28/09/2026
Eng Rous fir den 30ten Anniversaire vun der Résidence “an de Wisen” zu Betebuerg, E Freideg, de 25. September 2026 ass während der Scéance académique di nei Rous gedeeft ginn. Dat a Präsenz vum Familljeminister Max Hahn, Vertrieder vum Betebuerger Schäfferot, der Amicale an de Wisen, ville Mataarbechter a Bewunner mat hire Famillen an dem Ziichter vun der Rous, den Här Martin Vissers.