Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Schifflange

Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Schifflange Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Schifflange, Organisation à but non lucratif, Luxembourg.

Dachverband vun de Schëfflenger Klibb an Associatiounen
All Arbechte si bénévole an onentgeltlech

Schéckt eis d'Affiche vun ären Eventer a mär deele se op eisem Site!

Gëschter ass un de Generalstreik vum 31. August 1942 erënnert ginn. Mär hu wéi all Joer stellvertriedend fir d'Schëfflen...
01/09/2026

Gëschter ass un de Generalstreik vum 31. August 1942 erënnert ginn. Mär hu wéi all Joer stellvertriedend fir d'Schëfflenger Veräiner eng G***e néiergeluet.

20/08/2026
Leschte Samschde woaren den Yves (och a senger Funktioun als Schäffen), d'Sarah an de Sam bei de Finalle vun den Telkea ...
06/08/2026

Leschte Samschde woaren den Yves (och a senger Funktioun als Schäffen), d'Sarah an de Sam bei de Finalle vun den Telkea Open, organiséiert vum TCS - Tennis Club Schifflange. Mär gratuléieren all de Spiller fir hir Resultater a soe Merci fir de léiwen an häerzlechen Empfang, dee mär kruten.
Mär freeën eis schonn op déi nächst Editioun a wënschen dem TCS alles Guddes fir déi nei Saison 👏🏻☺️.

Mär gratuléieren eisem Memberveräin, dem EPF Schëffleng, fir seng fantastesch Resultater um European Peoples’ Festival 2...
03/08/2026

Mär gratuléieren eisem Memberveräin, dem EPF Schëffleng, fir seng fantastesch Resultater um European Peoples’ Festival 2026 zu Bad Segeberg an Norddäitschland. Zum Schluss vun enger spannender Woch voller Action, Spaass a Freed kënne sech d’Schëfflenger iwwert déi zweet Plaz am Gesamtclassement freeën. Mee net nëmmen hir Resultater kënne sech blécke lossen – si sinn och déi Éischt ginn an der Fair-Play-Wäertung! 👏🏻

Mär sinn houfreg dorobber, dass si Schëffleng esou gutt vertrueden hunn a wënschen hinnen alles Guddes fir déi nächst Editioun 2027. ☺️

Mär wënsche jidderengem eng schéin an erhuelsam Summervakanz - mär gesinn eis geschwënn op enger vun eisen Aktivitéiten ...
15/07/2026

Mär wënsche jidderengem eng schéin an erhuelsam Summervakanz - mär gesinn eis geschwënn op enger vun eisen Aktivitéiten erëm ☺️.

Haut de Moien hunn eise Präsident an eis Vizepräsidentin am Kader vum "Dag an der Natur" vun der Gemeng Schëffleng de Le...
04/07/2026

Haut de Moien hunn eise Präsident an eis Vizepräsidentin am Kader vum "Dag an der Natur" vun der Gemeng Schëffleng de Leit erkläert, wisou mär am Joer 2022 en halwen Hektar Beem blo gefierft haten - eng flott Initiativ, déi weist, wéi wichteg Ëmweltschutz ass ☀️.

De Schëfflenger Syndicat wënscht senge Memberen, Annonceuren, Veräiner a Sympathisanten e schéinen Nationalfeierdag 🌞.
22/06/2026

De Schëfflenger Syndicat wënscht senge Memberen, Annonceuren, Veräiner a Sympathisanten e schéinen Nationalfeierdag 🌞.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Schifflange publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager