04/09/2026
Engersäits freeë mir eis iwwer d’Unerkennung an d’Recommandéiere vun eis an eiser Aarbecht säitens ëffentlechen Organer, wéi der Police, mee anerersäits si mir enttäuscht datt mir vun der Regierung weiderhin net ënnerstëtzt ginn an eis benevolle (!) Aarbecht als selbstverständlech ugesi gëtt, wéi a sou ville benevolle Beräicher zu Lëtzebuerg.
De Benevolat spillt zu Lëtzebuerg eng enorm grouss Roll an ass richteg a wichteg, mee ab wéini ass den Hobby en onbezuelten Niewenjob an de Benevolat gëtt als gratis Déngschtleeschtung ausgenotzt?
An ëmmer méi Haushalter ginn et Hausdéieren, a virun allem Hënn a Kaze kënnen do och séier zu enger Gefor fir sech selwer an hiert Ëmfeld gi wann se fortlafen! Sief et datt se op eng Strooss lafen an eng Gefor fir den Trafic sinn a villäicht souguer e Mënsch zu Schued kënnt well se virun en Auto gelaf sinn? Oder wëll se an hirer Panik och mol ugräife kënnen an ee Mënsch verletzen?
Grad a sou Fäll ass et wichteg vun Ufank u richteg ze agéiere fir d’Déier net nach weider zu enger Gefor fir sech an anerer ze maachen, a mat fundéiertem Wëssen, situativ ugepasste Methoden a speziellem Material de Besëtzer ënnerstëtze fir säin Déier séier a sécher zeréckzekréien.
Genee sou wichteg ass awer och präventiv Aarbecht an Opklärung, an déi vun eis och vill Zäit an Aarbecht gestach gëtt.
Beispillsweis doriwwer opklären datt d’Chippe vu sengem Hausdéier zwar eng gesetzlech Verflichtung ass, awer leider d’Registréiere vun deem Chip net…. an dat wëssen nach ëmmer vill Leit net a genee sou vill Veterinaire klären net doriwwer op datt et an der Eegeverantwortung vum Besëtzer leit ze kontrolléieren ob den Chip och registréiert ass mat de korrekten Donnéeën.
Mir soen dem clairedelcourt.lu Merci fir d’Stelle vun der Question Parlementaire a seng Ënnerstëtzung!
An och dem rtl.letzebuerg fir den Artikel:
An enger parlamentarescher Fro hannerfreet d'Deputéiert Claire Delcourt den Ëmgang mat Meldunge vu vermëssten Déieren. Vill Leit wéissten dacks net, u wie si sech wende sollen, wann hiert Déier vermësst gëtt.