01/10/2026
🎙️Zeltgepëspers #18 - eng nei Episode ass do!
An der Folleg vum Oktober héiert dir Andréck vum Wise Festival zu Eschduerf🎸🎶 a vum Kongress/Chefdag um Lampertsbierg⚜️
Den 12. September ware mir um Wise Festival, dee vun den Eschduerfer Scouten organiséiert war. Vun 12 Auer Mëttes bis 1 Auer an der Nuecht ware mir op der Plaz an hunn déi wonnerbar Stëmmung mam Mikro fir iech agefaangen.
Um Kongress an um Chefdag, den 20. September um Lampertsbierg am Tramsschapp, bei deenen dat neit Scoutsjoer lancéiert gouf si mir net nëmmen der enger oder anerer politescher Prominenz begéint, mee mir hunn och mat villen engagéierten Cheftaienen a Chef geschwat🎤
Lauschtert elo eran, op Spotify oder Apple Podcasts a gitt duerch ee spannende September gefouert!