LSM - Lëtzebuerger Studenten zu München

LSM - Lëtzebuerger Studenten zu München Op dëser Säit fannt dir flott Réckblécker a Fotoe vun den aktuellen a vergaangenen LSM Aktivitéiten

Réckbléck IntercercleIwwert dat ganzt Joer verdeelt waren eng gutt Rëtsch LSMler op deenen ënnerschiddlechsten Intercerc...
19/06/2026

Réckbléck Intercercle
Iwwert dat ganzt Joer verdeelt waren eng gutt Rëtsch LSMler op deenen ënnerschiddlechsten Intercercle vertrueden an hunn nei Erënnerunge gesammelt.🧑‍🤝‍🧑

Gestart huet d’Saison 2025/2026 op der REEL zu Stroossbuerg, dem Trounwiessel, dem Caférally an dem Kölle Alaf. Zu Stroossbuerg ass eng gutt Tarte flambée giess ginn an zu Zürech um Clear the bottles hu mir keng Fläsche voll gelooss. 🍾

Donieft hunn eng Partie LSMler um Friblëtz Skiweekend, op der Route du vin, um Lët’z go Wü an um Saufest zu Wien deelgeholl.
E grousse Merci un all déi verschidde Cercle fir d’organiséiere vun dësen onvergiesslechen Eventer !💙

Réckbléck Beerpong TournoiDen 13. Juni hunn 19 Zweeër-Teams bei de Pinakotheken ëm de grousse Gewënn gekämpft. Bei gudde...
17/06/2026

Réckbléck Beerpong Tournoi
Den 13. Juni hunn 19 Zweeër-Teams bei de Pinakotheken ëm de grousse Gewënn gekämpft. Bei guddem Wieder awer enger Portioun Wand konnten si hiert Kënnen ënner Beweis stellen.🌬️ Mat enormer Konzentratioun an dem richtege Fangerspëtzegefill konnt sech schlussendlech d’Ekipp “Mir si just hei fir d’Gedrénks” déi éischte Plaz ergatteren. Bravo u si!🏆

Réckbléck DafDe 06.06. war et fir 17 blo Kindle souwäit: no hirer erfollegräicher Stee stoung d’Daf virun der Dier.Natie...
17/06/2026

Réckbléck Daf
De 06.06. war et fir 17 blo Kindle souwäit: no hirer erfollegräicher Stee stoung d’Daf virun der Dier.

Natierlech heescht et: Wat op der Daf geschitt, bleift op der Daf! Mir verroden also och näischt zum weidere Programm vun deem Samsden.🤫

Op dëser Plaz da just nach e grousse Merci un den Dafcomité fir d’organiséiere vun deem onvergiesslechen Dag!💙🤍

Réckbléck SummerfräibéierDen 29. Mee hunn eng 55 Béier a Wäi Liibhaber sech am “Sommerquartier” getraff fir zesummen en ...
15/06/2026

Réckbléck Summerfräibéier
Den 29. Mee hunn eng 55 Béier a Wäi Liibhaber sech am “Sommerquartier” getraff fir zesummen en Owend a gudder Gesellschaft ze verbréngen.👯‍♂️ 6 Stonne laang (vun 21h-03h) hu mir gedanzt, gelaacht a gepotert.🍻🍷

Réckbléck Summerrees op LjubljanaZdravo! 4 Deeg laang, vum 14.05-17.05.26, hunn 25 LSMler d’sloweenesch Haaptstad entdec...
02/06/2026

Réckbléck Summerrees op Ljubljana
Zdravo! 4 Deeg laang, vum 14.05-17.05.26, hunn 25 LSMler d’sloweenesch Haaptstad entdecken dierfen. 🇸🇮

Depart war donneschdes moies um 8h00 um ZOB zu München. No 6 Stonne Faart mam Flixbus si mir zu Ljubljana ukomm. 🚌 Mir hunn eis Wallis an den Hostel gedroen, eis Zëmmer bezunn, an dono ass et direkt weidergaange mat enger (iwwerdaachter) Bootstour um Ljubljancia. Trotz villem Reen huet et eis net ofgehalen owes nach eng ganz Partie ënnerschiddlech Baren z’entdecken.☔

Freides hu mir de Marco kenneléieren dierfen, hie war eise Guide vum Moien an huet eis déi flottsten Ecker a Butteker vun der klenger Stad gewisen. Nom Mëttegiessen si mir sportlech ginn an hunn an der Lasergamehal alles ginn. Plätschnaass, a mol eng Kéier net wéinst dem Reen, si mir nees bis an den Hostel gefuer, hu geduscht an eis prett gemaach fir eis an der Pizzeria virum Pubcrawl nach gutt ze stäerken.🍕

Den 3. Dag vun eiser Rees, konnte mir de Prabbeli endlech méi oft op der Säit loossen. Moies fréi war eng grouss Partie vun eis (déi déi aus dem Bett komm sinn) Aaxt schéissen. Am Mëtte stoung dunn e Wäintasting um Programm. 7 sloweenesch Wäiner hu mir eis op der Zong zergoe gelooss, den een oder aneren huet gemunkelt, si hätten all liicht botteresch geschmaacht.🍷 Dono hu mir de Mo mat traditionellem sloweeneschen Iesse gestäerkt an et huet eis nees a sëlleg Baren a Clubbe verschloen. 🕺

Sonndes ware moies déi ganz motivéiert ënnert eis en Tour lafen. Dunn hu mir all zesummen am ‘Le petit café’ gebruncht, ier dass mir eis Wallis nees gepaakt an eis op de Wee bei de Bus gemaach hunn. Pünktlech fir 20h55 ware mir nees an eiser Heemecht zu München ukomm. 🧳

No dësen onvergiesslechen Deeg, déi mir fir ëmmer an Erënnerung halen, freeë mir eis schonn op déi nächst Summerrees, egal wou et eis sollt hi verschloen!💙🗺️

Réckbléck FrühlingsfestDe 24. Abrëll ware mir um Frühlingsfest gutt vertrueden. Moies um 9h30 hu mir eis virum Zelt „Fes...
29/04/2026

Réckbléck Frühlingsfest
De 24. Abrëll ware mir um Frühlingsfest gutt vertrueden. Moies um 9h30 hu mir eis virum Zelt „Festhalle Bayernland „ getraff fir e puer Dëscher ze ergatteren. ⛺🍺

De Béier huet nees grandios geschmaacht a bis zum Schluss fir flott Stëmmung gesuergt. Bei gudder Musek, lëschteger Gesellschaft a ville Maß Béier konnte mir e schéinen Dag matenee verbréngen.💙

Réckbléck 25. AnniversaireDëst Joer ass e ganzt besonnescht fir eise Veräin: Den LSM feiert 25 an de Münchner Bal 30 Joe...
23/04/2026

Réckbléck 25. Anniversaire
Dëst Joer ass e ganzt besonnescht fir eise Veräin: Den LSM feiert 25 an de Münchner Bal 30 Joer! 🎂Fir all Guddes ze wënschen, hunn sech den 03.04. eng 100 Honnert LSMler an Ancienen getraff an op d’Ufanksjore vum Veräin zeréckgebléckt. Bei leckerem Iessen, gudder Gesellschaft an amüsanten Anekdoten ass deen Owend nëmme sou verflunn.

Mir soe jidderengem Merci, deen sech den Owend Zäit geholl huet fir eng Zäitrees duerch d’Geschicht vum LSM ze maachen.💙

Réckbléck Student fir 1 DagDen 31. Mäerz si 6 Schüler aus dem Lycée eis am Kader vum Student fir een Dag op München...
22/04/2026

Réckbléck Student fir 1 Dag
Den 31. Mäerz si 6 Schüler aus dem Lycée eis am Kader vum Student fir een Dag op München besiche komm.
Den éischten Treffpunkt war d’Universität. Do krut all Schüler eng Mëtsch a gouf domadder zu München begréisst. Wéi üblech stoungen dunn d’Visite vun der TUM an der LMU um Programm.

An engem Hörsall an der TUM konnte mir de Schüler den LSM virstellen an d’Studenteliewe bësse méi nobréngen, ausserdeem kruten si d’Unien an déi verschidde Studiegäng, déi si interesséiere presentéiert. No enger weiderer Präsentatioun vun der ACEL, hu mir eis direkt op de Wee bei d’Mëttegiesse konnte maachen. Am Steinheil 16 konnten d’Schüler een Deel vun der bayrescher Kultur kenneléieren, mat Schnitzel, Kasespätzle a co.

Nom Mëttegiessen, hu mir eis op de Wee fir op Garching bei de Forschungszentrum vun der TUM gemaach. Hei konnten d’Schüler hire villäicht zukünftege Campus gesinn an nach eng Kéier all déi Froe stellen, déi hinnen um Häerz loungen.

Zum Ofschloss hu mir nach ee klengen Tour duerch den Englesche Gaart gemaach an op den erfollegräichen Dag geprost. 

Mir hoffen den een oder aneren am Oktober oder deenen nächste Joren zu München begréissen ze kënnen.

Dobäi wëlle mir der ACEL nach eng Kéier Merci soe fir déi gutt Organisatioun an Zesummenaarbecht.💙🧡

Réckbléck StarkbierfestBei beschter Musek hunn 30 LSMler den 20.03. um Paulaner Nockherberg d’Béierbänken zum wackele br...
20/04/2026

Réckbléck Starkbierfest
Bei beschter Musek hunn 30 LSMler den 20.03. um Paulaner Nockherberg d’Béierbänken zum wackele bruecht. 🕺Fir jiddereen, deen d’Fest sollt verpasst hunn, oder Loscht op méi Party-Stëmmung huet: Kommt den 24.04 mat eis op d’Frühlingsfest!💙

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LSM - Lëtzebuerger Studenten zu München publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à LSM - Lëtzebuerger Studenten zu München:

Raccourcis

Partager