16/11/2024
Kommt dëse Weekend op dem Stand vun de Cahiers luxembourgeois op de Walfer Bicherdeeg laanscht (Hal 2), informéiert Iech iwwert eis Abonnementer an entdeckt eist neit Heft 2024-3, wat Der sur place kafe kënnt.
Nieft den zwee Texter vun der Walfer Residenz (vun Ulrike Bail („summer memories. walferdange“) a Jeff Schinker („Wanderlust“)), fannt Dir an der Nummer 2024-3 nach e Virwuert vum Marc Limpach, e franséische Prosatext vum Olga Ioannidou („Au Zoo“) a Gedichter op Däitsch vun der Schauspillerin Marie Jung („Dann ruh mit mir“). Kuerzgeschichte liwweren, op Däitsch, de Francis Kirps („Die Wölbung“) an, op Englesch, de Cosimo Suglia („Finders_Keepers“) an d’Florence Sunnen („Godmouth“). Dem Blandine Landau säi Bäitrag « À la recherche des juifs spoliés : pillages et « aryanisation » au Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale » ass en extensive Résumé vun hierer Dokterthees, déi e wichtegen Deelbäitrag zu deem däischtere Kapitel vun eiser rezenter Geschicht liwwert. D’Illustratiounen am Heft 2024-3 si vum Hsuan-Chih Lee.
D’Walfer Residenz Ulrike Bail summer memories. walferdange Jeff Schinker Wanderlust — Olga Ioannidou Au Zoo Marie Jung Dann ruh mit mir Francis Kirps Die Wölbung Cosimo Suglia Finders_Keepers Florence Sunnen Godmouth — Blandine Landau À la recherche des juifs spoliés : pillages et « aryani...