03/10/2026
Oktober ass Menopause Awareness Month. 💗
Fir eis bei Lëtz Menopause ass dëse Mount e ganz besonneschen. Well en am Kär fir dat steet, wat eng vun eise wichtegste Missiounen ass: Awareness schafen. Wëssen vermëttelen. An d’Menopause aus dem Tabu huelen.
Mir wëllen, datt iwwer Perimenopause a Menopause genee esou selbstverständlech geschwat gëtt wéi iwwer d’Pubertéit oder eng Schwangerschaft. 1️⃣2️⃣3️⃣
Well och d’Menopause eng natierlech Phas am Liewe vun all Fra ass. An du solls wëssen, wat an dengem Kierper geschitt, wat sech verännere kann a wéi s du deng Gesondheet an dëser Zäit - an och fir déi vill Joren duerno - beschtméiglech ënnerstëtze kanns.
Knowledge is power 💪🏻
Wëssen erméiglecht et, Symptomer besser ze erkennen, informéiert Entscheedungen ze treffen an déi Ënnerstëtzung ze sichen, déi zu DIR passt - egal ob dat Lifestyle, Bewegung, Ernärung, Stressmanagement, medezinesch Begleedung oder eng individuell Therapie ass.
Dëse Mount steet fir all déi Fraen, déi nach ëmmer kämpfen, fir mat hire Symptomer eescht geholl ze ginn an déi Hëllef a Betreiung ze kréien, déi si brauchen.
En steet fir Wëssen amplaz Onsécherheet. Fir Gespréicher amplaz Tabuen. Fir individuell Entscheedungen amplaz “one size fits all”.
An en steet fir Fraen, déi aner Fraen ënnerstëtzen. 🤝
Well keng Menopause genee wéi déi aner ass. Mir mussen net alleguer dee selwechte Wee goen - mee mir kënnen eis géigesäiteg nolauschteren, Erfahrungen deelen, informéieren an ënnerstëtzen.
Mir wëllen eng Generatioun vu Fraen, déi net eréischt erausfënnt, wat Perimenopause ass, wann se schonn matzen dran ass.
Dofir schwätze mir driwwer.
Dofir educéiere mir.
Dofir gëtt et Lëtz Menopause. 💗
Let’s make menopause something every woman knows about - before she gets there ❕❕❕