Association luxembourgeoise des journalistes professionnels

❗️Wéinst Imprévue ass de Redaktiounschluss vum 18. August am Kyosk um Kierchbierg leider ofgesot. Mir freeën eis, iech d...
17/08/2026

❗️Wéinst Imprévue ass de Redaktiounschluss vum 18. August am Kyosk um Kierchbierg leider ofgesot. Mir freeën eis, iech dann déi nächste Kéier rem ze gesinn.

Mir kommen der Saach méi no, fir de Redaktiounschluss am Januar am Pitcher zu Esch ze toppen. 😏 Gëschter ass beim ALJP-A...
08/07/2026

Mir kommen der Saach méi no, fir de Redaktiounschluss am Januar am Pitcher zu Esch ze toppen. 😏 Gëschter ass beim ALJP-Afterwork am De Gudde Weather an der Stad op alle Fall eng gutt Trupp zesumme komm. 🤩
Nieft flotte Gespréicher bei guddem Wieder an enger schéiner Kulisse, hu mir awer och op déi gesetzlech Verankerung vum Informatiounszougangsrecht fir Journalisten a Journalistinnen ugestouss ! 🤝

Sief och du mat dobäi beim nächsten ALJP-Redaktiounschluss:

- den 18. August 🥳🍻

Kommt laanscht um Afterwork mat der ALJP - dëst Kéier nees an der Stad📍 RDV - 7. Juli, 19 Auer, De Gudde Weather (Chemin...
21/06/2026

Kommt laanscht um Afterwork mat der ALJP - dëst Kéier nees an der Stad
📍 RDV - 7. Juli, 19 Auer, De Gudde Weather (Chemin de la Corniche)
🌧️ Am Fall vu schlechtem Wieder informéiere mir op Social Media iwwer eng alternative Plaz

Eisen Terrassendësch um Redaktiounsschluss den Dënnsten an der Stad war gutt gefëllt - mee et ass nach Sputt no uewen, l...
27/05/2026

Eisen Terrassendësch um Redaktiounsschluss den Dënnsten an der Stad war gutt gefëllt - mee et ass nach Sputt no uewen, léif Kolleeginnen a Kolleegen vun der ALJP 😀

📆 Nächste Redaktiounschluss: 7. Juli.

26/05/2026

Kommt laanscht um Afterwork mat der ALJP - dëst Kéier nees an der Stad🍻

📍RDV - 26. Mee, 19 Auer, Wëllem (1, Rue de la Reine, net ze verwiesselen mam „De Gudde Wëllen“)

Mat Freed kuckt d’ALJP zeréck op d’ Centenaire-Feier den 2. Mee am ChouChou zu Hollerech.Gefeiert hu mir a Präsenz vum P...
22/05/2026

Mat Freed kuckt d’ALJP zeréck op d’ Centenaire-Feier den 2. Mee am ChouChou zu Hollerech.
Gefeiert hu mir a Präsenz vum Premierminister Luc Frieden, der Delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue a ville Memberen a Frënn vun der ALJP.
All deenen, déi dëse besonneschen Anniversaire mat eis zesumme gefeiert hunn, ee grousse Merci! ❤️

📸 Jérôme Neumann .photography
📸 Jean-Claude Ernst
📸 Claude Piscitelli

PS: Mir freeën eis op iech op eisem nächste Redaktiounsschluss, de 26. Mee!🤩

D’ALJP begréisst d’Entscheedung vum Lëtzebuerger Geriicht, enger Journalistin an hirem Editeur Recht ze ginn: E wéinst S...
12/05/2026

D’ALJP begréisst d’Entscheedung vum Lëtzebuerger Geriicht, enger Journalistin an hirem Editeur Recht ze ginn: E wéinst Steierbedruch verurteelte Geschäftsmann hat gefuerdert, dass en Artikel iwwer seng Affär geläscht gëtt. Am Sënn vun der Pressefräiheet huet d’Geriicht decidéiert, dass dat net muss geschéien.

D’Geriicht zu Lëtzebuerg huet enger Journalistin vu Reporter.lu  Schuedenersatz zougestanen, well d‘juristesch Prozedur ...
21/04/2026

D’Geriicht zu Lëtzebuerg huet enger Journalistin vu Reporter.lu Schuedenersatz zougestanen, well d‘juristesch Prozedur géint si just als Aschüchterung sollt déngen.
D‘ALJP verurteelt den Asaz vun sou SLAPP-Kloen a begréisst, datt d‘Geriicht Schuedenersatz fir d‘Journalistin festgehalen huet.

ALJP goes South - again !A well den éischte Redaktiounschluss vun dësem Joer zu Esch esou gutt besicht war, geet et fir ...
02/04/2026

ALJP goes South - again !

A well den éischte Redaktiounschluss vun dësem Joer zu Esch esou gutt besicht war, geet et fir de nächsten Afterwork mat der ALJP nees an d' Uelzecht-Stad.

📍RDV - 8. Abrëll, 19 Auer, Escher Kafé

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Association luxembourgeoise des journalistes professionnels publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Association luxembourgeoise des journalistes professionnels:

Raccourcis

Partager