataarbechter – Jidderee verdéngt déi selwecht Chancen a Konditiounen!
✅ Eeschte Schutz géint Mobbing a Pressioun op der Aarbechtsplaz – Mir kämpfe fir en Aarbechtsëmfeld, wou jidderee mat Respekt behandelt gëtt!
✅ E staarkt an nohaltegt OGBL/Landesverband – Mir setzen d’Mataarbechter op éischter Plaz an hu keen Angscht, eis Stëmm fir Iech ze erhiewen!

🗳️ De 26. Mäerz ass Är Chance, e staarke Syndikat ze wielen, dee wierklech fir Iech kämpft!
📍 Setzt Är Stëmm op d’Lëscht 9 - OGBL/Landesverband a loosst eis zesummen eng méi gerecht Zukunft opbauen!

Zesummen si mir méi staark! 💪🔴⚪

Walen 🗳️ fir CHFEP 2025

Eis Visioun a Walprogramm fir de Gemengesecteur kennt dir hei no liesen :

👉�https://www.ogbl.lu/wp-content/uploads/2025/02/Aktuell_2501_DE.pdf

Mir stinn ëmmer géint Hypokrisie ‼️‼️🚫⛔️
21/02/2025

Mir stinn ëmmer géint Hypokrisie ‼️‼️🚫⛔️

📢 D'Sektioun OGBL/Landesverband TICE ass staark vertrueden! 🚩Mir si stolz drop, datt eis Sektioun bei de Sozialwalen 202...
19/02/2025

📢 D'Sektioun OGBL/Landesverband TICE ass staark vertrueden! 🚩

Mir si stolz drop, datt eis Sektioun bei de Sozialwalen 2025 gläich mat dräi motivéierte Kandidaten untrëtt:

✅ Tom Michels
✅ Boris Lombardi
✅ Carlos Ribeiro

Dës Kolleegen trieden un, fir d’Rechter vun all den Employéen a Gemengebeamten ze verdeedegen a sech fir méi Gerechtegkeet, Gläichstellung a fair Aarbechtskonditiounen anzesetzen!

🎯 Firwat sollt Dir eis ënnerstëtzen?

📈 Gläich Pai a Prime fir all Employéen.
🛡️ Eeschte Schutz géint Mobbing an Ongerechtegkeeten op der Aarbecht.
🤝 En oppene Kontakt mam Syndikat fir all Är Suergen a Froen.

🗳️ De 26. Mäerz: Wielt d'Lëscht 9 - OGBL/Landesverband!
Zesumme schaffe mir un enger méi gerechter an transparenter Zukunft fir all d’Mataarbechter beim TICE an doriwwer eraus!

💪 Zesummen si mir méi staark!

Sozialwalen 2025 🗳️

Hei ass eis Equipe déi bei Gemengebeamten an Employéen den OGBL a de Wale vertrëtt 💪🏻🙏🏻🔴

Hei fannt där eisen Communiqué zu deem Artikel vum 10.02.2025 aus dem Tageblatt an der genereller neier Situatioun beim ...
10/02/2025

Hei fannt där eisen Communiqué zu deem Artikel vum 10.02.2025 aus dem Tageblatt an der genereller neier Situatioun beim TICE.

13/01/2025

Du bass Beamten oder Employé beim Staat? Du sichs no Informatiounen iwwert deng Carrière, Primen oder Congé’en?
👀 All Infoen am Iwwerbléck fënns du op: https://tinyurl.com/msn74jsk

Wann’s du nach froen hues, da mell dech gäre bei ons! 👉 https://tinyurl.com/57k3bm6f

Ni eleng géint sozial Ongerechtegkeet – och an der Fonction publique! 💪🚩

07/01/2025

Der Minister für den öffentlichen Dienst, Serge Wilmes, lehnt eine Ermittlungskommission zu Mobbing im öffentlichen Dienst ab. Die Gewerkschaft OGBL kritisiert dies als schwerwiegenden Fehler und fordert unabhängige Hilfe für Betroffene.

Adresse

1, Rue Emile Mayrisch
Soleuvre
L-4470

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque OGBL/Landesverband Sektioun TICE publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Type