AAT - Association des Agents Techniques de l'État asbl

AAT - Association des Agents Techniques de l'État asbl L‘Association des Agents Techniques de l‘Etat est une organisation professionnelle et syndicale. Aussi bien qu’aux services suivants offerts par la CGFP

Home

L’Association des Agents Techniques de l’Etat (AAT) a.s.b.l. est une organisation professionnelle et syndicale sortant des cadres de l’Association du Personnel Technique de l’Etat fondée le 24 janvier 1937. Elle a pour but de défendre les intérêts professionnels, sociaux, moraux et matériels de ses membres et l’entretien de relations d’appui mutuel avec tout groupement poursuivant des b

uts analogues, le développement des liens de solidarité, de compréhension et d’esprit de collégialité. (Extrait de nos statuts)

L’AAT s’intéresse à tous les problèmes de la fonction publique ainsi qu’à des problèmes syndicaux en généraux et peut se manifester sur tous les problèmes pouvant concerner ses membres, notamment la carrière des agents techniques (artisan). L’AAT est strictement neutre en matière politique, idéologique et religieuse. Nos membres (477 à la date du 1 mai 2015) sont tous affiliés à la CGFP par l’intermédiaire de notre organisation. En tant que membre de l’AAT vous pouvez bénéficier d’informations spécifiques sur la carrière de l’artisan. En plus nos membres ont droit (par l’intermédiaire de la CGFP)

à des conseils juridiques gratuits
à l’abonnement gratuit du journal “ Fonction Publique „
à des informations gratuites sur les lois touchant aux fonctionnaires et employés publiques, tels que les traitements, les pensions, les caisses de maladie, les impôts….

30/03/2026
03/02/2026

🟦 DCGFP huet Kloertext vun der Regierung gefuerdert – a krut eng Äntwert.

D’CGFP bleift opgrond vun de Sozialwalen an der Fonction publique der Regierung hiren eenzegen a exklusive Verhandlungspartner fir Gehälterverhandlunge beim Staat. De CGFP-President Romain Wolff, hat de Minister Serge Wilmes opgefuerdert, kloer ze soen, wien um Verhandlungsdësch sëtzt – nodeems OGBL a LCGB och dobäi wollte sinn.

De Minister huet elo geäntwert: Et wier net un der Regierung, ze decidéieren, wie verhandelt, mee d’CGFP hätt an der Chambre des fonctionnaires et employés publics 23 vu 24 méigleche Sëtz – a géif domat den eenzege Verhandlungspartner bleiwen – wéi och virdru bei de viregten Accorden.

📌 Wat bedeit dat fir d’Agenten? Kloerheet, Kontinuitéit a Know-how bei den zukünftegen Negociatiounen am Interessi vun alle Leit, déi beim Staat schaffen. 👉https://www.rtl.lu/news/national/cgfp-opgrond-vun-de-sozialwalen-eenzegen-an-exklusive-verhandlungspartner-112851806

05/01/2026

D’CGFP hat de 5. Januar eng Entrevue mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz. No där vun der Regierung eesäiteg ofgebrachener Sozialronn hu mir eng fundamental Relance vum Sozialdialog gefuerdert. De Minister huet confirméiert, dass d’Regierung fest gewëllt ass, dësem Uleies Rechnung ze droen. D’CGFP begréisst dëse positiven Usaz a fuerdert d’CSV-DP-Koalitioun dozou op, fir e respektvollt Verhandlungsklima tëscht de Sozialpartner ze suergen. 🤝

Geet et dem Minister no, soll de „Comité permanent du travail et de l’emploi“ (CPTE) deemnächst nees seng Aarbecht ophuelen. Hien huet confirméiert, dass d’CGFP als national representative Gewerkschaft wäert mat um Dësch sëtzen. Dat selwecht gëllt och fir déi bilateral Gespréicher mat der Regierung. Klickt hei fir méi Detailer 🔗https://www.cgfp.lu/actualites/2026/unterredung-mit-arbeitsminister-marc-spautz-cgfp-fordert-neustart-im-sozialdialog

18/11/2025

Communiqué vun der CHFEP zum Staatsbudget fir 2026 an zur Pensiounsreform:
▶️ Verschlechterung vun de Pensiounen → d'CHFEP seet kloer: Nee!
▶️ Sozialdialog: katastrophal Ëmgangsweis vun der Regierung ë.a. am Dossier vun de Pensiounen
▶️ syndikalistesch Fräiheeten: d'Loft gëtt ëmmer méi dënn
▶️ Autonomie vun der CHFEP a Gefor
▶️ nationalen Aktiounsplang géint Aarmut geet net wäit genuch
▶️ Défense: Ausgaben mussen och der ziviler Sécherheet zeguttkommen
▶️ eng (verstoppten) Hausse vun de Waassertaxen vun 26,4 % → eng Belaaschtung fir vill Stéit

👉 chfep.lu/budget2026

Hei déi detailléiert Positiounen vun der CHFEP (Avisen 4318, 4329 a 4332): chfep.lu/avis

30/10/2025
28/10/2025

⚠️ Privatiséierung am Gesondheetswiesen? CGFP seet: Stopp!
D’CGFP fuerdert déi direkt Suspensioun vum Projet de loi 8399. Staatlech Aufgaben am Beräich vun der Santé däerfen net no privatrechtleche Krittären organiséiert ginn. Eng Privatiséierung vu staatlechen Déngschtleeschtunge setzt de soziale Fridden op d’Spill. Alles aneschtes ass e Verstouss géint de Gehälteraccord vun 2002 D’Gesondheetsministerin Martine Deprez huet bis ewell net op eis Doleancë reagéiert – d’CGFP huet dowéinst elo d’Conciliatiounsprozedur an d’Weeër geluecht.
➡️ Méi dozou https://www.cgfp.lu/actualites/2025/privatisierung-im-gesundheitswesen-cgfp-fordert-aussetzung-des-gesetzentwurfs-8399

16/10/2025

Gëschter ass d’Assemblée plénière vun der CHFEP zesumme komm fir iwwert eng Rei wichteg Avisen ze diskutéieren, dorënner:
🏛️ d’Reform vun den Staatsexamen,
🗣️ d’Sproochentester an der Fonction publique,
✊ an d’Conciliatiounsprozeur am ëffentleche Secteur.

Weider um Ordre du jour stoungen ënner anerem d’Schafung vun enger "Administration des aides individuelles au logement", d’Kreatioun vum Établissement public IPESS "Initiative pour la promotion de l’emploi dans le secteur du sport", d’Alphabetisatioun op Franséisch am Enseignement an den "Homeschooling".

👉 Fir d’Avisen am Detail nozeliesen kënnt Dir op eis Websäit chfep.lu/avis goen.

09/09/2025

D’Conférence des Comités restreinte vun der CGFP huet dëse Méindeg den Echec vun den Dräiergespréicher am Staatsministère analyséiert. Déi eesäiteg Démarche vun der CSV-DP-Koalitioun schued dem Lëtzebuerger Sozialmodell, esou eng vun de Conclusiounen. Ofzewaarde bleift, wéi sech dat Ganzt wäert op de Sozialdialog hei am Land auswierken. D’CGFP wäert déi weider Entwécklung genee am An behalen an hir Virgoensmanéier bei Bedarf där neier Situatioun upassen.

Do dernieft hunn d’Delegéierten mat enger grousser Majoritéit d’Statutenännerunge vun der CGFP ugeholl. Dës Upassunge waren duerch dat neit Asbl-Gesetz vun 2023 néideg ginn. 👉https://www.cgfp.lu/actualites/2025/cgfp-vorstandekonferenz-ein-schlag-gegen-das-luxemburger-sozialmodell

08/09/2025

De CGFP-President Romain Wolff war dëse Méindeg Invité vun der RTL-Redaktioun. D’Manéier, wéi d’Sozialronn op en Enn bruecht gouf, wier „e Schlag géint de Lëtzebuerger Sozialmodell“. Ouni d’Mobiliséierung vun de Gewerkschafte wier et mol net zu dësen Dräiergespréicher komm.

Beim Volet vun de Pensioune wier en Accord mat der Regierung méiglech gewiescht, wann d’CSV-DP-Koalitioun esou éierlech gewiescht wier, fir dat, wat zum Schluss vun der zweeter Sozialronn um Dësch loung, zeréckzebehalen, esou de Romain Wolff. Deemools war ë.a. festgehale ginn, dass den Ajustement bäibehale gëtt. De CGFP-President huet d’Impressioun, datt d’Regierung schonn de Summer iwwer un den Texter geschafft huet. Et bléif ze hoffen, dass verschidden Dispositioune vun der Pensiounsreform elo net an aner Gesetzer wéi z.B. d’Budgetsgesetz afléissen, sot nach de Romain Wolff. 👉https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2334602.html

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque AAT - Association des Agents Techniques de l'État asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à AAT - Association des Agents Techniques de l'État asbl:

Partager

Type