Lëtzebuerger Guiden a Scouten Déifferdeng

Lëtzebuerger Guiden a Scouten Déifferdeng Offiziell Facebook Säit vum LGS Grupp Ste. Barbe Déifferdeng

🇱🇺 Rentrée bei den Déifferdenger Guiden a Scouten!🎉 Eis Carapio & Raro hunn haut direkt kreativ ugefaangen an "Vision Bo...
19/09/2026

🇱🇺 Rentrée bei den Déifferdenger Guiden a Scouten!🎉 Eis Carapio & Raro hunn haut direkt kreativ ugefaangen an "Vision Boards" gebastelt ✂️ Wat wëlle si dëst Joer alles erliewen?
🇫🇷 C’est la rentrée chez les Déifferdenger Guiden a Scouten ! 🎉 Nos Carapio & Raro ont commencé la nouvelle année de manière créative en réalisant leurs "Vision Boards ✂️ Qu’est-ce qu’ils souhaitent vivre et découvrir cette année?

30/05/2026
❗️ Leider musse mir eis Theatervirstellung vun haut ofsoen, well een vun eisen Akteuren krank ass. Mir soen Iech villmol...
22/03/2026

❗️ Leider musse mir eis Theatervirstellung vun haut ofsoen, well een vun eisen Akteuren krank ass. Mir soen Iech villmols Merci fir Äert Versteesdemech.

Nächst Woch stinn mir awer nach zweemol fir Iech op der Bün:

• Samschdes, den 28. Mäerz um 20:00
• Sonndes, den 29. Mäerz um 18:00

🎟️ Plazen kënnt dir per Telefon (621 271 917) oder online reservéieren: https://deifferdeng.lgs.lu/theater-2026/

Hues du nach näischt vir muer? Dann ass dat deng Chance fir e flotten Owend voller Spaass ze erliewen 🎭 Kommt laanscht a...
20/03/2026

Hues du nach näischt vir muer? Dann ass dat deng Chance fir e flotten Owend voller Spaass ze erliewen 🎭 Kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Theaterekipp, déi säit Januar am Asaz ass 💪

🗓️ Datum: 21. Mäerz | 22. Mäerz | 28. Mäerz | 29. Mäerz
📍 Plaz: Lasauvage

🎟️ Et sinn nach Plazen fräi – also maacht iech bäi! https://deifferdeng.lgs.lu/theater-2026/
oder per Telefon 📞 621 271 917

🎭 Theater 2026 - reservéiert elo är Plazen! 🎟️ Ticketen: https://deifferdeng.lgs.lu/theater-2026/🗓️ Datum: 21. Mäerz | 2...
26/02/2026

🎭 Theater 2026 - reservéiert elo är Plazen!
🎟️ Ticketen: https://deifferdeng.lgs.lu/theater-2026/
🗓️ Datum: 21. Mäerz | 22. Mäerz | 28. Mäerz | 29. Mäerz
📍 Plaz: Lasauvage

Virun engem Joer ass den David Summer, e räichen Architekt, spuerlos verschwonnen. Alles deit drop hin, datt hie mat sengem Auto op enger Biergstrooss verongléckt ass. Seng Fra schéngt sech séier mat hirem neie Liewen offonnt ze hunn, wärend seng Schwëster nach ëmmer un e Wonner gleeft. Op sengem Doudesdag gëtt säin Auto um Buedem vun engem Séi fonnt – awer ouni Läich. Gläichzäiteg tauchen op eemol Rumeuren op, datt den David nach lieft. Wéi hien sech da souguer selwer ukënnegt, geréit d’Famill an Opreegung.

🇱🇺 Déifferdenger Guiden a Scouten invitéieren häerzlechst op hiert traditionellt Buergbrennen um Metzkimmert zu Déifferd...
11/02/2026

🇱🇺 Déifferdenger Guiden a Scouten invitéieren häerzlechst op hiert traditionellt Buergbrennen um Metzkimmert zu Déifferdeng. Iessen a Gedrénks gëtt et ab 20h00. Méi Infoen op: https://deifferdeng.lgs.lu/buergbrennen/

🇫🇷 Les Guides et Scoutes de Differdange vous invitent à leur fête des brandons traditionnelle au Metzkimmert à Differdange.
La grillade et les boissons sont servis à partir de 20h00. Plus d'infos: https://deifferdeng.lgs.lu/fr/buergbrennen-fr/

🇱🇺 Kéis, Speck, Gromperen an eng gutt Gesellschaft - alles dat a Méih  fannt dir op eisem traditionellen Raclette Owend ...
15/01/2026

🇱🇺 Kéis, Speck, Gromperen an eng gutt Gesellschaft - alles dat a Méih fannt dir op eisem traditionellen Raclette Owend zu Nidderkuer am Home St. Joseph 🧀 🍷

Fir eis d'Organisatioun ze erliichteren, reservéiert dir är Plazen am beschten sou fréi wéi méiglech: deifferdeng.lgs.lu

🇫🇷 Fromage, lard, pommes de terre et une bonne compagnie – tout cela, vous le trouverez lors de notre soirée raclette traditionnelle à Niederkorn, au Home St. Joseph 🧀🍷

Afin de nous faciliter l’organisation, nous vous prions de réserver vos places le plus tôt possible : deifferdeng.lgs.lu

Lëtzebuerger Guiden a Scoute Déifferdeng wënsche Jidderengem eng schéi Chrëschtzäit a vill flott Momenter an der Famill ...
24/12/2025

Lëtzebuerger Guiden a Scoute Déifferdeng wënsche Jidderengem eng schéi Chrëschtzäit a vill flott Momenter an der Famill an ënnert Frënn 💫🎄

Mir soen jidderengem e ganz grousse Merci, deen eis dëst Joer mam Kaf vun engem Adventskranz, engem Dierkranz oder enger...
01/12/2025

Mir soen jidderengem e ganz grousse Merci, deen eis dëst Joer mam Kaf vun engem Adventskranz, engem Dierkranz oder enger Dekoratioun ënnerstëtzt huet! Méi wéi 160 Kränz goufen dëst Joer an eisem Chalet zu Hondsbësch mat vill Häerz a Léift dekoréiert – an et freet eis, datt se all eng schéi Plaz bei iech doheem fonnt hunn.

Ouni eis Muermeldéier, eis engagéiert Adventsekipp, wieren dës Zuelen net méiglech gewiescht. Mir si wierklech dankbar, datt mir all Joer op hiren Asaz ziele kënnen.

E grousse Merci geet och un eis Avex, Carapio a Raro, déi ewéi all Joer beim Plënneren vum Material, beim Schneide vum Gréngs an och beim Ausliwweren hëllefen.

🇱🇺 Eisen Adventsshop ass online ⚜️ hei eng kleng Auswiel vun eise Modeller - all eis Artikele fannt dir an eisem Shop🇫🇷 ...
12/11/2025

🇱🇺 Eisen Adventsshop ass online ⚜️ hei eng kleng Auswiel vun eise Modeller - all eis Artikele fannt dir an eisem Shop
🇫🇷 Notre boutique de l’Avent est en ligne ⚜️ Voici un petit aperçu de nos modèles – vous pouvez découvrir tous nos articles dans notre boutique

👉 shop.deifferdeng.lgs.lu

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lëtzebuerger Guiden a Scouten Déifferdeng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Lëtzebuerger Guiden a Scouten Déifferdeng:

Raccourcis

Partager