NOJU asbl

NOJU asbl Fir d‘Betreiung vun den Jugendlechen ass haaptamtlecht, pedagogescht Personal verantwortlech. D‘Nordstadjugend a.s.b.l.

Schonn säit 25 Joer gëtt an deenen 2 Nordstadgemengen Dikrich an Ettelbréck Jugendaarbecht geleescht, aus där dann och di 2 Jugendhaiser Ettelbréck an Dikrich entstane sinn. 2007 gëtt dunn d’Jugendaarbecht op regionale Plang ausgebreet an d’Norstadjugend a.s.b.l. gëtt gegrënnt mam Ziel Jugendaarbecht an deene 6 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren) ze garantéieren. 2013 ginn 2 weider Gemengen mat op de Wee vun der Nordstadjugend an der regionaler Jugendaarbecht, an zwar Mäerzeg a Feelen, sou dass d’Nordstadjugend ab sofort 8 Gemengen emschléisst. Weiderhi ginn 4 Dingschtleeschtungsberäicher ugebueden, déi sech prioritär u Jonker tëscht 12 a 26 Joer riichten: regional Jugendaarbecht, Jugendhaus Dikrich, Jugendhaus Ettelbréck souwéi d’Koordinatioun vun deenen eenzelnen Servicer. kann insgesamt op 7 Mataarbechter zeréckgräifen, déi fir di verschidde Servicer schaffen. Nieft de Raimlechkeeten, der alldeeglecher Betreiung an der Ulaafstell, déi deene Jonken an den 2 Jugendhaiser zur Verfügung stinn, ginn an der Regioun iwwert d’Joer verschidde Projet’en, Aktivitéiten a Workshope zu deenen ënnerschiddlechsten Themen ugebueden (Kultur, Sport, Präventioun, Informatioun,…).

Mir haten en Treffen mat der Maison Relais Schieren
06/10/2026

Mir haten en Treffen mat der Maison Relais Schieren

🏃🏼‍♀️🔥PARTY RUN 2.0 zu Schieren 🔥🏃🏾Zesumme mat eise Jonken si mir gëschter beim Party Run 2.0 zu Schieren un den Depart ...
25/09/2026

🏃🏼‍♀️🔥PARTY RUN 2.0 zu Schieren 🔥🏃🏾

Zesumme mat eise Jonken si mir gëschter beim Party Run 2.0 zu Schieren un den Depart gaangen an hunn déi 6,6 km a knapp 40 Minutte gepackt! 💪😎

Heibäi goung et awer ëm vill méi, wéi just ëm d’Zäit: Déi Jonk konnten hirt sportlecht Talent ënner Beweis stellen, iwwer sech selwer erauswuessen an dee bekannten “inneren Schweinehund” iwwerwannen 🐷💥🏃🏾🏅

Dank de Beats vum DJ DEE war d’Motivatioun op alle Fall do an d’Kilometeren hu sech direkt e bësse méi liicht ugefillt. 🕺💃

E grousse MERCI 💚💙 un d’Organisateuren an all déi fläisseg Hänn hannert de Kulisse fir dëse gelongenen Owend! 🙏

Bei der nächster Editioun si mir definitiv nees dobäi! 💪🔥

Hei ass eise Planning fir d’Woch vum 21.09 bis den 27.09! Kommt gäre laanscht.😁Weider Infoe fannt dir op eisem Internets...
22/09/2026

Hei ass eise Planning fir d’Woch vum 21.09 bis den 27.09! Kommt gäre laanscht.😁
Weider Infoe fannt dir op eisem Internetsäit noju.lu

Kommt alleguerte laanscht op d‘Mäerzeger Kiermes dëse Weekend 😄
16/09/2026

Kommt alleguerte laanscht op d‘Mäerzeger Kiermes dëse Weekend 😄

🎉 Haut an enger Woch geet d’Kiermes hei zu Mäerzeg lass! 🎠
D’Kanner dierfen sech net nëmmen op déi lecker Séissegkeeten vun de Kiermesstänn an déi flott Spiller freeën, mee och op e flotte Facepainting an ee Bastelatelier fir Pins a Schlesselunhänger!🎨✨ NOJU asbl

👨‍🍳 KACHCONCOURS 2026 – SIDD DIR PRETT FIR D'CHALLENGE? 🔥Dir kacht gär?Dir sidd kreativ?An dir hutt Loscht, zesumme mat ...
07/09/2026

👨‍🍳 KACHCONCOURS 2026 – SIDD DIR PRETT FIR D'CHALLENGE? 🔥

Dir kacht gär?
Dir sidd kreativ?
An dir hutt Loscht, zesumme mat äre Frënn ze weisen, wat dir an der Kichen drop hutt?

Da stellt är Ekipp zesummen a maacht mat bei eisem KACHCONCOURS! 🍴🏆

📅 Samschdeg, 24. Oktober 2026
⏰ 14.00 – 21.30 Auer
📍 École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg – Dikrich
👥 Fir Jonker vun 11–26 Joer
👨‍🍳 Ekippe vun 2–3 Persounen

Op Iech waart en 3-Gänge-Menü mat verschiddene Challenges:

Bei engem Deel ass Präzisioun gefrot an dir kacht no Rezept – bei engem aneren Deel kënnt dir Iech kreativ austoben an är eegen Iddien op den Teller bréngen. 💡

Bewäert ginn ënner anerem Goût, Kreativitéit, Presentatioun, Timing, proppert Schaffen an Teamwork.

An dat Ganzt an de professionelle Kiche vun der EHTL! 🔥

👉 Mellt är Ekipp elo un!

🔗 Méi Infoen & Umeldung op noju.lu

Jugendhaus Bissen Dikricher Jugendhaus Ettelbrécker Jugendhaus Jugendinfopunkt Ettelbréck

Hei ass eise Planning fir d‘Woch vum 07.09 bis den 13.09! Kommt gäre laanscht😁. Infoe fannt dir op eisem Internetsite no...
04/09/2026

Hei ass eise Planning fir d‘Woch vum 07.09 bis den 13.09! Kommt gäre laanscht😁. Infoe fannt dir op eisem Internetsite noju.lu

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+3528091651

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque NOJU asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à NOJU asbl:

Raccourcis

Partager