The Smashing Pawns Belvaux

The Smashing Pawns Belvaux The Smashing Pawns as net nëmmen e Schachveräin, nee, et as en Erliefnis! Wann s de méi wësse wëlls v Vun der 2. Mer sichen och ëmmer nei Spiller fir eise Veräin.

The Smashing Pawns gouf am Abrëll 2010 gegrënnt, mat der Iddi, anescht ze sinn wéi all déi aner Schachveräiner. Mer sinn also quasi en alternative Schachveräin, wou déi meeschte Memberen tëscht 20 a 35 Joer sinn, a bei eis steet de Spaass an de Patt ënner Kollegen am Vierdergronn. Bei eis dréint sech Villes em den Schach, mee net nëmmen, an aner Aktivitéiten ginn och voller Motivatioun duerchgezun

n. Dofir gëtt bei eis all Cliché vum typesche Schachspiller erfollegräich widderluecht. Eist Ziel ass et, mat gréisstendeels jonke Spiller, lëtzebuergeschen Talenten a motivéierte Spiller deene grousse Veräiner Paroli ze bidden an ze beweisen, dass een mat Kollegialitéit a Leidenschaft och vill erreeche kann. Well dat ass eis hëchsten Direktiv, et gëtt KEE bei eis fir Holz ze réckelen bezuelt. An den éischten 3 Joër hu mer eis an der lëtzebuergescher Schachwelt établéiert, an och vill Respekt verschaaft. Divisioun si mer gestart, an d'Saison 2013/2014 spille mer an der Nationaldivisioun. Insgesamt huele mer mat 3 Équipen um Championnat deel.

Ënner anerem hu mer bis elo d'Coupe de Luxembourg 2012/2013 gewonnen a sinn zweemol noeneen nationale Champion am Rapid-Chess ginn. Donieft hunn eis Spiller och schonn eng Rei Eenzeltitelen am Rapid-Chess an am Blitz gewonnen. Dat nächst Ziel ass elo Jugendaarbecht fir nei Talenter ze entdecken an natirlech och fir Landesmeeschter am Veräinsschach ze ginn. Dat ass awer scho bal en utopescht Ziel, mee mat ärem Support an ärer Hëllef kréie mer dat hin. Et ass net wichteg, wéi staark s de bass, well bei eis spille Leit vun all Niveau, och Ufänger. D'Kollegialitéit ass eis vill méi wichteg. Mell dech, wann s de interesséiert bass. Merci un all déi, déi dës Säit liken an eis weiderhin op eiser Rees an der Schachwelt begleeden.

Adresse

Luxembourg

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von The Smashing Pawns Belvaux erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Teilen