15/09/2026
Rentrée op Madagaskar
Obwuel et op Madagaskar eng Schoulpflicht gëtt, waren am Joer 2025 laut Unicef 43% vun de Kanner op der Insel net scolariséiert. Besonnesch fir Jonker aus benodeelegte Familljen ass den Zougang zur Bildung nach ëmmer eng grouss Erausfuerderung.
Mir si frou, dass mir och dëst Joer nees d'Famille vun 1100 Schüler duerch d'Finanzéiere vum Schoulmaterial entlaaschten an de Kanner eng besser Chance op Bildung an domat op eng besser Zukunft kënne ginn.
Virun engem Mount hu mer iech hei gewisen, wéi d'Virbereedungen op d'Rentrée an der Ecole Santa Lucia gelaf sinn. An d'lescht Woch war et esou wäit: Ronn 200 Schüler sinn um 1. Schouldag mat hiren Elteren an d'Schoul komm fir hir nei Schoulsaachen entgéint ze huelen. D'Freed an d'Dankbarkeet war op alle Säite grouss.
Och d'Kantin vun der Ecole Santa Lucia wäert dëst Schouljoer Dank eisem Finanzement weider kënne fonctionéieren. Déi 200 Schüler an hir Proffe kréie 4 mol d'Woch gratis eng gesond Molzecht zervéiert.
E grousse MERCI geet op dëser Plaz un all eis Donateuren, déi eis ëmmer trei ënnerstëtzen an dës Projete méiglech maachen.