Outreach Youth Work - Maisons des jeunes

Outreach Youth Work - Maisons des jeunes Mir ënnerstëtze Jonker tëscht 16 a 26 Joer, Ziler fir hir Zukunft ze gestalten an och de Wee fannen fir se ze erreechen !

Eis Aarbecht besteet draus, mat Jonken tëscht 16 a 26 Joer a Kontakt ze kommen, déi de Moment weder an d’Schoul ginn, nach schaffe ginn oder sech un iergendenger Aus-oder Weiderbildung bedeelegen. De Moment fënnt een eis a folgende Gemengen: Déifferdeng, Diddeleng, Käl/Téiteng, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng wou mir a ganz enker Zesummenaarbecht mat de Jugendhaiser schaffen, awer och mat lokale Ser

vicer wéi dem Office social, der ADEM, der ALJ, dem SNJ an aner Vereenegungen déi mat Jonke schaffen. Eist Zil ass et, dës Jonk duerch vill Gespréicher, Aktivitéiten, Begleedung an Orientéierung dozou ugereegt ze kréien eppes an hirem Liewe wëllen ze veränneren, a besser ze gestalten. Mir hunn ëmmer en oppent Ouer fir allméiglech Problemer a Bezuch zur Famill, zu de Kollegen, dem Partner, der Aarbecht Sich oder einfach nëmme fir wann een sech eleng an onverstane fillt. Mir sinn och einfach heiansdo nëmmen dee Kolleg dee mat engem trëppele geet oder eng Partie Billard spille geet, awer ëmmer am Sënn fir dee Jonken a senger Transitiounsphas z‘ënnerstëtzen. Mir probéieren erauszefanne wou de Schong dréckt, a versichen och esou gutt et geet dee beschtméigleche Wee mam Jonken zesummen ze fannen, an dat Schrack fir Schrack. Eis ass et immens wichteg datt dee Jonke säi Wee selwer gestalt, woubäi mir ëmmer als Stäip hannert him stinn, bei egal wéineger Etapp. Et ass deem Jonken och fräi iwwerlooss ob hie mat eis schaffe wëll oder net. D’Outreach Ekipp steet Jonken awer och anere Servicer zur Verfügung vu Moies 09h00 – owes 19h00. Déifferdeng  [email protected] 671 88 47 22
Péiteng  [email protected] 671 88 47 27
Diddeleng  [email protected] 671 88 47 26

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Outreach Youth Work - Maisons des jeunes publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Outreach Youth Work - Maisons des jeunes:

Partager

Outreach Youth Work

Eis Aarbecht besteet draus, mat Jonken tëscht 16 a 26 Joer a Kontakt ze kommen, déi de Moment weder an d’Schoul ginn, nach schaffe ginn oder sech un iergendenger Aus-oder Weiderbildung bedeelegen. De Moment fënnt een eis a folgende Gemengen: Déifferdeng, Diddeleng, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng wou mir a ganz enker Zesummenaarbecht mat de Jugendhaiser schaffen, awer och mat lokale Servicer wéi dem Office social, der ADEM, der ALJ, dem SNJ an aner Vereenegungen déi mat Jonke schaffen. Eist Zil ass et, dës Jonk duerch vill Gespréicher, Aktivitéiten, Begleedung an Orientéierung dozou ugereegt ze kréien eppes an hirem Liewe wëllen ze veränneren, a besser ze gestalten. Mir hunn ëmmer en oppent Ouer fir allméiglech Problemer a Bezuch zur Famill, zu de Kollegen, dem Partner, der Aarbecht Sich oder einfach nëmme fir wann een sech eleng an onverstane fillt. Mir sinn och einfach heiansdo nëmmen dee Kolleg dee mat engem trëppele geet oder eng Partie Billard spille geet, awer ëmmer am Sënn fir dee Jonken a senger Transitiounsphas z‘ënnerstëtzen. Mir probéieren erauszefanne wou de Schong dréckt, a versichen och esou gutt et geet dee beschtméigleche Wee mam Jonken zesummen ze fannen, an dat Schrack fir Schrack. Eis ass et immens wichteg datt dee Jonke säi Wee selwer gestalt, woubäi mir ëmmer als Stäip hannert him stinn, bei egal wéineger Etapp. Et ass deem Jonken och fräi iwwerlooss ob hie mat eis schaffe wëll oder net. D’Outreach Ekipp steet Jonken awer och anere Servicer zur Verfügung vu Moies 09h00 – owes 19h00.