03/10/2025
En historeschen Dag fir Lëtzebuerg a fir de Scouting in Luxembourg! ✨🇱🇺
Haut iwwerhëlt eise Chefscout Guillaume d’Roll vum neie Grand-Duc vu Lëtzebuerg, nodeems säi Papp, de Grand-Duc Henri, dëse wichtege Poste 25 Joer laang mat vill Engagement gedroen huet.
Seng Verbonnenheet mat de Scouten a seng Léift fir d’Beweegung hu vill mat der Inspiratioun vu sengem Grousspapp ze dinn. Dëst huet säi Wee gepräägt a mécht hien zu engem staarke Virbild. 🌿🤝
Mir gratuléieren dem neie Grand-Duc a freeën eis, zesumme mat him dëst neit Kapitel opzeschloen.
FNEL Scouten A Guiden
LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten