Alesontia - Lëtzebuerger Studenten zu Bonn

Alesontia - Lëtzebuerger Studenten zu Bonn Mir informéieren, verbannen an ënnerstëtzen d'Lëtzebuerger Studenten zu Bonn, an dat säit eiser Grënnung 1932.

Mir, d’Membere vun der Alesontia, schwätzen iwwert alles wat eis esou afält. Wann mol Problemer am Studium sinn, hëllefe mir eis géigesäiteg weider a maachen och soss alles dofir, fir eis d’Liewen nieft dem deelweis ustrengende Studium ze verséissen. Sou treffe mir eis méi oder wéineger oft an engem Café oder ginn d’Bonner Basketsequipe op Matcher ënnerstëtzen. Am Summer gëtt natierlech och déi en

g oder aner Kéier zesumme gegrillt. Op den nationale Studentebaler si mir praktesch ëmmer präsent a mir versichen och all Joer op der Studentefoire ee Stand zesumme mat der Uni Bonn z’organiséieren. Natierlech si mir och Member bei der ACEL, der lëtzebuergescher Studentevertriedung.

Tadaa🎉Mir presentéiren eisen Plang fir d‘Summersemester 2023☀️Weider Details, spontan Events an eventuell Ännerungen gid...
09/02/2023

Tadaa🎉Mir presentéiren eisen Plang fir d‘Summersemester 2023☀️

Weider Details, spontan Events an eventuell Ännerungen gidd der ronn 1-2 Wochen am virraus gewuer an natierlech an eisen Stories😉

Mir fréen eis op iech an daat neit Semester♥️ an fir dei di nach Klausuren an Abgaben hunn drecken mer d‘Daumen🤞

Du bass am Lycée an wees nach net sou richteg wouhin? Beim Student fir 1 Dag kanns du och Bonn an d‘Alesontia kennenléie...
07/02/2023

Du bass am Lycée an wees nach net sou richteg wouhin?
Beim Student fir 1 Dag kanns du och Bonn an d‘Alesontia kennenléieren!

Bonn bidd mat senger Uni an direkt 2 Heichschoulen dei perfekt Geléigenheet sech ze entfalten🎓. Ronn 2,5 Autostonnen vun Lëtzebuerg entfernt kann een zu Bonn vun Proximitéit zu Metropolen🌆 an Natur🌾 profitéieren. Secherlech gëtt engem an enger vun den geschichtsträchtegsten Regiounen Däitschlands net nemmen als Student fir 1 Daag net langwéileg.
Um Programm stinn ënnert aanerem eng Tour duerch d‘Stadt inklusiv Rhein, Beethovenhaus an Kirschblüten 🌸 souwei eng Visite vun den Uni Campusë Hofgarten📚 an Poppelsdorf🧪

Umellen kann een sech ab dem 13. Februar op https://acel.lu/student-fir-1-dag/ op Alesontia.lu kann een sech awer och schon e Bild vun eis maan😉
Eis Memberen kennen natierlech och eis potentiell zukünfteg StudentInnen begréissen a sinn härzlechst invitéiert♥️

[©travelview/shutterstock]

Et ass endlech souwait, mier waren Fotoen maan📸🎉D‘Jenny(26; Germanistik& Anglistik), trotz wichteger Roll als Presidenti...
19/01/2023

Et ass endlech souwait, mier waren Fotoen maan📸🎉

D‘Jenny(26; Germanistik& Anglistik), trotz wichteger Roll als Presidentin ass hat nachemmer net mei grouss ginn🤏

Den Dany(23; Chemie& Materialwissenschaften) schleisst sech als Vize dem Jenny un, mee heen studeiert Chemie, villaicht entweckelt heen do nach en Zaubertrank, mat den H**r huet et jo schon geklappt🧪

D‘Micky(23; Psycho& Philo) huet sech, nodeems hat lo en Joer net wosst waat et während de Comitésversammlungen maachen sollt, fir de Posten vum Sekretär gemellt. 10/10 Rapporten🤌

Den Tom(20; Physik) ass nachemmer Trésorier, deskeier souguer an der limited Edition mat Zougreff op de Konto💸 (Digi bitte un heen, mear si jonk a brauchen d‘Geld)

D‘Laura(22; Agrarwëssenschaften) leed d‘Social Media Channels vun der Alesontia weiderhin mat eiserner Hand📸(p.s. Huet een en Dictionnaire Minett-Éisleck?)

De Yannick(24; Geodäsie) ass nei am Comtité an kruut direkt den Events Posten, emmerhinn brengt heen als Bal-Connaisseur uerdentlech Erfahrung mat🍻

D‘Sophia(22; Germanistik& Konschtgeschicht) ass och néi dobai, an kann sech direkt domadder beschäftegen Geld an d‘Kees ze brengen, Sponsoring ufroen weg. un hat📑

De Sebastién(21; Chemie) huet sech am leschten Joer den Titel als Zaapmeeschter verdengt, esou kann heen direkt weidermaan an eis Erstien a senger néier Roll ooffellen🍾

De Frank(21; Agrarwëssenschaften) huet sech och décideiert beim Comité dobai ze sinn, wann en d‘Versammlungen net verschléift. Heen gett iwwert daat nöchst Joer als Agrarler für alle Fälle misbraucht😉

Eis Cooptéen dest Joer sinn: De Léo, d‘Gwendy, d‘Ly an d‘Elena, si graiffen eis ennert d‘Äerm wann mer Man*innenPower brauchen💪

Eis Lasertag Ekipp ass ready fir all Errausfuederung… ausser Grippewell an Klausurenphase🤧Merci un jiddereen deen dobai ...
10/01/2023

Eis Lasertag Ekipp ass ready fir all Errausfuederung… ausser Grippewell an Klausurenphase🤧
Merci un jiddereen deen dobai war an gudd Besserung un dei aaner😎

🏐Sportlech News vum Geeseknäppchen: Eis Volleybalsekipp konnt duerch eng zolitt Leeschtung virun allem moies Plaatzen gu...
27/12/2022

🏐Sportlech News vum Geeseknäppchen:
Eis Volleybalsekipp konnt duerch eng zolitt Leeschtung virun allem moies Plaatzen gudd maachen an huet sech dunn no der Mëttespaus mat gudder Verpflegung an der 3. Poule op dei 15. vun 22 Plaatzen spillen konnten🎉
Eis Bulgurzalot ass och nach Muer ze kreien🥗
Villmols Merci un eis motiveiert Spiller an mear hoffen nächst Joer d‘Top-10 ze knacken🏆dann hoffentlech och mat méi Spektateuren dei sech den Saufpokal erdrenken kennen🍻

Vergaangenen Denschden goufen wei all Joer eis nei Memberen gedeeft a gesteet🎉Bei weihnachtlecher Stemmung konnte sie op...
12/12/2022

Vergaangenen Denschden goufen wei all Joer eis nei Memberen gedeeft a gesteet🎉
Bei weihnachtlecher Stemmung konnte sie op Kleesechersdaag duerch ganz Bonn verschidden Challenges absolveieren🎄
Mear si frou sie all als nei offiziell Memberen bei eis begreissen ze kennen♥️

Et ass gepackt🎉 90 Joer Alesontia goufen mat allerhand aktuellen an ehemolegen Memberen gefeiert🍻E groussen Merci un jid...
28/11/2022

Et ass gepackt🎉
90 Joer Alesontia goufen mat allerhand aktuellen an ehemolegen Memberen gefeiert🍻
E groussen Merci un jiddereen deen komm ass an fir eng super Stëmmung gesuergt huet.
Virun allem ouni den hätt naicht geklappt♥️

Dësen Denschden huet no laanger Paus erem eisen PubCrawl WiSe Edititioun stattfonnt🎄Bei wanterlecher Keelt hunn sech d‘E...
12/11/2022

Dësen Denschden huet no laanger Paus erem eisen PubCrawl WiSe Edititioun stattfonnt🎄
Bei wanterlecher Keelt hunn sech d‘Equipen verschiddenen Aufgaben gestellt, an dobai d‘bonner Altstadt besser kennengeléiert🌃
Dear gesidd d‘the-floor-is-lava-Gruppefoto an Nostellungen vun Anciensfotoe dei mer an eisen Archiver aus den 90er fonnt hunn📸
D‘Equipe Konkelskäpp konnt sech zu Schluss duerchsätzen an kritt en Goodie Bag mat allerhand ze knabberen fir all Geschmack🏆

Dest war eng gudd gefellten Woch fir d‘Alesontia📚En Denschden hu de Loïc an d‘Cloe eisen eichten PubQuiz fir dest Semest...
28/10/2022

Dest war eng gudd gefellten Woch fir d‘Alesontia📚

En Denschden hu de Loïc an d‘Cloe eisen eichten PubQuiz fir dest Semester oofgehaalen an et gouf och Freigetränke fir d‘Participanten🍻
An 4 Kategorien huet sech zum Schluss d‘Equipe Loïc‘s Fanclub duechgesaat an en Goodie Bag gewonnen🏆

En Donneschen an Freiden waren mer wei all Joer op der Studentefoire vertrueden an hunn allerhand Schüler iwwert eis Unien, Heichschoulen an wonnerschein Stadt informeriert.
Leider gouf den Alessio vun der hannerhälteg entfouert an zur Geisel um Oochener Bal geholl😢Mear schaffen mat Heichdrock drun den Alessio aus dem kaalen, techneschen Hänn vun der AVL ze befreien an heen zereck bei seng Gummibärchen-Famill ze brengen

Du bass nach am Lycée an wees nach net waatste no der Première maachen wells?🤔Oder du bass mat dengem Bachelor geschwenn...
16/10/2022

Du bass nach am Lycée an wees nach net waatste no der Première maachen wells?🤔
Oder du bass mat dengem Bachelor geschwenn feardeg an wells kuken weieng Méiglechkeeten et fir en Master ginn?🎓
Op der Studentefoire fennste och eis! Bonn bidd mat senger Laag an villen Heichschoulen vill Méiglechkeeten an d‘Studenteliewen anzetauchen.
D‘Alesontia ass mat hieren 90 Joer net nemmen een vun den eelsten Cercelen mee natierlech och een vun deenen coolsten😎
Wanns du Loscht hues eis kennenzeleieren, dann kannste daat den 27.&28. Oktober op der Studentefoire um Belval, ze fannen si mer an der Maison des Arts et des Etudiants um Stand 71📍.

Léif (zukünfteg an ancien) AlesontInnen, mir fréen eis, iech op eis Feier ulässleg eises 90. Gebuertsdags z’invitéieren....
25/09/2022

Léif (zukünfteg an ancien) AlesontInnen, mir fréen eis, iech op eis Feier ulässleg eises 90. Gebuertsdags z’invitéieren.🎂

Glaichzaiteg presentéiere mir iech och de Programm fir daat kommend Semester. ❄️

Wann der naicht verpassen wellt da kennt der iech fir de Conveniat bis den 12.11. umellen. Weider Infos ginn et op eiser Websait Alesontia.lu enner Aktuelles.
Fir dei aaner Events ass aktuell keng Umeldung neideg, weider Infoe ginn et an der Facebook Grupp oder op der Websait🍻

Mir fréen eis op iech❤️

Unlässlech dëses Dies Academicus waren eng Jett AlesontInnen bei bäschtem Wieder zesummen an d‘Phantasialand🎢 Um Toran, ...
18/05/2022

Unlässlech dëses Dies Academicus waren eng Jett AlesontInnen bei bäschtem Wieder zesummen an d‘Phantasialand🎢 Um Toran, River Quest an co. haaten mer allerhand Spaß☀️

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Alesontia - Lëtzebuerger Studenten zu Bonn publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Alesontia - Lëtzebuerger Studenten zu Bonn:

Partager