14/05/2023
Eng kleng “Gediechtneserfrëschung”
Den 20. Mee 2023 feiere mer den trauerege Gebuertsdag vum absurde “Wormer Karussell”, deen och nach am ganze Land bekannt ass ! Et sinn elo genau 10 Joer hier, wou den “temporaire” Sens Unique am Duerfkär zu Wormer entstanen ass, deen awer nëmmen fir 5 Méint bestoe sollt !
Mir hunn eis wärend all deene Joeren mat eisen iwwer 35 laang an detailléierte Bréiwer gewiert. Eng flagrant Diskriminatioun ass wéinst dem “temporaire” Sens Unique am Duerfkär entstanen an zwar, géigeniwwer de Geschäfter a Restauranten am Duerfkär a géigeniwwer den Awunner vun der Gewân, mä och géigeniwwer den Awunner op den Haaptstroossen a villen aneren Dierfer fir an d’Stad ! De Verkéier ass ënner anerem, an eist Wunngebitt, der Gewân, ëmgeleet ginn, well den Duerfkär en net méi wollt !
De "Countdown” leeft !
Den 20. Mee 2023 ass de leschten Delai fir e Recours géint de PAG vun der Gemeng Wormer ze maachen.
An eisem 2. Asproch geet et fir Plaz am Hang fräi ze loossen fir den Zougang vum "Wormer Tunnel" ze erméiglechen.
Mir froen eis elo, ob nom 19. Mee 2023 eng "Léisung fir eis ALL" ze fannen, definitiv eriwwer ass !
Kann dann keng direkt Verbindung tëschent der Tréier Autobunn (A1) - iwwert de "Plateau de Dreiborn" - an der däitsch-lëtzebuergescher Grenzbréck méi gemaach ginn ?
Elo wou d'Walen virun der Dier stinn, ass wierklech KEE Politiker do, deen eis ënner d'Äerm gräife kënnt ?
Ass wierklech KEE Politiker do, deen agesäit, datt de "Wormer Tunnel" net nëmmen den Haaptproblem vum Transitverkéier an der Gemeng Wormer léise kann, mä datt de "Wormer Tunnel" och den Transitverkéier zu Gréiwemaacher an zu Réimech reduzéiere kënnt ?
Spéitstens no de Walen, wann den Här François Bausch an d’Madamm Taina Bofferding de PAG vu Wormer ënnerschriwwen hunn, ass Wormer fir ëmmer gedeelt !
Den “temporaire” Sens Unique wäert fir ëmmer fir déi eng e Seegen a fir déi aner e Fluch sinn, well déi zoustänneg Autoritéiten d’"Leisung fir eis ALL” , nämlech de “Wormer Tunnel”, net wëllen unhuelen !
A wéi d’Geschicht op der Musel zënter der Zäit vun de Réimer et bewisen huet, geet et an der Politik duerch Verlugenheet mat der traureger Realitéit virun no dem Grondsaz: “Divide et Impera”.
E leschten Appell geet also elo nach un d’Awunner vun der Gemeng Wormer: Léift Bierger, wielt déi Leit, déi sech bei de nächste Gemengewalen 2023 a Parlamentswalen 2023 éierlech fir Iech asetzen…
Bonne chance !