24/09/2026
Geméisubau-Cours 2026/27 mat der “No Dig” Method
Dir wëllt ufänken, äert eegent Geméis unzebauen, oder baut schonn Geméis un a wëllt wësse, wéi dat méiglechst einfach an effikass geet – op natierlech Aart a Weis a selbstverständlech ouni chemesch Dünger a Pestiziden? Dir wëllt äre Gaart méi resistent géint staarke Reen a laang Dréschenten maachen?
Dann ass dëse Cours genau dat Richtegt fir Iech! No dem konstant grousse Succès déi lescht 2 Joer bitt de Mouvement Ecologique zesumme mam Krautgaart dëse Cours fir déi nei Gaardesaison op en neits un.
Hei ginn net nëmmen d’Grondlage vum Geméisbau mat ville prakteschen Tipps an Tricks vermëttelt, mee Dir léiert, wéi dëst geet ouni de Buedem ëmzegruewen („No Dig“ Method) – vum Som op den Teller.
All weider Infoen, zu Datumer a Präiss fannt Dir hei:
No dem konstant grousse Succès déi lescht 2 Joer bitt de Mouvement Ecologique dëse Cours fir déi nei Gaardesaison op en neits un. Dir wëllt ufänken, äert eegent Geméis unzebauen, oder baut schonn Geméis un a wëllt wësse, wéi dat méiglechst einfach an effikass geet – op natierlech Aart...