Gemeng Schieren

  • Home
  • Gemeng Schieren

Gemeng Schieren Offiziell Säit vun der Gemeng Schieren

🇱🇺 D’Gemeng Schieren invitéiert op de Virowend vum Nationalfeierdag an de Centre Culturel “Al Schoul” 🇱🇺🥳Programm:🕕 18.0...
08/06/2026

🇱🇺 D’Gemeng Schieren invitéiert op de Virowend vum Nationalfeierdag an de Centre Culturel “Al Schoul” 🇱🇺🥳

Programm:
🕕 18.00 Auer: Te Deum an der Kierch zu Schieren

🕖 19.00 Auer: Begréissung vun de Bierger am Centre Culturel "Al Schoul" & Ried vum Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes

🕖 19.15 Auer: Sportler- & Persounenéierung 2025 – 2026

🕖 19.30 Auer: Musikalesch Begleedung vun der Schierener Musek am Kader vum Nationalfeierdag

🏰 Sprangschlass fir d’Kanner
🍔 Iessen um Stand vun den Old Boys Schieren
🥂Gedrénks vum FC Jeunesse Schieren

🇫🇷 La commune de Schieren vous invite à la veillée de la Fête nationale au Centre culturel „Al Schoul“🇱🇺🥳

Programme :
🕕 18h00 – Te Deum en l’église de Schieren

🕖 19h00 – Accueil des citoyennes et citoyens au Centre culturel „Al Schoul“ et mot de bienvenue et discours du bourgmestre Jean-Paul Zeimes

🕖 19h15 – Remise de distinctions aux sportives, sportifs et personnes méritantes 2025–2026

🕢 19h30 – Encadrement musical par la « Schierener Musek » à l’occasion de la Fête nationale

🏰 Château gonflable pour les enfants
🍔 Restauration au stand des Old Boys Schieren
🥂 Boissons proposées par les FC Jeunesse Schieren

🇱🇺 Schieren erreecht 50 Prozent am Klima-Pakt 2.0🌱🌍 E wichtege Meilesteen fir eis Gemeng: Schieren huet 2026 am Klima-Pa...
05/06/2026

🇱🇺 Schieren erreecht 50 Prozent am Klima-Pakt 2.0🌱🌍

E wichtege Meilesteen fir eis Gemeng: Schieren huet 2026 am Klima-Pakt 2.0 d’50 Prozent Mark erreecht an domat bal 10 Prozent méi wéi d’lescht Joer.

Dat weist, dass mir um richtege Wee sinn. Vun Energieeffizienz iwwer nohalteg Mobilitéit bis hin zu Projete fir Natur a Klima: all Schrëtt zielt.

E grousse Merci un d’Klima-Pakt-Team, un all Biergerinnen a Bierger an all déi aner, déi mat hirem Engagement dozou bäigedroen hunn.

Elo geet et weider Richtung 65 Prozent. 🌿

🇫🇷 Schieren atteint les 50 % dans le Pacte Climat 2.0 🌱🌍
Une étape importante pour notre commune : Schieren a atteint en 2026 la barre des 50 % dans le Pacte Climat 2.0.

Ce résultat montre que nous sommes sur la bonne voie. Qu’il s’agisse d’efficacité énergétique, de mobilité durable ou de projets en faveur de la nature et du climat, chaque action compte.

Un grand merci à l’équipe du Pacte Climat, à toutes les citoyennes et tous les citoyens ainsi qu’à toutes les personnes qui, par leur engagement, ont contribué à cette réussite.

Nous poursuivons désormais nos efforts avec un nouvel objectif : atteindre les 65 %. 🌿

04/06/2026

🇱🇺 Wéi funktionéiert eng Gemeng eigentlech? 👀
Dës Woch hate mir erëm eng Schoulklass bei eis am Gemengenhaus op Besuch. D’Kanner kruten en Abléck an d’Aarbecht vun der Gemeng, konnten hir Froe stellen an hunn entdeckt, wat hannert de Kulisse geschitt.

Merci fir äre Besuch 🤍

🇫🇷 Comment fonctionne réellement une commune ? 👀
Cette semaine, nous avons eu le plaisir d’accueillir une nouvelle classe au sein de la maison communale. Les élèves ont pu découvrir de plus près le fonctionnement d’une commune, mieux comprendre le travail réalisé au quotidien et poser leurs questions directement sur place. Une belle occasion de leur offrir un aperçu concret de ce qui se passe en coulisses.

Merci pour votre visite 🤍

Schierener Fest 2026. 📸🇱🇺 Ee fantastesche Weekend mat villen schéine Momenter. 🤍🥹 All d’Fotoe fannt Dir op eiser Interne...
01/06/2026

Schierener Fest 2026. 📸
🇱🇺 Ee fantastesche Weekend mat villen schéine Momenter. 🤍🥹 All d’Fotoe fannt Dir op eiser Internetsäit: www.schieren.lu

🇫🇷Un week-end fantastique, rempli de beaux moments et de souvenirs partagés. 🤍🥹 Retrouvez toutes les photos sur notre site internet : www.schieren.lu

28/05/2026

Wat ee Weekend 🥹
D’Schierener Fest 2026 bleift eis an Erënnerung.
Esou vill schéin Momenter. 🥰

Schieren, dat war ee Fest 🤍

🎥

🟨⬛️ Alles op Kielen!Dëse Mëttwoch steet fir den FC Jeunesse Schieren e ganz wichtege Match um Programm: de Barragematch ...
26/05/2026

🟨⬛️ Alles op Kielen!

Dëse Mëttwoch steet fir den FC Jeunesse Schieren e ganz wichtege Match um Programm: de Barragematch géint den FC Lorentzweiler fir den Opstig an d’Éierepromotioun.

Fir eis Ekipp zesummen ze ënnerstëtzen, fueren 2 gratis Busser op Kielen.

Depart ass um 18:15 beim Gran Sasso an der Aler Schoul.
De Retour vu Kielen op Schieren ass um 21:45 geplangt.

Kleederuerdnung: giel a schwaarz 🟨⬛️

Kommt mat, maacht Kaméidi a weist, dass Schieren hannert senger Ekipp steet. Allez Schieren! 🥳

🇱🇺 Mir informéieren Iech, dass den Zuchiwwergang bei der Rue du Moulin wéinst Entretiensaarbechten un de Schinnen komple...
24/05/2026

🇱🇺 Mir informéieren Iech, dass den Zuchiwwergang bei der Rue du Moulin wéinst Entretiensaarbechten un de Schinnen komplett gespaart gëtt. Wärend dëser Zäit ass et net méiglech, mam Auto oder mat anere Gefierer iwwer dësen Zuchiwwergang ze fueren, also vun der Rue du Moulin an d’Rue de la Gare oder ëmgedréint.
D’Sperrung gëllt vum Dënschden, 26. Mee 2026 um 06.00 Auer bis den Donneschden, 28. Mee 2026 um 22.00 Auer. 🚧

🚆 Wéinst dësen Entretiensaarbechte fueren an där Zäit och keng Zich duerch Schieren.

Mir bieden Iech, Är Deplacementer deementspriechend ze plangen.
Villmools Merci fir Äert Versteesdemech.

🇫🇷 Nous vous informons que le passage à niveau situé près de la Rue du Moulin sera complètement fermé en raison de travaux d’entretien sur les voies ferrées. Pendant cette période, il ne sera pas possible de traverser ce passage à niveau en voiture ou avec d’autres véhicules, donc de circuler de la Rue du Moulin vers la Rue de la Gare ou inversement.

La fermeture sera en vigueur du mardi 26 mai 2026 à 06h00 jusqu’au jeudi 28 mai 2026 à 22h00. 🚧

🚆 En raison de ces travaux d’entretien, aucun train ne circulera à Schieren pendant cette période.

Nous vous prions de planifier vos déplacements en conséquence.
Merci pour votre compréhension.

Gëschter war ee Fest! Haut geet et musikalesch & spektakulär weider! Kuckt hei de komplette Programm vum Dag. Start ass ...
23/05/2026

Gëschter war ee Fest! Haut geet et musikalesch & spektakulär weider! Kuckt hei de komplette Programm vum Dag. Start ass um 14.00 Auer mat der Ouverture vun der Kiermes an d‘Concerten starten géint 18.30 Auer 🤍🥳

🇱🇺 D’Schierener Fest geet gläich op! Mir freeën eis op Iech!🇫🇷 Notre “Schierener Fest” ouvre dans quelques instants ! No...
22/05/2026

🇱🇺 D’Schierener Fest geet gläich op! Mir freeën eis op Iech!
🇫🇷 Notre “Schierener Fest” ouvre dans quelques instants ! Nous nous réjouissons de vous accueillir !

21/05/2026

Schierener Fest Opbau 🔨
Et leeft! D’Bün steet lues a lues, d’Zelter gi gebaut an d’Crew ass am vollen Asaz! En décke Merci un eis Gemengenaarbechter, ouni hiert Engagement wier dat ganzt net méiglech. Mir freeën eis schonn op e fantastesche Weekend mat iech.

Gratis Entrée fir Jiddereen

🔨 Le montage est en cours !
La scène est montée, les tentes sont en place, et notre équipe est à fond ! Un grand merci à tous les collaborateurs communaux, sans leur engagement, rien de tout cela ne serait possible. On a hâte de vivre un week-end exceptionnel avec vous ! 🎉

Entrée gratuite

Address


Opening Hours

Monday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Tuesday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Wednesday 07:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Thursday 13:30 - 16:30
Friday 07:00 - 11:30

Telephone

0035281266854

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Gemeng Schieren posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Contact The Organization

Send a message to Gemeng Schieren:

  • Want your organization to be the top-listed Non Profit Organization?

Share