Jugendtreff Gemeng Fréiseng

Jugendtreff Gemeng Fréiseng Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Jugendtreff Gemeng Fréiseng, Organisme jeunesse, Luxembourg.

Mir starten an de September!Déi éischt Woch stinn eng Rei Aktivitéite voller Spaass an Action.🎮 02.09. – Let’s Play: Fun...
30/08/2026

Mir starten an de September!

Déi éischt Woch stinn eng Rei Aktivitéite voller Spaass an Action.
🎮 02.09. – Let’s Play: Fun & Games
🌭 04.09. – Kitchenclub: Hot Dogs
🎢 05.09. – Schueberfouer

Fir d'Schueberfouer kritt all Participant eng Entrée fir e Spill. 🎟️

👉 Swipe duerch fir méi Infoe zu den Aktivitéiten!
Mellt iech un op www.elisabethjeunesse.lu

Léif Kanner, léif Jonk a léif Familljen,Mir invitéieren Iech häerzlech op eis flott Owenter am Site zu Uespelt wou d'Vak...
20/07/2026

Léif Kanner, léif Jonk a léif Familljen,

Mir invitéieren Iech häerzlech op eis flott Owenter am Site zu Uespelt wou d'Vakanzaktivitéiten stattfannen. Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend mat Spaass, Spill an enger gudder Ambiance.

Um Programm steet:

🎬 Kino Owend – Mëttwoch, den 22.07.2026, ab 19:00 Auer

🎡 Kiermes Owend – Freideg, de 24.07.2026, ab 19:00 Auer

🌙 Nuetsrallye – Dënschdeg, den 28.07.2026, ab 19:00 Auer

🎲 Casino Owend – Donneschdeg, den 30.07.2026, ab 19:00 Auer

Fir all Owend ass eng Umeldung op www.elisabethjeunesse.lu néideg.

D'Participatioun kascht 2€ pro Owend a Persoun. Dëse Bäitrag ass als klenge Merci geduecht, fir d'Aarbecht an den Asaz vun den Animatricen an Animateuren ze wäertschätzen.

Mir freeën eis drop, Iech op engem oder méi vun eisen Owenter begréissen ze dierfen!

Mat grousser Freed invitéiere mir iech op d'Aweiung vum Jugendtreff Gemeng Fréiseng.🗓Datum: Samschdes, 23. Mee um 14:00 ...
18/05/2026

Mat grousser Freed invitéiere mir iech op d'Aweiung vum Jugendtreff Gemeng Fréiseng.

🗓Datum: Samschdes, 23. Mee um 14:00 Auer
📍Plaz: Jugendtreff zu Uespelt beim Schlass (Annexe vum Schlass, 2. Stack)
Weider Infoen kënnt dir um Flyer fannen.

D'Aweiung ass eng flott Geleeënheet, fir de Jugendtreff kennenzeléieren an sech iwwer zukünfteg Projeten an Aktivitéiten auszetauschen. No engem kuerzen offiziellen Deel invitéiere mir iech op en Apero an e gemittlecht Zesummesinn.

Mir géifen eis freeën, iech e Samschden begréissen ze dierfen😁
___________________________________
C’est avec grand plaisir que nous vous invitons à l’inauguration du Jugendtreff de la Commune de Frisange.

🗓 Date : Samedi 23 mai à 14h00
📍Lieu : Jugendtreff à Aspelt près du château (annexe du château, 2e étage)
Vous trouverez plus d’informations sur le flyer.

L’inauguration sera une belle occasion de découvrir le Jugendtreff et d’échanger autour des futurs projets et activités.
Après une courte partie officielle, nous vous invitons à partager un apéritif ainsi qu’un moment convivial ensemble.

Nous nous réjouissons de pouvoir vous accueillir😁

✨Eng nei Woch = nei Aktivitéiten am Jugendtreff zu Uespelt!✨🍽️MëttwochMir starten d’Woch mat engem Test vum Menü vum Jug...
12/05/2026

✨Eng nei Woch = nei Aktivitéiten am Jugendtreff zu Uespelt!✨

🍽️Mëttwoch
Mir starten d’Woch mat engem Test vum Menü vum Jugendtreff-Team fir „De Perfekten EJ Dinner“👩‍🍳
Kommt de Menü schmaachen an ënnerstëtzt d’Team, dat e Samschde beim perfekten Dinner kacht!

👉🏻Donneschden ass Feierdag an dofir ass de Jugendtreff zou👈🏻

🎬Freiden
Dës Kéier gëtt net gekacht, mais mir maachen e flotte Filmowend mat eiser eegener Popcornsmaschinn 🍿✨
Dir kënnt entscheeden, wéi ee Film mir kucken 👀

🏆 Samschden
Endlech ass et esou wäit: „De Perfekten EJ Dinner“ fänkt un!
Mir starten d’Event zu Uespelt an triede géint 2 aner Jugendhaiser un.
⏰ D’Event start um 16:30 Auer
➡️ Dofir ass de Jugendtreff just vun 12:00 - 16:00 Auer op. Kommt gär virdru laanscht an ënnerstëtzt är Kolleeginne beim Opriichten🤝🏼

✨Wat leeft dës Woch am Jugendtreff?✨Et ass Vakanz – an et stinn e puer flott Aktivitéiten um Plang😎👉 **Mëttwoch (1. Abrë...
31/03/2026

✨Wat leeft dës Woch am Jugendtreff?✨

Et ass Vakanz – an et stinn e puer flott Aktivitéiten um Plang😎

👉 **Mëttwoch (1. Abrëll)**
Mir plangen eist Jugendtreff!🎨
Wéi soll et ausgesinn? Wéi wëlle mir et dekoréieren? Är Iddien zielen – loosst är Kreativitéit fräie laf!

👉 **Donneschden (2. Abrëll)**
Frëndschaftsbänner 🧵
Maacht ären eegene Bracelet – fir iech selwer oder fir är Frënn a Frëndinnen!

👉 **Freiden (3. Abrëll)**
Burrito-Time🌯
Mir kachen zesumme lecker Burritos an iessen se dono gemittlech zesummen.

👉 **Samschden (4. Abrëll)**
Spadséiergang🌻
Genéisst dat gutt Wieder a kommt mat op eng kleng Tour dobaussen!

Kommt laanscht💛

🗓 Ëffnungszäite vum JugendtreffDe Jugendtreff ass Mëttwochs bis Samschdes op.➡️ Wann eng Aktivitéit am Jugendtreff statt...
19/03/2026

🗓 Ëffnungszäite vum Jugendtreff
De Jugendtreff ass Mëttwochs bis Samschdes op.
➡️ Wann eng Aktivitéit am Jugendtreff stattfënnt, bleiwen d'Ëffnungszäiten déi selwecht.
➡️ Wann eng Aktivitéit ausserhalb vum Jugendtreff ass, dann ass den Treff fir déi Zäit zou.
ℹ️ Wann de Jugendtreff zou ass (Congé, Krankheet oder aner Occasiounen), da gëtt dat op de soziale Medien annoncéiert.

🚪✨Et ass endlech esou wäit!✨🚪De Jugendtreff Gemeng Fréiseng mécht seng Dieren op!Chillen, schwätzen, kreativ sinn a vill...
03/02/2026

🚪✨Et ass endlech esou wäit!✨🚪

De Jugendtreff Gemeng Fréiseng mécht seng Dieren op!
Chillen, schwätzen, kreativ sinn a villes méi – alles am Jugendtreff👈🏼

📅 Freides, de 27.02.2026 ab 14:00 Auer
📍 Uespelt – beim Schlass (Annexe vum Schlass)

🎉Passend zu der Ouverture kënnt dir eng Participatioun un enger Aktivitéit gewannen😎

👉🏼Kommt laanscht!
__________________________________
🇫🇷
🚪✨ Ça y est, c’est enfin le moment ! ✨🚪

Le Jugendtreff Gemeng Fréiseng ouvre ses portes !
Se détendre, discuter, rire, être créatif et bien plus encore – tout au Jugendtreff👈🏼

📅 Vendredi 27.02.2026 à partir de 14h00
📍 Uespelt – au Château (annexe du Château)

🎉À l’occasion de l’ouverture, vous pourrez gagner une participation à une activité😎

👉🏼Passez nous voir!

02/02/2026
👶Babysitting-FormatiounDu bass op d’mannst 15 Joer a hues Loscht méi iwwer Babysitting ze léieren? Dann ass dës Formatio...
05/01/2026

👶Babysitting-Formatioun

Du bass op d’mannst 15 Joer a hues Loscht méi iwwer Babysitting ze léieren? Dann ass dës Formatioun genee dat Richtegt fir dech!

📍Wéini?
🗓️ 30.03.2026
⏰ Start: 8h45

📌Wou?
Jugendtreff Gemeng Fréiseng zu Uespelt

💻Umellen:
👉 www.elisabethjeunesse.lu

ℹ️Gutt ze wëssen:
Am Präis ass alles inclus – Mëttesiessen och!

📞Froen?
Mell dech gäre per Noriicht oder Uruff.

🍀HAPPY NEW YEAR🥳Fir gutt an dat neit Joer ze starten, gi mir de 17. Januar Battle Kart op Tréier fueren🏁Fir dëst net ze ...
05/01/2026

🍀HAPPY NEW YEAR🥳

Fir gutt an dat neit Joer ze starten, gi mir de 17. Januar Battle Kart op Tréier fueren🏁

Fir dëst net ze verpassen an eng Plaz ze garantéiere kanns du dech op www.elisabethjeunesse.lu umellen (Link och an der Bio)😁

ℹ️Fir weider Infoen oder Froen:
📧 [email protected]
📞 +352 621 578 861 (& WhatsApp)

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jugendtreff Gemeng Fréiseng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Jugendtreff Gemeng Fréiseng:

Raccourcis

Partager