Mëllerdaller Produzenten

  • Home
  • Mëllerdaller Produzenten

Mëllerdaller Produzenten Produzentinnen & Produzenten aus der Regioun Mëllerdall

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!Mir, d’Mëllerdaller Produze...
31/05/2026

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!

Mir, d’Mëllerdaller Produzenten, sinn immens frou an dankbar, datt d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen sech d’Zäit geholl huet, fir perséinlech op de Luushaff zu Schrondweiler ze kommen an sech iwwert eis Strategie, eis nei Kommunikatiounsaktiounen an eis Serviceofferen ze informéieren.

Hir Wierder motivéieren eis, eisen ageschloene Wee weiderzegoen: Motivatioun, gutt Produiten an een immensen Zesummenhalt – genee dat mécht eis Gemeinschaft aus.

E grousse Merci geet och un all déi Bedeelegt – un eis Memberen, eis Partner, de LEADER-Programm an un all déi, déi eis op dësem Wee begleeden an ënnerstëtzen.

Mir freeën eis op alles, wat nach kënnt, a mir setzen eis och weiderhi mat vill Engagement fir eis Regioun an hir Produiten an.

Är Mëllerdaller Produzenten

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:FRU  · Maiso...
08/05/2026

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷

Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:
FRU · Maison Viticole Roeder · René Krippes · Ramborn Cider Haff a vill méi

Dobäi gëtt et och Musek! Kommt laanscht a genéisst e flotten Dag zu Rouspert! 😀

Wien schonn ëmmer mol Loscht hat, e Picknick an engem aussergewéinleche Kader zu Lëtzebuerg ze maachen an dobäi lokal Pr...
04/05/2026

Wien schonn ëmmer mol Loscht hat, e Picknick an engem aussergewéinleche Kader zu Lëtzebuerg ze maachen an dobäi lokal Produiten a regional Gedrénks ze genéissen, sollt sech dëst Event net entgoe loossen.

Mir freeën eis, dës flott Veranstaltung mat Produiten a Gedrénks vun eise Produzenten ze begleeden. :)

Mellt iech séier un a séchert iech är Plaz am Tudorspark! Genéisst eng entspaant Atmosphär a loosst iech vu gudde regionale Produiten a Gedrénks iwwerraschen – mir freeën eis op iech!

🇱🇺 Regionale Picknick am Tudorspark 🧺🤩 (🇬🇧 version below)

Dir wollt schonn ëmmer an engem exceptionelle Kader op enger besonnescher Plaz picknicken an dobäi regional Produiten genéissen⁉️

👉Am Kader vun de Mëllerdall Days ass dat méiglech! De ⏰ 7. Juni organiséiere mir ee regionale Picknick am Tudorspark zu Rouspert. Ab elo kann een sech ganz einfach online dofir umellen. Opgepasst: D’Plazen si limitéiert a mir recommandéieren eng séier Umeldung.

ℹ De Picknick ass de 7. Juni tëscht 10 a 14 Auer. Et huet een d’Wiel tëscht
✅ engem klassesche Picknick-Kuerf
✅ engem vegetaresche Picknick-Kuerf

👉 Hei de Link bei d’Umeldung, wou och eng detailléiert Oplëschtung vum Inhalt an de Präis ze fannen ass:

🇩🇪https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfRus2DlL2krBYjSSliWbtzyGgqRjdHr9g4lbVNvpzaZS3KzQ/viewform

🇫🇷
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdYnbXUwcjMLm7VKoQMJ3F-8n12VwLg0rjmvZWhgvquDFzR2Q/viewform

🇬🇧https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeOjp57WFtC8FXKx0jVd8te5ITuUmkzkrY4_e884BUoCGXaQQ/viewform

Mir freeën eis iech op de Goût vun de Produiten aus eiser Regioun ze bréngen. ☺
-----
🇬🇧 Regional picnic in Rosport

You have always wanted to have a picnic in an exceptional setting and enjoy regional products⁉️

👉 During the Mëllerdall Days this will be possible! On the ⏰ 7 June we are organising a regional picnic at Tudor Parc in Rosport. From now on you can easily register online. Please note: the number of participants is limited, and we recommend that you register quickly.

ℹ The picnic will take place on 7 June between 10 am and 2 pm. You can choose between a classic picnic basket or a vegetarian picnic basket. Here is the link to the registration form where you will also find a detailed list of the contents and the price.

🇬🇧https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeOjp57WFtC8FXKx0jVd8te5ITuUmkzkrY4_e884BUoCGXaQQ/viewform

Mëllerdaller Produzenten | Commune de Rosport-Mompach | Musée Tudor

E flotte Bléck an d‘Welt vun eisem Veräin an an dat, wat aktuell am Kader vum LEADER-Projet entsteet.
29/04/2026

E flotte Bléck an d‘Welt vun eisem Veräin an an dat, wat aktuell am Kader vum LEADER-Projet entsteet.

Die Mëllerdaller Produzenten wollen zeigen, was ihre Region ausmacht – mit Produkten, Geschichten und einem neuen Auftritt. Ein mobiles Konzept soll Sichtbarkei

Mir hunn eis immens gefreet, als Mëllerdaller Produzenten Deel vum Produzentemaart am Kader vum Besuch vum Grand-Duc Gui...
22/04/2026

Mir hunn eis immens gefreet, als Mëllerdaller Produzenten Deel vum Produzentemaart am Kader vum Besuch vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie op der Ferme de Hueselt gewiescht ze sinn.

Et war eng grouss Éier, eis Regioun an eis Produzentinnen a Produzenten dobäi vertrieden ze dierfen an ze weisen, wéi vill Leidenschaft, Qualitéit a Vilfalt an de regionale Produite stécht.
Besonnesch gefreet huet eis, datt d’groussherzoglech Koppel, d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an all déi Presenten d’Méiglechkeet haten, esou vill flott Produiten aus dem Land ze entdecken an an den direkten Austausch ze goen. Genee esou Momenter weisen, wéi wichteg et ass, Regionalitéit sichtbar ze maachen an de Regioun souwéi Lëtzebuerg iwwer seng Produiten an d’Mënschen hannendrun nach méi staark no baussen ze droen

E grousse Merci un d’ Landwirtschaftskammer Luxemburg fir d’Organisatioun an d’Vertrauen, datt mir Deel dovunner duerfte sinn.

© LWK | Sophie Margue

Et huet eis immens gefreet, Deel vum Kick-off vun „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ 2026 op der Plëss ze sinn.Et war eng flo...
19/04/2026

Et huet eis immens gefreet, Deel vum Kick-off vun „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ 2026 op der Plëss ze sinn.
Et war eng flott Geleeënheet, mat ville Leit an den Austausch ze goen, regional Produiten aus der Regioun Mëllerdall ze presentéieren, iwwer eis schéi Regioun ze schwätzen an ze weisen, wat hei alles entsteet.
Fir eis ass kloer: regional Produiten si vill méi wéi nëmmen Iessen oder Gedrénks. Si sti fir Identitéit, Handwierk, Qualitéit, Leidenschaft an eng Regioun mat Charakter. 🙂

Eppelpress Liqueurs du Château de Beaufort Opyos Beverages Berdorfer Ben Weber La Bottega-Gudde Kascht Touristcenter Heringer Millen FRU Maison Viticole Roeder Visit Mullerthal

12/04/2026

E klengen Abléck vum Kick-off „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ 🇱🇺
Mir, d’Mëllerdaller Produzenten, bréngen d’Regioun an d’Stad – mat vill Goût a Kreativitéit! Dir fannt eis dëse Weekend op der Place d’armes:
* fancy Cocktailer & alkoholfräi Variatiounen
* frësch regional Jus
* de beschte Crémant a Wäin
* Atelier zum Kreativ schaffen “DIY-Holzbox zum Bauen, Stempeln a Verzieren“
* déi bescht Produite vun eise Produzenten fir ze entdecken & ze schmaachen
Kommt laanscht, schmaacht a genéisst – alles op enger Plaz. Mir freeën eis op Iech de ganze Weekend! ☀️

🇱🇺 D’ Mëllerdaller Produzenten hu sech an hirem neie Look op der Plëss presentéiert. 🚀 Neie Logo, nei Identitéit, frësch...
10/04/2026

🇱🇺 D’ Mëllerdaller Produzenten hu sech an hirem neie Look op der Plëss presentéiert.

🚀 Neie Logo, nei Identitéit, frëschen Elan fir de Veräin virunzebréngen – am Kader vun engem LEADER-Projet hunn d’Mëllerdaller Produzenten sech vill Gedanke gemaach, wéi si mat hire lokale Produkter kënne méi siichtbar ginn.

D’Resultat vun deem Reflexiounsprozess ka sech weise loossen. 🤩
An och hire flotte Verkafsweenche mécht Loscht stoen ze bleiwen an ze schmaachen.

👉 Gitt d‘Mëllerdaller Produzente muer oder de Sonndeg an der Stad beim Kick-off vu „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“ besichen!

🇬🇧 The Mëllerdall producers unveiled their fresh new look at the Place d’Armes – complete with a new logo, a revamped identity, and renewed energy to drive the association forward.

As part of a LEADER project, they took a step back to rethink how to better showcase their local products – and the results speak for themselves. 🤩

Their charming sales trailer is hard to miss and well worth a stop for a taste.

👉 Why not drop by and meet the Mëllerdall producers tomorrow or on Sunday in the city, at the launch of “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“?

Mëllerdaller Produzenten Visit Mullerthal Visit Luxembourg

See you there 🤩
10/04/2026

See you there 🤩

Mir wënschen jederengem schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! 🎄🥂
24/12/2025

Mir wënschen jederengem schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! 🎄🥂

Address


Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Mëllerdaller Produzenten posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

  • Want your organization to be the top-listed Non Profit Organization?

Share