Plooschter Projet

Plooschter Projet Fannt äre geneteschen Zwilling a rett säi Liewen! Gitt Stammzellespender! Join the team, save a life! GITT STAMMZELLESPENDER, RETT E LIEWEN! gesond sinn,

5.

Basisviraussetzunge fir e Spender:

1. 18 bis 40 Joer al sinn (vu 16 Joer u mam Accord vun den Elteren). Wann ee bis enregistréiert ass, kann ee bis 60 Joer Stammzelle spenden,

2. net méi wéi zwee Mol schwanger gewiescht ze sinn (Feelgebuerten abegraff),

3. méi wéi 50 kg weien,

4. Lëtzebuerger bzw. Däitsch Nationalitéit oder Wunnsëtz hun. Wann Dir dës Bedingungen erfëllt, musst Dir just nach e Gesondheetsfroebou ausfëllen an eng Bluttofnam maachen oder eng Spautprouf ofginn. D’Registréierung:

Et ass einfach Stammzellespender ze ginn. Et ginn zwou Méiglechkeeten:

1. Doheem registréieren: Dir kënnt, mat „Picken Doheem“ ënnert der Telefonsnummer (+352)27321 oder via Email [email protected] e Rendez-vous ausmaachen. Sot, datt Dir Iech als Stammzellespender registréiere wëllt. Et kënnt en Infirmier/eng Infirmière bei Iech heem oder op Är Aarbechtsplaz.

2. Am Labo registréieren: Dir kënnt Iech an allen „Picken Doheem“ Zentrume registréiere loossen. D’Lëscht vun alle Laboratoiren, déi deelhuelen, fannt Dir op eiser Internetsäit www.plooschterprojet.lu

De Stammzellespender Sven aus Wäicherdang gëtt engem zweejärege Kand nei HoffnungWäicherdang / Birkenfeld, den 04.Oktobe...
05/10/2026

De Stammzellespender Sven aus Wäicherdang gëtt engem zweejärege Kand nei Hoffnung
Wäicherdang / Birkenfeld, den 04.Oktober 2026 – D'Méiglechkeet, enges Daags e Liewen ze retten. Dëse Gedanke war de Grond, firwat de Sven sech viru ronn aacht Joer iwwer déi lëtzebuergesch Initiativ "Plooschter Projet" als potenzielle Stammzellespender registréiere gelooss huet. Haut ass hie selwer Papp a schafft als Hausmeeschter an enger Secondaire-Schoul. Nieft dem Zeechnen an der Gaardenaarbecht huet hien eng Leidenschaft fir d'Bemole vu Miniatur Figuren entdeckt.
Entspanung an Uspanung wärend der Stammzellespenden
De Sven krut doheem d'Noriicht, datt hien als méigleche Stammzellespender a Fro kënnt. Begeeschtert vun der Méiglechkeet ze hëllefen, huet hien direkt zougestëmmt. Duerno gouf et eng detailléiert medezinesch Opklärung an eng Rei Ënnersichungen. Trotzdeem hat hien e bësse Bedenken am Hibléck op déi nei Erfarung: "Wéi den Dag vun der Entnahm ukomm ass, gouf ech e bëssen nervös, mee ech hat keng richteg Angscht", erënnert sech de Sven. An ongeféier 90 Prozent vun de Fäll ginn d'Stammzellen aus dem Blutt vum Spender gewonnen. Beim Sven gouf d'Entnahm awer direkt aus dem Knachemuerch gemaach. Dobäi gëtt de Becke Knache ënner Vollnarkos punktéiert.
Obwuel dëse Virgank am Ufank vläicht beängschtegend klengen kann, geet de Sven entspaant un d'Saach: "Ech sinn vun Natur aus ee Mënsch, deen d'Saache gelooss op sech duerkomm léisst an sech net ze vill Suerge mécht", seet hien iwwer sech selwer. "D'Infirmièren an d'Doktere ware beandrockt vu menger roueger an entspaanter Aart".
Wéi de Sven aus der Narkos erwächt, stécht eng Saach virun allem eraus – ofgesi vum staarke Muskelkater am ënneschte Réck: d'Hoffnung. D'Hoffnung, datt seng Spend hëllefe wäert. D'Hoffnung, datt hien sengem geneteschen Zwilling eng zweet Chance am Liewe ginn huet.
Liewens rettend Hëllef fir e klengen Jong
Fir de Sven spillt et keng Roll, wien genee seng Stammzellespend kritt; dat eenzegt, wat fir hien zielt, ass, datt hie hëllefe kann. Hie gëtt awer emotional, wéi hien gewuer gëtt, datt seng Spend un e Jong geet, deen eréischt zwee Joer al ass. "Mir sinn direkt d'Tréinen an d'Aen geschoss. Ech géif mäi genetesche Zwilling am léifste fest an d'Äerm huelen an him soen, hie soll säi Liewen a vollen Zich genéissen", seet de Sven. Als Papp vun engem klengen Jong versteet hien, wéi wäertvoll d'Hoffnung op eng gemeinsam Zukunft ass.
Elo wëll de Sven och anerer dozou ermonteren, sech registréieren ze loossen: „Egal wéi grouss d'Angscht virum Entnahmprozess oder souguer virun der Virënnersichung vum Eenzelnen ass – et ass näischt am Verglach zu deem Gefill, ze wëssen, datt een engem anere Mënsch eng zweet Chance ginn huet.“
Spend duerch grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht erméiglecht
D'Stefan-Morsch-Stëftung mat Sëtz zu Birkenfeld (Rheinland-Pfalz) verwalt de Register fir Stammzellespender fir Lëtzebuerg. Si gëtt bei dëser Aarbecht vun den Initiativen Plooschter Projet an Don de Moelle ënnerstëtzt, déi zu Lëtzebuerg iwwer d'Stammzellespend informéieren an nei potenziell Spender sichen. Duerch de Plooschter Projet huet de Sven fir d'éischt vun der Stammzellespend héieren an decidéiert, sech registréieren ze loossen. Esou gouf hien ee vun de méi wéi 22.000 potenzielle Spender, déi sech zanter der Grënnung vum Plooschter Projet registréiert hunn. D'Stefan Morsch Stiftung këmmert sech duerno ëm d'Analys vun de Geweebe-Eegenschaften an ëm d'Betreiung virun, wärend an no der Spende. "Datt e Spender dee sech beim Plooschter Projet dank der enker Zesummenaarbecht mat der Stefan Morsch Stiftung registréiert huet , elo engem zweejärege Jong d’Hoffnung op en neit Liewen gëtt , ass fir eis e Moment, deen eis déif beréiert, an e wonnerbar Beispill dofir, datt Grenzen keng Roll spillen, wann et drëms geet, aneren ze hëllefen“, ënnersträicht d’Christiane Lieners, Spriecherin vum Plooschter Projet. Och d’Susanne Morsch, Presidentin vun der Stefan Morsch Stiftung, ënnersträicht d’Wichtegkeet vun dëser Zesummenaarbecht, besonnesch am Hibléck op d’Zukunft: „Mir si ganz dankbar fir déi vertrauensvoll Partnerschaft mam Plooschter Projet, déi elo schonn zanter méi wéi zéng Joer besteet.“
"Mir freeën eis, dëse Wee gemeinsam weiderzegoen an d'Sensibiliséierung fir d'Stammzellespenden ze fërderen, fir datt mir an Zukunft esou vill Patiente wéi méiglech hëllefe kënnen."
Eng Umeldung ass bei Eventer vum Plooschter Projet ob der Plaz méiglech. D’ Agenda fir déi nächst Typiséierungsaktiounen an all Informatiounen iwwer d'Stammzellespend fannt Dir op www.plooschterprojet.lu.
Alternativ kann dier och är Bluttanalyse an alleguerten den Laboratoiren vun eisem Partner „Picken Doheem“ / „BioneXt“ maachen. Esou wéi och an follgenden Laboen: Laboratoires Ketterthill, Laboratoires Réunis, CHEM an CHL (Aschreiwung am Spidol).

SPENDELAF - SCHECKIWWEREESCHUNG🇱🇺 E grousse Merci un d’Schüler aus dem Faubourg!D’Schüler aus dem Faubourg hu sech mat v...
04/10/2026

SPENDELAF - SCHECKIWWEREESCHUNG
🇱🇺 E grousse Merci un d’Schüler aus dem Faubourg!
D’Schüler aus dem Faubourg hu sech mat vill Engagement un engem Spendelaf bedeelegt an dobäi eng Zomm vu 5.800 € gesammelt.
De Betrag gouf elo am Kader vun enger Scheckiwwerreechung un de Plooschter Projet iwwerreecht. Mat dëser Aktioun ënnerstëtzen d’Schüler d’Initiativ, déi sech fir Leit mat Leukämie an hir Familljen asetzt.
D’Gemeng Käl seet de Schüler an dem ganze Schoulteam e grousse Merci fir hiren Asaz, hir Solidaritéit an hir Generositéit. Eng flott Aktioun, déi weist, wat een zesummen erreeche kann! ❤️
🇫🇷 Un grand merci aux élèves du Faubourg !
La commune de Kayl a eu le plaisir de remettre un chèque de 5 800 € au Plooschter Projet. Cette somme a été récoltée par les élèves du Faubourg dans le cadre d’une course solidaire.
Grâce à leur engagement et à leur solidarité, les élèves ont contribué à soutenir le Plooschter Projet, qui vient en aide aux personnes atteintes de leucémie et à leurs familles.
La commune de Kayl remercie chaleureusement les élèves, les enseignants et toutes les personnes ayant participé à cette belle initiative. ❤️ Plooschter Projet

Geschter hun mer bei Videogames 18 nei Spender registréiert . Mer soen Merci
28/09/2026

Geschter hun mer bei Videogames 18 nei Spender registréiert . Mer soen Merci

Haut hun mer um Lëtz go Gold 15 nei Stammzellspender registréiert 🙏👌Mer soen MERCI      👊
26/09/2026

Haut hun mer um Lëtz go Gold 15 nei Stammzellspender registréiert 🙏👌Mer soen MERCI 👊

Haut hun mer an der Policeschoul 70 nei Spender registréiert. Merci jidderengem den mat gemach huet    🖕
25/09/2026

Haut hun mer an der Policeschoul 70 nei Spender registréiert. Merci jidderengem den mat gemach huet 🖕

Mer soen der Chorale Escher Sängerfrënn villmols MERCI fir hir wertvoll Ënnerstëtzung an eisem Kampf géint Leukämie
24/09/2026

Mer soen der Chorale Escher Sängerfrënn villmols MERCI fir hir wertvoll Ënnerstëtzung an eisem Kampf géint Leukämie

Registréiert Iech den Samsdeg um Lëtz Go Gold als Stammzellspender  🎗️   Fondation Kriibskrank Kanner
23/09/2026

Registréiert Iech den Samsdeg um Lëtz Go Gold als Stammzellspender 🎗️ Fondation Kriibskrank Kanner

Mer soen dem ROTARY HORIZON villmols Merci fir déi wertvoll Ënnerstëtzung an eisem Kampf géint Leukämie
14/09/2026

Mer soen dem ROTARY HORIZON villmols Merci fir déi wertvoll Ënnerstëtzung an eisem Kampf géint Leukämie

Geschter waren mer um Escher Kulturlaaf am Asatz. Merci denen 16 neien potentiellen Stammzellspender déi sech registréie...
06/09/2026

Geschter waren mer um Escher Kulturlaaf am Asatz. Merci denen 16 neien potentiellen Stammzellspender déi sech registréiert hun

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Plooschter Projet publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Plooschter Projet:

Raccourcis

Partager