13/01/2023
Lützi ass vill mei wei nemmen en symboleschen Akt vum Widdersstand. Hei verleeft d’Grenz. Eng Grenz dei mer net iwwerschreiden dierfen. Wann Lützerath fällt, fallen och eis Klimaziller mat. 650M Tonnen Kuel begruewen net nemmen d’Klimaziller vun Deitschland, mee domat och dei vun der EU.
Mier hei an Letzebuerg wärten dobei och involveiert sinn. Mier sinn et nämlech, dei des Kuel benotzen wärten.
All weideren Meter, deen weider ofgebaggert geht, fierdert nemmen d’Profiter vun RWE- an kascht eis eis Zukunft.
Vierun Allem dann, wann mier net selwer kennen do sinn, kennen mer Solidariteit weisen. Solidariteit mat deenen Menschen dei hier Secherheet riskeiren.
Dei Aktivist:innen bilden dei letzt Bastilloun, dei eis Zukunft nach verteidegen.
Losst eis och sie lo ennerstetzen.
Fir mei Informatiounen: https://luetzerathlebt.info