Club Haus am Säitert

Club Haus am Säitert Aktivitäten für alle, die Geselligkeit suchen, Spass haben wollen und sich fit halten möchten.

🧶✨ Ausstellung „Dimensions feutrées“ ✨🧶Dëse Freideg, den 9. Oktober um 18:30 Auer, gëtt d’Ausstellung vun der Kënschtler...
08/10/2026

🧶✨ Ausstellung „Dimensions feutrées“ ✨🧶

Dëse Freideg, den 9. Oktober um 18:30 Auer, gëtt d’Ausstellung vun der Kënschtlerin Carine Mertes am Espace Art vun der Gemeng Hesperange ageweit.

Eng flott Geleeënheet, fir hir kreativ Filzkonscht an hir sensibel, poetesch Wierker ze entdecken. 🌿🤍

📍 Espace Art – Hesperange
📅 9. Oktober 2026, 18:30 Auer
🧵 Ausstellung vum 12.10. bis 27.11.2026

Gidd bis laanscht a loosst Iech inspiréieren! ✨

🎨 E flotte Moment voller Konscht an nei Impressiounen! 🖼️✨Haut hate mir d’Geleeënheet, zesummen de Casino Luxembourg – F...
08/10/2026

🎨 E flotte Moment voller Konscht an nei Impressiounen! 🖼️✨

Haut hate mir d’Geleeënheet, zesummen de Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain ze besichen. Et war eng mega flott Visitt, mat villen interessanten Ablécker an impressionante Wierker. 🤩

E grousse Merci un de Gabriel fir déi top Organisatioun an natierlech och fir déi flott Begleedung! 👏😊

Mir hunn et genoss! 💛

📚✨ E gelongenen Owend am Centre culturel Machera zu Grevenmacher! ✨📚Gëschter ware mir am Centre culturel Machera zu Grev...
07/10/2026

📚✨ E gelongenen Owend am Centre culturel Machera zu Grevenmacher! ✨📚

Gëschter ware mir am Centre culturel Machera zu Grevenmacher bei enger Liesung mam Alexander Oetker.

Den Auteur huet net nëmmen säi Krimi „Silberküste – Luc Verlains winterlichster Fall“ virgestallt, mee huet eis och mat vill Witz a Charme duerch den Owend gefouert. 😊

Dobäi krute mir flott Ablécker an déi franséisch Kultur, Kichen a Weinkonscht – eng wonnerbar Kombinatioun, déi den Owend zu eppes ganz Besonneschem gemaach huet. 🇫🇷🍷📖

E grousse Merci un de Machera an un d’Bibliothèque municipale de la Ville de Grevenmacher fir dëse gelongenen Owend! 👏

Villmools Merci – à refaire! ❤️

🌿✨ NEI AB JANUAR – QI GONG AM SALL ALLORO! ✨🌿Losst den Alldag mol e bëssen hannert Iech a maacht eppes Guddes fir Kierpe...
05/10/2026

🌿✨ NEI AB JANUAR – QI GONG AM SALL ALLORO! ✨🌿

Losst den Alldag mol e bëssen hannert Iech a maacht eppes Guddes fir Kierper a Geescht. 🧘‍♀️💚

Mat douce, fléissende Beweegungen, bewosstem Otem an Achtsamkeet hëlleft Qi Gong, ze entspanen, d’Beweeglechkeet ze verbesseren an neit Gläichgewiicht an Energie ze fannen. 🌸

💚 Fir all Niveauen – jidderee kann matmaachen!

📅 Mëttwochs | 10:30 – 11:30 Auer
📍 Sall Alloro
💶 120 € pro Trimester

🌱 Beweegen • Otemen • Entspanen 🌱

Gënnt Iech dës kleng Auszäit fir Iech selwer a start mat méi Rou, Energie a Balance an den Dag. ✨

👉 Mellt Iech elo un a sidd ab Januar dobäi!
Mir freeën eis op Iech! 💚🧘‍♀️

🍂✨ EIS WOCHENPLANG – 05.10. bis 11.10.2026! ✨🍂Eng Woch voller Aktivitéiten, Kultur, Beweegung, Genoss a Gesellegkeet waa...
02/10/2026

🍂✨ EIS WOCHENPLANG – 05.10. bis 11.10.2026! ✨🍂

Eng Woch voller Aktivitéiten, Kultur, Beweegung, Genoss a Gesellegkeet waart op Iech! 🥾🎨🎲🍽️

Kuckt an eise Wocheplang a sicht Iech Är Lieblingsaktivitéiten eraus. ❤️

Fir d‘Sortie Lies-Zierkel hun mir nach zwou Platzen fréi fir den Alexander Oetker op Grevenmacher lauschteren ze goén 🤗.

👉 Mir freeën eis op Iech!
🍁 Zesummen aktiv sinn, entdecken a genéissen! 🍁

🍷 NOVEMBERZÉIT ASS BEAUJOLAISZÉIT! 🍷Den 19. November geet d’Club Haus am Säitert op eng flott Wäindégustatioun an d’Vino...
01/10/2026

🍷 NOVEMBERZÉIT ASS BEAUJOLAISZÉIT! 🍷

Den 19. November geet d’Club Haus am Säitert op eng flott Wäindégustatioun an d’Vinothèque „Le CHAI“. 🍇🍷

Freet Iech op e gemittlechen Owend mat guddem Wäin, flotter Gesellschaft a vill Genoss! 😊

📅 19. November
📍 Vinothèque „Le CHAI“
🎟️ Et sinn nach Plaze fräi!

Sidd dobäi a mellt Iech séier un – mir freeën eis op Iech! 🍷✨

E grousse Merci un d’Madame Claudine Konsbruck fir déi interessant an informativ Konferenz haut den Owend an eisem Clubh...
29/09/2026

E grousse Merci un d’Madame Claudine Konsbruck fir déi interessant an informativ Konferenz haut den Owend an eisem Clubhaus. 🇱🇺

Et war e ganz flotten Moment, fir méi iwwert d’Aarbecht an d’Roll vum Ombudsman ze léieren.

Merci fir déi wäertvoll Informatiounen, déi interessant Austauscher an dëse gelongenen Owend! 👏

Mir freeën eis schonn op déi nächst flott Veranstaltung an eisem Clubhaus. 😊

🎉 EN FREIDEG ASS ET ERËM SOU WÄIT… BINGOOOO! 🎉Léif Bingoteuren, et ass erëm Zäit fir e gemittleche Nomëtteg voller Spann...
29/09/2026

🎉 EN FREIDEG ASS ET ERËM SOU WÄIT… BINGOOOO! 🎉

Léif Bingoteuren, et ass erëm Zäit fir e gemittleche Nomëtteg voller Spannung, Spaass a flott Gewënner! 🍀🎁

📅 Dëse Freideg
🕑 Vun 14:00 bis 16:00 Auer
📍 Am Club Haus

Kommt laanscht, spillt mat a verbréngt e puer flott Stonnen a gudder Gesellschaft. 😊

🎱 An natierlech waarden och flott Gewënner op Iech! 🎁

👉 Avis aux Bingoteurs – mir freeën eis op Iech! ❤️

⛵️ D’Seegelen sinn gehisst – an d’Club Haus am Säitert ass de Weekend Vollgas gefuer! 🎉Hei e puer flott Andréck:🛍️ Freid...
28/09/2026

⛵️ D’Seegelen sinn gehisst – an d’Club Haus am Säitert ass de Weekend Vollgas gefuer! 🎉

Hei e puer flott Andréck:

🛍️ Freides goung et fir d’éischt op Shoppingtour op Zweebrécken. Owes hu mir den Dag beim Lidderowend am Celo gemittlech ausklénge gelooss. 🎶

🎹 Samsdes stoung d’Kultur um Programm: Mir waren an der Philharmonie beim Concert mam Krystian Zimerman – e ganz besonneschen Owend! ✨

🍻 Sonndes gouf et dann nach eng Kéier richteg gemittlech: Um Oktoberfest am Chalet um Camping gouf geschunkelt, gelaacht a gefeiert, wéi et sech gehéiert! 🥨🎺🍺

E Weekend voller Shopping, Musek, Kultur, Frëndschaft a gudder Laun – genee esou muss et sinn! ❤️

⚓️ D’Seegelen bleiwen gehisst – mir si prett fir déi nächst Aventuren! 😎⛵️

🍁 Eis Wocheplang vum 28.09. – 02.10. 🍁Eng Woch voller Aktivitéiten, Spaass a schéine Momenter steet virun der Dier! ❤️Ob...
25/09/2026

🍁 Eis Wocheplang vum 28.09. – 02.10. 🍁

Eng Woch voller Aktivitéiten, Spaass a schéine Momenter steet virun der Dier! ❤️
Ob Wanderung, Sproochecours, Spiller, Kreativitéit oder einfach zesumme laachen – fir jidderee ass eppes dobäi! 🥰

👉 Mir freeën eis op eng flott Woch zesummen! 🍂❤️
Zesummen aktiv – zesummen schéin! 🍁✨

Adresse

1, Rue Jos Paquet
Luxembourg
5872

Téléphone

+35226362395

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Club Haus am Säitert publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Club Haus am Säitert:

Raccourcis

Partager