15/05/2025
Déi Schéimerecher sinn am Trauer - am Alter vu 67 Joer ass de Manou Scheitler gestuerwen - ee vun de Grënnungsmemberen a Comitésmember vum Veräin, deen awer säin éischten Optrëtt schonn 1985 am Theaterstéck „De siwente Bouf“ hat an duerno och ëmmer an der Kabaretsekipp vum FC Kielen derbäi war.
De Manou huet dacks de Spagat tëscht Fussballstraining a Prouf gemaach, mee sech ëmmer engagéiert. Onvergiess bleiwen e puer vu sengen Optrëtter: als Garçon mam „Johnny-Whisky“, als Wëssenschaftler mam "Koukatt", als Schläipi oder als Kommissar Weyland bei de Krimi-Dinneren. Besonnesch do bleiwen seng Sätz an Erënnerung: „Police grand-ducale! Kee verléisst de Raum! Wie wibbelt gëtt erschoss!“
Och op Schéimerech am Open-Air Theater war hie bei ville Produktiounen derbäi - seng léifste Roll war awer um Enn déi beim Catering. De Manou war e Kach aus Leidenschaft an et war sécher, mat him war ëmmer derfir gesuergt, datt keen aus der Ekipp a keen aus dem Publikum hongreg heem gaangen ass. An de laange Wochen op Schéimerech huet hien all Owend eng aner Spezialitéit op d’Tellere gezaubert.
Eng leschte Kéier stoung hien nach 2019 an der Produktioun „De Gëllene Fochs“ op der Bün - och do nees an der Parade-Roll vum „pensionéierte Policekommissär Georges Weyland“. An och do sot de Manou „Kee verléisst de Raum!“
Elo hues du e verlooss, Manou! An dat mécht eis immens traureg. Mir wäerten dech ëmmer vermëssen an dech ni vergiessen. E besonnesche Gedanke geet natierlech un d’Nadine - dat genau wéi s du - ëmmer mat Engagement fir eise Veräin do ass.
Maach et gutt, Manou!! Mir wäerten nach vill an dacks vun dir schwätzen a bestëmmt laachs de dann heemlech mat!