01/09/2026
🐾 Moien, ech sinn d’Püpi! 🩷
Ech sinn 8 Joer al a liewen zënter ech kleng sinn bei enger Famill. Elo sichen ech e neit Doheem, wou ech mech a Rou a Sécherheet ka fillen. 🥰
Ech sinn eng Kaz, déi e bëssen Zäit brauch, fir Vertrauen ze faassen. Dofir brauch ech roueg Kazekenner, déi Gedold hunn an mir déi néideg Zäit ginn, fir mech an mengem neien Doheem anzegewinnen. ❤️
Ech si KENG Kaz fir Ufänger, an ech wënsche mir e Liewen ouni Stress an ouni Kanner, wou et roueg a gemittlech ass. Ech sinn et gewinnt, eleng ze sinn, a wëll dofir och weiderhin meng Leit fir mech eleng hunn. 🐱🏡
Bis elo war ech nëmmen eng Wunnéngskaz.
Wann Dir mir e rouegt a léift Doheem fir de Rescht vu mengem Liewen schenke wëllt, da mellt Iech w.e.g. beim Privaten Déiereschutz
Vläicht sinn ech jo genau déi kleng Kaz, déi Dir nach an Ärer Famill vermësst. 🥹🩷🐾
Merci dass Dir och eelere Kazen eng Chance gitt!
Deelen erwënscht!
Tel.: 621 148 226 oder 26 66 08 71